Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet du mécanisme de stabilisation pour la zone euro

Max Theis: Här Frieden, Dir hat eng kuerz Nuecht. Et ass 12 Stonne laang verhandelt ginn. Wéi zefridde sidd Dir da mam Pak? Geet en duer fir den Euro ze stabiliséieren?

Luc Frieden: Mir hunn effektiv bis de Moien halwer 3 getagt, mä d'Resultat léisst sech weisen.

Mir wollten als Finanzminister vun der Europäescher Unioun a virun allem vun der Eurozon weisen, datt déi Attacken op den Euro, entweder duerch Spekulatiounen, duerch Vertrauensverloscht, kee Sënn géinge maachen. Dofir war et eis wichteg, eng grouss Zomm vu Suen zesummen ze schnüren, zesumme mat dem Internationale Währungsfonds, fir ze soen, déi Länner déi net méi geléint kréien, déi kréien et geléint via aner Instrumenter mat der Hëllef vun all de Memberstaaten; 500 Milliarden aus der Europäescher Unioun, plus 250 Milliarde vum IWF. Dat ass eng gewalteg Zomm, an ech mengen, datt dat misst Rou bréngen.

Mir gleewen un den Euro, den Euro muss eng stabel Währung sinn an dofir hu mir esou laang geschafft, fir dat do Resultat fäerdeg ze bréngen.

Max Theis: D'EU Kommissioun wollt eng illimitéiert Zomm festhalen, Däitschland, ënner anerem, huet awer do blockéiert.

Luc Frieden: Net nëmmen Däitschland, och Lëtzebuerg a vill anerer. Et ka jo net sinn, datt ee sech zu eppes engagéiert, wou een ouni Grenz domat dobäi ass.

Hei gesäit ee ganz kloer, datt mir am Fong kee richtegt europäescht Instrument fir esou eng Situatioun haten. Bei Griichenland hu mir bilateral Prêtë ginn, bei deenen anere Länner déi elo nach kënnen nokommen hu mir gesot, mir mussen en europäescht Instrument fannen. Well awer den Traité dat net virgesäit hu mir, wéi Dir dat virdru richteg gesot hutt, fir d'éischt gekuckt, wat ass nach méiglech am Kader vun den aktuelle Finanzperspektiven. Do si 60 Milliarde méiglech, déi kann d'Kommissioun léine goen.

Wat doriwwer erausgeet, hu mir décidéiert eng Spezialgesellschaft ze grënne vun all den Eurolänner. Déi Spezialgesellschaft ka Sue léine goen a wann déi Sue léine geet, da garantéieren déi 16 Eurostaaten dee Prêt deen dann do gemaach gëtt. Déi Sue kënnen dann engem Land zur Verfügung gestallt gi wat déi Sue brauch, ënner der Bedingung natierlech, datt déi Länner esou wéi all déi aner Länner an der Eurozon mussen zollitt spuere fir hir Defiziter ze reduzéieren. Dozou hu sech och gëschter als éischt Spuenien a Portugal nach eng Kéier ganz zollitt an zousätzlech engagéiert.

Max Theis: Mat wéivill Suen huet Lëtzebuerg sech dann an dësem Pak engagéiert?

Luc Frieden: Eis ass et vill drop ukomm, datt mir elo hei net missten direkt Suen op den Dësch leeën. Dofir brauche mir an där éischter Etapp vun deene 60 Milliarden déi d'Kommissioun ka léinen – et ass ëmmer eng Ka-Bestëmmung – wa si dat iwwerhaapt muss maachen, dat gëtt garantéiert duerch den europäesche Budget. Do brauche mir also iwwerhaapt keng Suen op den Dësch ze leeën.

Am Kader vun där extraer Gesellschaft déi duerno kënnt fir déi 440 Milliarden, do ginn et jo nëmme Garantien. Déi ginn opgedeelt tëscht deene 16 Memberstaaten, konform zu hirem Schlëssel am Kapital vun der Europäescher Zentralbank. Dat ass also eng Garantie, net Cash, an déi Garantie déi ka sech da fir Lëtzebuerg maximal op 800 Milliounen Euro belafen.

Mä nach eng Kéier, dat wier nëmme wann all déi Sue géinge geléint ginn a wann och d'Garantie misst spillen. De System ass esou opgebaut, datt duerch déi Garantie Vertrauen entsteet a mir dann am Prinzip iwwerhaapt keng Sue musse bezuelen.

Max Theis: Dir hutt et elo gesot, et sinn theoretesch Prêten déi do am Spill sinn. Geet dee Pak da wierklech duer fir de Marché ze berouegen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et wichteg war de Moie virun der Ouverture vun de Marchéen déi Solutioun ze hunn.

Déi Zomm ass esou gewalteg, datt jiddwereen dee ka liese gesäit, datt d'europäesch Politik handlungsfäeg ass, datt mir grouss Zomme Geld zur Verfügung stellen, an datt et kee Sënn mécht ze mengen den Euro wier um Enn. Den Euro ass e politeschen a wirtschaftleche Projet, deen eis enorm vill Avantagë bruecht huet, un deem hale mir fest an dofir si mir determinéiert z'agéieren.

An de Fait, datt jo och d'Zentralbank vun de Moien un am Obligatiounsmarché intervenéiert, datt den IWF iwwer 200 Milliarden zur Verfügung stellt, ech menge wierklech dat si gewalteg Zommen. Wann dobäi kënnt, datt d'Länner hir Budgeten an d'Rei bréngen, ech mengen da kann ee weider Vertrauen hunn an d'Eurozon an an den Euro. Eis Zäit war knapp, well de Moien d'Marchéen opginn. Ech mengen, d'Marchéë missten dee Message do verstoen.

Max Theis: Luc Frieden, Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour