Luc Frieden au sujet de la réunion informelle des ministres des Finances germanophones

Paul Konsbrück: Eng éischt Fro, well ee sech dat jo muss e bësse kënne virstellen: wéi war d’Atmosphär bei Ärem, jo éischter informelle Rendez-vous gëschter zu Wien?

Luc Frieden: D’Atmosphär war ganz gutt, an dat huet largement domat ze doen, datt mir eis gutt kennen, datt mir déi nämmlecht Sprooch liicht kënne matenee schwätzen, a virun allem, datt deen däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble en Europäer ass dee wëll mat allen Nopere vun Däitschland an enger gudder Kooperatioun zesumme schaffen. Dofir war et en agreabelt Gespréich, mä inhaltlech äusserst schwiereg.

Paul Konsbrück: Den däitsche Finanzminister ass gëschter jo e bëssen éischter heem gefuer, dat also net well ee sech an den Hoer loung, zum Beispill a punkto Bankgeheimnis?

Luc Frieden: Den däitsche Finanzminister hat nach e Rendez-vous mat der däitscher Kanzlerin iwwer Energiefroen.

Mä zum Inhalt si mir op där Fro vum Bankgeheimnis absolut net weider komm. Mir hunn nach eng Kéier Argumenter échangéiert, an Däitschland akzeptéiert am Fong net, datt innerhalb vun der Europäescher Unioun verschidde Systemer, also Quellesteier an automateschen Informatiounsaustausch, niewenteneen existéieren. Dofir verlaange si weider, datt Éisterräich a Lëtzebuerg op den automateschen Informatiounsaustausch iwwerginn.

D’Schwäiz a Liechtenstein, déi kucken där Saach no. Mir mengen, datt all déi Länner awer missten d’nämmlecht behandelt ginn, dat ass net d’Vue vun Däitschland.

Mir sinn eis also gëschter trotz engem agreabelen Austausch vu Meenungen an deem do Sujet net méi no komm, an et wäert weider e schwieregen Dossier fir Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun bleiwen.

Paul Konsbrück: Mä ëmmer nees geet jo awer Rieds, an dat huet och gëschter den däitsche Finanzminister gesot, datt ee sech op iergend eng gemeinsam Regelung kéint eegenen. Wéi kann déi dann ausgesinn? Wat kann esou eng Regelung sinn?

Luc Frieden: Mir hunn nach eng Kéier eng europäesch gläichgeuerdnet Quellesteier an d’Diskussioun bruecht, well déi haut einegermoosse gutt fonctionnéiert. Déi kéint een op aner Produkter ausdehnen, mä Däitschland schéngt sech net wëlle mat op dee Wee ze beweegen. Wann ech soen Däitschland, dat ass well Däitschland um Dësch soutz, mä et muss een natierlech wëssen, datt 25 Länner an Europa schonn haut den automateschen Informatiounsaustausch hunn.

Mir soen net Neen zum automateschen Informatiounsaustausch, mir soen awer Nee wa mir dat musse maachen, an aner Länner déi am enke Kontakt sti mat der Europäescher Unioun, insbesondere d’Schwäiz, net op dee Wee musse goen.

Iwwergangsregelunge kann een diskutéieren, mä déi kann een eréischt diskutéiere wann ee weess wat hannen erauskënnt, an dat ass fir de Moment nach net kloer. Wéi gesot, esou Gespréicher sinn nëtzlech, well se am klengen, informelle Krees stattfannen, mä grouss Fortschrëtter kann ech wierklech vu gëschter Owend net mellen.

Paul Konsbrück: En anere Punkt, dee gëschter dann och beschwat ginn ass: wat halen d’Schwäiz a Liechtenstein zum Beispill vun enger Bankesteier, wéi se op europäeschem Niveau jo proposéiert gouf, och do virun allem vun Däitschland a Frankräich?

Luc Frieden: Dat war och en äusserst interessant Gespréich, well ee gesinn huet wéi ënnerschiddlech d’Vuën zu deem Sujet sinn. Et ass mir nach méi kloer no gëschter Owend, datt mir eng EU-Regelung an deem do Beräich brauchen.

Ech bedaueren och, datt Däitschland schonn elo e Schrëtt gemaacht huet a Richtung vun enger Bankenabgabe ouni ze waarden, datt mir en europäesche Kader hunn. Quitte datt de Minister Schäuble mir gëschter Owend gesot huet, datt wann eng europäesch Regelung géing kommen, datt Däitschland déi dann och géing selbstverständlech am Gesetzgebungsverfahren, wou si elo dra sinn, mat abauen.

Däitschland mécht jo eng Steier, déi an e Bankerettungsfong leeft fir z’evitéieren, datt an Zukunft erëm eng Kéier misst de Staatsbudget fir Bankekrisen opkommen. Éisterräich wëll och esou eng Steier maachen, mä déi géing awer an de Budget fléissen, an d’Schwäiz a Liechtenstein fannen, datt si vun där Problematik net concernéiert sinn, a wäerten och näischt esou aféieren.

Aus Lëtzebuerger Siicht, mengen ech, ass et wichteg, datt mir eng Regelung fannen déi evitéiert datt et zu enger Delokalisatioun kënnt a Länner déi déi Steier net hunn, oder wou déi Steier anescht berechent gëtt. Hei si mir an engem Beräich wou ee muss oppassen, datt et net zu Konkurrenzverzerrunge kënnt.

Mir sinn net géint esou eng Steier, am Géigendeel. Mä mir musse fir d’éischt eng Diskussioun féieren, wat ass den Zweck dovunner, geet et drëm méi Einnamen ze kréien; geet et drëm an zukünftege Krise kënnen z’intervenéieren? Oder, an dat ass am Fong meng preferéiert Solutioun, et geet drëm eng Steier anzeféieren, eng Finanztransaktiounssteier, déi risikoräich Geschäfter soll evitéieren.

A wa mir net fir d’éischt iwwer d’Zil eis eens sinn, da kann een och net de Wee, d’Mëttele fannen. Dofir war dat Gespréich nëtzlech och fir d’Ecofin-Réunioun vun den europäesche Finanzministeren de 7. September, wou mir dat Thema do weider wëllen diskutéieren. Mä et ginn elo nach ganz ënnerschiddlech Vuën.

Paul Konsbrück: Här Frieden, Dir sot datt Liechtenstein an d’Schwäiz also net gewëllt sinn esou eng Bankenabgab anzeféieren, gläichzäiteg sot Dir awer, datt d’Gefor besteet fir datt Lëtzebuerger Banke géifen delokaliséiert ginn, eventuell dohinner, an trotzdem wier Lëtzebuerg fir esou eng Bankesteier. Do muss ee sech jo da froe wéi dat beienee passt. Wa jo Liechtenstein an d’Schwäiz net dofir sinn, dann ass de Sujet am Fong giess a mir missten och dogéint sinn.

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir nach net esou wäit sinn, well mir elo emol fir d’éischt musse kucke wat mir um internationale Plang, och bei der Finanztransaktiounssteier maachen.

Eng Finanztransaktiounssteier géing op verschiddenen Zorte vun Operatiounen agefouert ginn. Doriwwer muss een da schwätzen an der Eurozon, an der EU an och an anere Gremien.

Wat eng Bankesteier ubelaangt, wann déi gebraucht gëtt wéi an Däitschland, fir just e Bankerettungsfong, dann ass dat eppes wat ee sech éischter ka virstellen. Dat géing och net zu enger Delokalisatioun féiere well déi Steier relativ niddereg, och an Däitschland, ugesat gëtt. An Däitschland, wat trotzdem e ganz grousst Land ass, soll déi Steier pro Joer eng Milliard Euro an dee Fong spullen. Mir hu jo ähnlech Mechanismen an der Ausaarbechtung fir Garantiefongen opzesetzen. Et soll een iwwer all déi Saachen do musse kënne konstruktiv matdiskutéieren.

Et ass e Fakt, datt d’Banken, déi eng grouss Responsabilitéit an dëser Kris haten, international gesinn, och mat musse finanzéieren, mat där Nuance, datt zu Lëtzebuerg de Finanzsecteur souwisou dee Secteur ass deen déi meeschte Steiere schonn haut bezilt. Esou ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg ëmmer e bëssen eng aner.

Mä mir liewen an Europa, a wa mir eng gemeinsam Regelung an Europa fannen, da fannen ech, datt mir déi musse matmaachen, insofern se och ausserhalb vun Europa, an dat gëllt besonnesch bei der Finanztransaktiounssteier, och ähnlech Solutiounë fënnt.

Ech mengen, dat ass en Débat deen een net soll iwwer de Knéi briechen, net op eng populistesch Aart a Weis ugoen, mä ze kucken, datt jiddwereen e faire Bäitrag leescht zu engem Problem deen dach gewalteg ass, nämlech déi Finanz- a Wirtschaftskris déi an Amerika virun 2 Joer ugefaangen huet, duerch verschidden irresponsabel Komportementer vu Banken.

Paul Konsbrück: Den Débat geet also virun a mir si gespaant wéi en ausgeet. Här Frieden, Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl huet.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour