Luc Frieden au sujet des aides octroyées au Portugal et de la situation financière de la Grèce

Frank Goetz: Här Frieden, definitiv gréng Lut hunn also haut déi 27 EU Finanzministeren zu Portugal ginn. 78 Milliarden Euro – dat si ganz vill Suen. Wou kommen déi nach eng Kéier elo genee hier?

Luc Frieden: Dat si ganz vill Suen, dofir ass dat och eng laang a schwiereg Diskussioun gewiescht. Well et ass net esou, datt mir do einfach Prêten accordéieren an da fuere mir weider.

Mir hu gesot, et ass e Prêt. Déi Sue kommen zu 1 Drëttel vun dem Internationale Währungsfong an zu 2 Drëttel aus zwee europäesche Rettungsprogrammer: een Drëttel europäesche Budget, een Drëttel vun deem Rettungsschierm. Dat heescht, et komme keng Suen, déi direkt aus den nationale Budgete lafen.

Bei Griichenland hu mir e bilaterale Prêt gemaach. Am Fall vu Portugal huele mir d'Suen aus deem europäeschen Dëppen. An do huet Lëtzebuerg, esou wéi all déi aner Länner, just eng Garantie ginn. Dat heescht, dat Dëppen, dee Rettungsfong, dee geet Sue léinen op d'Marchéën an dee léint déi weider u Portugal.

Et kascht also de Lëtzebuerger Steierzueler näischt.

Mä et sinn awer ganz vill Suen, vill Sue fir Europa, vill Sue fir Portugal, déi et och muss zréckbezuelen. An, ech mengen dat war wichteg fir eis, dat war wichteg fir déi aner Kollegen, et kritt een net einfach Sue geléint. Do si ganz strikt Conditiounen domat verbonnen, a Portugal muss eng enorm Zomm aspueren, duerch Depensë reduzéieren an duerch eng Rei Steieren erhéijen. Dat gëtt e ganz schwéiere Wee fir Portugal an den nächsten 2 Joer.

Frank Goetz: Zu Griichenland: do geet Rieds vun esou enger "doucer Ëmschëldung?".

Wann een elo als normale Bierger e Prêt mécht an iergendwéi geet et net méi duer, dann huet een d'Méiglechkeet an der Durée eropzegoen, mä da bezilt een natierlech och méi Zënsen. Elo bei Griichenland ass dat bei der Durée vläicht esou, mä si géife manner Zënse bezuelen. Kann een dat esou graff resuméieren?

Luc Frieden: Et ass e bësse méi komplizéiert. Et muss ee fir d'éischt emol kucken, firwat gi mir deenen 3 Länner – Portugal, Irland, Griichenland – déi Prêten. Wa mir se net ginn, da ginn déi Länner faillite, mat enorme Konsequenze fir déi Leit déi an deene Länner sinn, an awer och fir all déi déi hinne Sue geléint hunn. An dat si mir erëm, eis Banken, awer och eis Länner, déi sech an deene Länner do engagéiert hunn.

Also stellt sech d'Fro, d'Alternativ ass keng Alternativ. Well do kéim e Schnéiballeffekt.

Wann op eemol e Land net méi ka rembourséiere si mir an enger Situatioun wéi deemools 2008 mat Lehmann Brothers, wou gesot ginn ass, wann dee faillite geet, kënnen och anerer faillite goen.

Also soe mir, mir léinen.

Griichenland ass amgaange säin Defizit ze reduzéieren, mä mir mengen, datt si net zu deem Resultat komme wat si versprach hunn. An dofir hu mir gesot, ier mir driwwer diskutéieren, ob si méi laang Prête kréien, musse si elo ëmol selwer nach méi Effortë maachen. Dat heescht héchstwahrscheinlech en zousätzleche Spuerprogramm.

Si hu relativ vill Firmen déi a Staatsbesëtz sinn. Et ass e Land wat am Fong wéi an Osteuropa opgebaut war, wou Telefonsfirmen, Energiefirmen, Fluchhäfen, Häfen, alles dat gehéiert dem Staat. A mir soen, ier mir weider léine musse si dat do verkafen, domat kréie si Suen eran a kënnen hir Schold bezuelen, respektiv sech finanzéieren.

Frank Goetz: Wann ech Iech elo richteg verstanen hunn, da géif dann esou en zweeten Hëllefspak virdru kommen, ier een un esou eng Ëmschëldung géif denken.

Luc Frieden: Neen, et geet der Rei no.

Dat éischt ass, si musse mat zousätzleche Spuermoossname kommen. An d'Privatiséiere muss acceleréiert ginn. Da muss een driwwer diskutéieren, ob een net d'Längt vun dem Remboursement verlängert, esou wéi och en normale Bierger, deen op eng Bank geet an dee Schwieregkeeten huet.

Den Zënsfouss, Dir hutt en ugeschnidden, et bleiwen ëmmer Zënsen déi méi deier si wéi déi Länner déi sech, wéi mir, finanzéieren, déi eng niddereg Staatsschold hunn. Mä et muss een och kucken, datt een déi net zerquetscht duerch eng ze vill héich Zënslaascht. Do ass et also e wichtegen Equiliber ze maachen. Mä och mir gi jo déi Sue léinen. An et muss ëmmer nach eng gewëssen zousätzlech Zënslaascht bezuelt ginn.

Frank Goetz: Mä manner Zënse géife jo trotzdem awer och Milliardeverloschter bedeiten. Ass dat zoumuttbar fir d'Banken, fir Assurancen, all déi déi do Suen dranhänken hunn?

Luc Frieden: Déi Sue si jo déi, déi déi europäesch Instrumenter oder bilateral Staate geléint hunn. Ech soen nach eng Kéier, mir hu Griichenland och 200 Millioune geléint.

Frank Goetz: Déi hätte mir gär eng Kéier erëm.

Luc Frieden: Mir hätte gär déi Suen erëm, mir mussen déi Suen och erëmkréien. Well wa mir se net erëmkréien, kritt kee se erëm an dann ass Griichenland an der Faillite mat alle Konsequenzen.

Mä den Zënsfouss, et kann een ëmmer driwwer diskutéieren, wéi héich deen Zënsfouss muss sinn. Mä en ass ëmmer méi héich wéi déi Suen déi mir léine ginn.

Restrukturéierung heescht, datt si hir Staatsschold net kéinte ganz rembourséieren. Ech mengen, datt dat wierklech eppes muss sinn, wat an allerleschter Instanz eréischt ka konsideréiert ginn. Well och do sinn d'Konsequenze ganz dramatesch, well dat géing heeschen, datt d'Leit géinge mengen, och aner Länner kéinte vläicht net zréckbezuelen. An domat kéinten d'Zënsen op de Staatsobligatiounen an Europa generell méi héich ginn. Dat heescht, d'Zënsen déi d'Staaten zréckbezuele géinge méi héich ginn.

Dat Ganzt, mir musse wëssen, mir wunnen an Europa an enger Währungszon, mir gehéieren all zesummen. Et si keng Kaddoen déi mir deene Länner maachen. Déi Länner musse wëssen, datt mir all zesummen an engem Boot sëtzen, mä och mir musse wëssen, datt mir an engem Boot sëtzen.

Europa ass gemaach ginn, fir datt mir ee grousse Bannemaart hunn, mat enger Rei vun Implikatiounen. An dofir musse mir eis och bei der Budgetspolitik an Zukunft méi gemeinsam un déi selwecht Regelen halen. Soss fonctionnéiert dee Club net, an deem mir gär sinn, wéinst dem Fridden an der Prosperitéit.

Frank Goetz: A propos Regelen, dat do si jo Reaktiounen – wéini zitt een elo d'Léieren aus deem Ganzen? Wéini ginn déi spekulativ Finanzgeschäfter méi schaarf geregelt?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat hei näischt mat spekulative Finanzgeschäfter ze doen huet. Déi hu vläicht verschidde Saachen amplifiéiert, verschlëmmert, mä de Feeler ass geschitt an enger Rei vu Länner, déi a gudden Zäiten net d'Suen op d'Säit gesat hunn, fir a schlechten Zäite kënnen Konjunkturprogrammer ze finanzéieren.

Déi Länner do hu massiv strukturell Problemer. Portugal, Griichenland hu vill Sue geléint fir op Pomp ze liewen. Et geet elo drëms ze kucken, datt an Zukunft esou eppes net méi ka geschéien. An dofir brauch een e sece Stabilitéitspakt, dee vu jiddwerengem applizéiert gëtt.

An dofir hu mir haut nach eng Kéier insistéiert am Finanzminister-Conseil, datt dee präventiven Aarm, mat strenge Sanktiounen, datt deen an Zukunft spillt. Deen huet an der Vergaangenheet net ëmmer gespillt.

A wéi gesot, och d'Strukturproblemer vu Portugal a vu Griichenland, fir datt déi Wirtschaft kann Aarbechtsplaze schafen – deen ass absolut negligéiert ginn an deene leschte Joeren. An dee gehéiert zu deene Reformen, déi virun allem Portugal a Griichenland elo musse maachen.

Frank Goetz: Här Frieden, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour