Luc Frieden au sujet du dépôt du projet de budget de l'Etat pour l'exercice 2011

Mariette Zenners: Dir bleift jo am Fong Ärer Linn trei fir ze soen, mir sinn nach net iwwer de Bierg, et muss viru gespuert ginn, oder vill méi, den Defizit muss viru reduzéiert ginn.
Maacht Dir do eng aner Rechnung wéi verschidde Gewerkschaften déi soen, et ass guer net esou schlëmm wéi et duergestallt gëtt?

Luc Frieden: Mech impressionéiert en Defizit vun 1,4 Milliarden. Mir ginn also pro Joer méi Suen aus wéi mir erakréien. Dat kënne mir zum Deel finanzéieren nach mat Suen déi mir a gudde Joeren op d’Säit geluecht hunn, mä et kann ee jo net nëmmen dat Kuerzfristegt kucken.
Eng Rei vun deenen déi kritiséiere wat mir maache kucke just dat Kuerzfristegst. Ech hätt gär, datt mir laangfristeg gesond Staatsfinanzen hunn déi d’Garantie sinn, datt mir net mussen d’Steieren ze vill erhéijen an dat och d’Garantie ass, datt zu Lëtzebuerg nach Aarbechtsplaze geschafe ginn. An dofir mengen ech, ass spueren oder Defizit reduzéieren net eppes wat mir maache fir d’Leit rosen ze maachen, mä well mir domat d’Zukunft vum Land preparéieren. Do gëtt et leider kee Wee dolaanscht, och wann een anescht ka méi populär sinn an de Leit besser gefalen.

Mariette Zenners: D’Leit dobausse maache sech eben och laangfristeg Suergen. Wéi mir annoncéiert hunn, datt Dir géift den Owend an de Studio kommen, krute mir vill Reaktiounen eragemailt. Vu ville Leit kommen ëmmer déi selwecht Reprochen: et sinn déi Kleng déi musse berappen obwuel déi Déck eis an d’Kris gefouert hunn; et ginn nach ëmmer onnéideg Suen a Projetë wéi Militärfliger oder och d’Kierche gestach. An eng aner Fro déi mir erakruten dréit ronderëm d’Fonctionnementskäschte beim Staat. Hätten déi net nach méi kënne reduzéiert ginn oder och schonn éischter fir dëst Jor?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir do en zollitte Reduktiounseffort gemaach hunn. D’Fonctionnementskäschte beim Staat ginn d’nächst Joer ëm 3,7% erof. Normalerweis klammen déi an engem Budget ëm 4 – 5 %. D’Fonctionnementskäschte vum Staat sinn och Suen déi mir an d’Ekonomie gi wa mir Pabeier a Bice kaafe ginn, wa mir reesen, wa mir Saache kaafe fir de Fonctionnement vum Staat.

Mariette Zenners: Déi Gréng komme jo ëmmer mam Beispill vun der Stad Lëtzebuerg, dat si soen, do krute mir vill agespuert, et hätt een nach kënne vill méi trotzdem aspueren, och wann déi Suen dann net méi an d’Ekonomie ginn.

Luc Frieden: Generell ginn d’Depensen d’nächst Joer nëmmen 1,9% erop, a wann ech d’Inflatioun erausrechnen ëm 1%.
Dat mussen Anerer emol nach nomaachen. Och am internationale Vergläich ass dat ganz gutt.
Et muss ee spueren, et kann een net alles ausginn, et muss een och nach kucken, datt de Staat herno fonctionnéiert. Dofir mengen ech, hu mir do eppes gemaach wat gutt ass, mä d’Schwieregkeet wäert och ginn dat déi nächst Joere virunzeféieren. Ech soen et nach eng Kéier, mir hunn en Defizit, deen ass Gottseidank manner grouss, mä mir mussen och kucken déi nächst Joeren deen Defizit weider ze reduzéieren. Dofir muss een och d’Fonctionnementskäschte vum Staat iwwer e puer Joere kucken. Verschiddener déi mir elo vläicht gestoppt hu kommen nächst Joer erëm an da muss een et nach eng Kéier kucken, ob ee se zwee Mol ka stoppen, wat net ëmmer geet, oder ob een anerer kann amplaz setzen, fir datt de Staat selwer net ze vill Sue brauch.

Dat ass ganz legitim, datt d’Leit dat verlaangen.

Ech erlabe mir awer nach dobäi ze soen, wann d’Leit soen, mir sinn déi eenzeg déi musse bäidroen, dann ass déi Argumentatioun net ganz richteg. De Staat liewt largement vun de Steieren déi vun de Betriber a virun allem vum Finanzsecteur bezuelt ginn. Dat si ronn 1 Milliard u Suen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: D’Leit gesinn dat natierlech duerch déi Moossname wéi bei de Familljenzoulagen oder och d’Solidaritéitssteier, d’Krisesteier; Saachen déi si spieren.

Luc Frieden: Selbstverständlech. Dat ass jo och e groussen Effort, mä wa mir deen Effort maachen, dee manner héich ass wéi deen an den Nopeschlänner; wa mir nach ëmmer bleiwen op enger Besteierung déi zu Lëtzebuerg méi niddereg ass wéi an den Nopeschlänner – Netto verdéngen d’Leit och no deene Moossname méi wéi an eisen 3 Nopeschlänner – wa mir do e klengen Effort all zesumme maachen, da packe mir et.

An dofir mengen ech, dëse Budget ass och e Budget wou mir feststellen, datt déi Effortë vun alle Leit kënnen dozou bäidroen, datt mir e bësse méi no kommen. Et bleift eng staark Sozialpolitik an
et bleift, datt Leit mat klengem Akommes och net vun deene Steiermoossname betraff sinn.

Mariette Zenners: Här Frieden, géif de Budget et net packe fir déi familljepolitesch Moossnamen, mir hate se virdrun ugeschwat, erëm réckgängeg ze maachen?

Luc Frieden: Neen, de Budget géing dat net packen. Ech gesinn och net, datt do d’Familljen extrem dat ze droe kréien. Mir ginn zum Beispill 1 Milliard aus fir d’Kannergeld. Mir steigeren d’Ausgabe fir d’Kannerbetreiung ëm 30% op 150 Milliounen, fir nëmmen déi 2 Beispiller ze huelen. Mir hunn en Defizit, an deen Defizit muss ee reduzéieren, an deen Defizit reduzéiere mir zu 2 Drëttel, contrairement zu deem wat elo grad gesot ginn ass, duerch Reduktioun vun den Depensen, 480 Milliounen, an zu 1 Drëttel (gëtt ënnerbrach)

Mariette Zenners: Dat heescht, d’Reproche vun der DP loosst Dir net gëllen, dat wier elo e Steierpak amplaz e Spuerpak?

Luc Frieden: Dat ass falsch, well mir eis ëmmer gewiert hunn, datt d’Steiere géinge fir d’Leit a fir d’Betriber substantiell eropgoen. Well dat ass wirtschaftlech schlecht an der längerfristeger Entwécklung.
230 Milliounen zousätzlech Recetten, dat hat Dir och an Ärem Reportage ganz am Ufank, 480 Millioune manner Depensë wéi wa mir d’Depensen einfach weider lafe gelooss hätten.
Fir de Finanzminister zielen och net déi eenzel Moossnamen en tant que tel. Wichteg ass, datt mir no Diskussioune kucken, wéi kréie mir den Defizit reduzéiert. Net well mir wëllen op e comptabelen Equiliber vun den (gëtt ënnerbrach).

Mariette Zenners: Allegemeng gouf och e bësse kritiséiert, datt et u Prioritéiten an dësem Budget feelt. Soss goufen d’Investissementer méi genee opgezielt. Sidd Dir do net esou an den Detail gaangen?

Luc Frieden: Ech konnt de Moien net all d’Chifferen nennen. Et si 622 Säiten an deem Budget. Et ass mir virun allem drop ukomm ze weisen, wou sinn eis Problemer, wat wier geschitt, wa mir net gespuert hätten?
Wa mir net gespuert hätten, hätte mir elo en Defizit dee wäitaus méi héich wier, nämlech iwwer 2 Milliarde beim Zentralstaat. Elo hu mir en Defizit vun 1,4 Milliarden, an dat ass d’Resultat vun deem Effort dee mir gemeinsam gemaach hunn. An do soen ech, deen Effort ass gutt, ma deen Effort geet net duer, an dee muss een iwwer déi nächst Joere weider maachen, sous réserve datt, wann et op eemol géing ganz gutt goen, da kann ee sécherlech iwwer verschidde Saachen nach eng Kéier nodenken. An dat maache mir jo och zum Beispill bei der Krisesteier.

Mariette Zenners: Datt Dir ze vill optimistesch sidd, kritt Dir jo eigentlech siele reprochéiert.

Luc Frieden: Dat ass richteg, normalerweis gëtt mir reprochéiert, datt ech ze vill virsiichteg d’Recetten asetzen. E Finanzminister soll generell virsiichteg sinn.

Ech stellen awer fest, datt de Statec seet, d’nächst Joer gëtt et eng Croissance vun 3%. Mir hunn natierlech am Joer 2009 e Réckgang gehat. Mir mussen also fir d’éischt eppes ophuelen. Ech hätt awer gär, datt een de Budget a senger laangfristeger Perspektiv kuckt.

A mengen Aë gëtt et mëttel- a laangfristeg keng Alternativ zu manner Defizit an zu spueren. Mëttel- a laangfristeg brauch een och Investitiounen. An dofir, an dat muss jo och grad dem Bau an dem Handwierk gefalen, hu mir d’Investitiounen op engem héijen Niveau gehalen. Mir ginn d’nächst Joer méi Suen aus wéi mir zum Beispill 2009 ausginn hunn a mir wäerten also och kucken, datt e ganze Koup Infrstrukture gebaut ginn. Dat ass net nëmme fir elo, ma och fir déi Leit déi an e puer Joer an eisem Land wunnen a schaffen.

Da muss een dat also a Kombinatioun gesinn. Doduerch erlaabe mir och de Betriber, weider déi Leit déi bei hinne schaffe beschäftegt ze halen, an dofir gi mir am Fong méi aus wéi 2009, wann et och manner ass wéi 2010 – ëmmerhin 13% vun de Gesamtausgabe vum Zentralstaat ginn an Investitiounen.

Ech mengen, dat wier en Investissement an d’Zukunft. An d’Zukunft ass eppes wat mir an där kuerzfristeger Streiderei net dierfe vergiessen. Kuerzfristeg op eppes verzichten, fir laangfristeg méi ze hunn.

Mariette Zenners: Méi an d’Investitioune goen, dat schéngt de Patronë jo awer net duer ze goen. Dir sidd de Gewerkschaften de leschte Freideg bei engen Accord am Fong entgéint komm a Saache Kilometerpauschal. Wéi wëllt Dir dann elo d’Patronen zefriddestellen, fir datt si deen Accord matdroen?

Luc Frieden: Éischtens emol ass eng Kompromëssléisung keng Idealléisung. An dofir muss een och alles gesi wat mir bis elo décidéiert hunn, ëmmer par rapport zu deem wat machbar ass am politesche Kontext an am soziale Kontext. Et ass d’Suerg vun der Regierung, de soziale Fridden an d’sozial Stabilitéit am Land ze hunn. Nodeems mir mat de Gewerkschaften [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir leet Iech léiwer mat de Patronen un, déi net kënne streiken, wéi mat de Gewerkschaften?

Luc Frieden: Neen, ech mengen, datt mir ganz vill responsabel Patronen hunn, an datt mir Betriber brauchen déi Aarbechtsplaze schafen a Betriber brauchen déi Steiere bezuelen. An dofir musse mir kucken, datt mir d’Ëmfeld och attraktiv fir d’Betriber halen, besonnesch fir déi Betriber déi ganz oft zu Lëtzebuerg a Konkurrenz mam Ausland stinn, soit well auslännesch Betriber heihinner schaffe kommen, soit well de Präis fixéiert gëtt op internationale Mäert. Dofir ass et de Wëlle vun der Regierung, op deene Pisten ze schaffen, déi d’Entreprisen eis an där Entrevue vum leschte Freideg dohinner geluecht hunn.

Mariette Zenners: Als Finanzminister, ass dann deen Accord a Saachen Index fir Iech laangfristeg tragbar, oder ass et esou wéi verschidden Oppositiounspolitiker soen, dat gëtt no de Gemengewahle souwisou nei verhandelt?

Luc Frieden: Ech si Member vun der Regierung, an ech droen déi Décisiounen déi d’Regierung geholl huet.

Ech stelle fest, an där Solutioun déi, ech soen et nach eng Kéier, keng Idealléisung ass, ma eng Kompromëssléisung, sinn 2 Facteuren dran, déi och mir als Finanzminister hëllefen, an déi hëllefen och de Betriber.

Dat Eent ass, datt mir fir d’nächst Joer am Fong geholl d’Pëtrolspräisser neutraliséiert hunn. Well onofhängeg vun der Evolutioun vun de Pëtrolspräisser kënnt keng Indextranche virum 1. Oktober.

An zweetens, an och dat hëlleft enger Entreprise, grad esou wéi dem Budget, et gëtt eng gewësse Previsibilitéit. Ech weess genee, wéini fréistens eng Indextranche kënnt, an ech hunn och am Budget, an dat huet d’Regierung esou festgehalen, just eng Indextranche fir de leschten Trimester vun 2011 virgesinn.

Mariette Zenners: Wéi wëllt Dir elo awer de Patronen entgéint kommen? Op eng Manéier musst Dir hinnen awer och hiert Stéck vum Kuch ginn, wann Dir de Gewerkschaften eppes ginn hutt. War et och iwwerhaapt geschéckt, mat de Gewerkschaften eppes auszehandelen ouni d’Patronat anzeschléissen?

Luc Frieden: Éischtens emol hätte mir gär soziale Fridden am Land, ma net Fridden zu jiddwer Präis. Et geet also drëm ze kucken, net hinnen eppes ze ginn, wéi Dir dat sot, et geet drëm ze kucken, datt d’Betriber zu Lëtzebuerg kënne weider konkurrenzfäeg schaffen, produzéieren, Aarbechtsplaze schafen an uerdentlech Léin bezuelen.

Ma déi dierfen natierlech net méi schnell klamme wéi an deen Länner mat deene mir a Konkurrenz stinn.

An dofir mengen ech, muss een déi Revendicatiounen, déi d’Patronat dohinner geluecht huet, och an där Perspektiv kucken.

Mir hätte gär, och als Regierung, datt d’Betriber zu Lëtzebuerg sech kënnen entwéckelen, an doduerch hu mir zum Beispill net, contrairement zu deem wat vun eis gefrot ginn ass, d’Kierpreschaftssteier gehéicht, ma mir wëllen datt déi op engem Niveau läit, deen ënner deem vun den Nopeschlänner ass. Mir wäerten e konstruktivt Gespréich mam Patronat sichen an ech sinn optimistesch, datt mir mat e bësse gudde Wëlle vun all Säit och eng Léisung fannen.

Mariette Zenners: Kann een dovun ausgoen, datt awer nach Ännerungen an deem Spuerpak kommen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat net dee richtege Wee ass, fir elo lues a lues aus deem Pak alles eraus ze huelen.

Mir hunn en Zil, an dat ass, datt mir erëm mussen den Defizit méi kleng gemaach kréien. Mir kucken also wat kënne mir maachen, fir datt zu Lëtzebuerg och an Zukunft Aarbecht geschafe gëtt. An dat ass erëm déi laangfristeg Perspektiv.

Ech mengen, datt de Programm vun der Reduktioun vum Defizit, deen d’Basis vum Budget vun haut ass, soll duerchgezu ginn, an datt een aner Saache muss fanne fir de Betriber entgéint ze kommen. D’Betriber sinn net op där enger Säit, an d’Leit op där anerer Säit. Leider kënnt dat duerch déi hefteg Debatt de Moment e bëssen esou zum Virschäin.

Mir mengen, datt et wichteg wier, datt d’Betriber an d’Leit zesumme schaffen, fir datt dëst Land no vir kënnt an dëst Land eng Perspektiv huet an där et sech gutt schaffen a liewe léisst.

An de Budget vun haut soll an där Perspektiv hëllefen.

Mariette Zenners: Ech soen Iech merci fir de Besuch am Studio, Här Minister.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour