Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet du mécanisme de stabilisation pour la zone euro et de la situation des finances publiques

Jean-Claude Franck: De Schwéierpunkt haut an eiser Emissioun ass de Spuer- a Steierpak deen d'Regierung dës Woch presentéiert huet fir d'Staatsfinanzen ze sanéieren. Aus Aktualitéitsgrënn fänke mir awer mat enger Diskussioun un, déi op d’mannst genee esou wichteg ass, an déi och en Afloss op d'Lëtzebuerger Staatsfinanze kréie kann, an zwar déi aktuell Kris an der Eurozon. Fir dat ze kommentéieren ass, wéi gesot, den CSV-Finanzminister Luc Frieden haut eisen Invité. Fir d'éischt emol gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Dir sidd virun e puer Stonne gewuer ginn, datt Dir muer musst op Bréissel fir e Spezialconseil vun den EU-Finanzministeren. Nach ier d'Boursen e Méindeg opmaache soll e Mechanismus décidéiert gi fir d'Eurozon ze stabiliséieren a fir se virun internationale Spekulanten ze schützen, dat alles dann nodeems d'Boursen op en Neits zollitt Verloschter gemaach hunn. Déi aktuell Stonnen erënneren un déi Zäit vu September- Oktober 2008, wéi europäesch an och Lëtzebuerger Banken hu misse bannent kuerzer Zäit gerett ginn. Ass d'Situatioun esou eescht oder esouguer nach méi eescht wéi deemools?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir an enger ganz schwiereger Situatioun sinn, wat eis Ekonomien ubelaangt, wat eis Budgetsdefiziter ubelaangt, an dofir och wat eis Währung ubelaangt. Dat Eent an dat Anert hänkt natierlech enk mateneen zesummen.

Ze vill Länner an Europa hunn eng ganz grouss Staatsschold, hunn e ganz grousse Staatsdefizit. Deen ass zum Deel bedéngt doduerch, datt mir no der Finanzkris an der Wirtschaftskris als Staate massiv intervenéiert hunn, doduerch ass deen Defizit entstanen. Dat sinn awer och zum Deel strukturell Defiziter.

Vu datt déi Länner et net fäerdeg bruecht hunn elo schnell genuch an den Ae vun der Welt hir Defiziter ze reduzéieren, ass kee Vertraue méi an déi Länner do. Dat heescht, déi Länner kréie keng Sue méi geléint. A wann e Land keng Sue méi geléint kritt, da muss iergendeen asprange fir d'Faillite z'evitéieren.

An där Situatioun si mir, an dofir ass d'Situatioun ganz eescht, well mir hunn eng gemeinsam Währung, mir sëtzen all an engem Boot an dofir kann et eis net egal si wat an anere Länner geschitt. Dorop musse mir Äntwerte fannen. Déi Sitzung vu muer ass am Fong geholl eng Suite vun enger ganzer Rei vu Sitzungen, déi mir am Kontext vu Griichenland haten. Mä dee griichesche Problem ass jo och en europäesche Problem, a well mir dee vläicht net schnell genuch geléist hunn, hu sech déi aner Problemer vergréissert.

Jean-Claude Franck: Leien dann d'Ingrédientë fir eng nei Finanzkris vir?

Luc Frieden: Mir si matten an enger ganz seriöser Kris; ech géing net soen eng nei Finanzkris, et ass nach ëmmer déi selwecht déi nach net ganz auskuréiert ass.

Jean-Claude Franck: D'DPA huet elo geschriwwen, muer géif déi gréisste Reform vun der Währungsunioun zanter dem Aféiere vum Euro décidéiert ginn. Gesitt Dir dat och esou? Geschéie muer scho konkret Saachen, esou déifgräifend fundamental Reformen?

Luc Frieden: Mir musse schnell eng Äntwert fanne fir sécherzestellen, datt déi Länner déi Sue brauchen, datt déi och gehollef kréien. Mech huet ëmmer erstaunt, och wann ech et verstanen hunn, wéi lues verschidde Länner waren an dem Entscheedungsprozess fir Griichenland ze hëllefen.

Jean-Claude Franck: Dir mengt Däitschland?

Luc Frieden: Ënner anerem.

Et huet mech gestéiert, well ech mech oft erënnert hunn un dat wat Dir virdrun ugeschwat hutt, un d'Bankerettungsoperatioun. Och do hunn eng Rei Leit zu eis an zu anere gesot, dat do kënne mir net maachen, kommt mir waarden emol, ass dee Präis do richteg, wat sinn d'Risiken?

Natierlech si mir do ganz grouss Risiken agaangen. Ech war deemools iwwerzeegt, datt ee misst ganz schnell handele fir gréissere Schued z'evitéieren, och wann ee vläicht deen een oder deen anere klenge Feeler im Nachhinein do kéint reprochéiert kréien.

Dat selwecht war de Fall bei Griichenland. Ech mengen, mir hätte missen éischter, méi schnell intervenéieren. Et bréngt elo näischt iwwer d'Vergaangenheet sech ze bekloen, ech soe just, mir dierfen déi Feeler elo bei deenen aneren net och nach eng Kéier maachen.

Et erënnert mech och e bëssen un d'Geschicht vu Lehman Brothers an Amerika. Ech mengen, datt et e fundamentale Feeler war vun den Amerikaner fir déi Bank falen ze loossen, well domat am Fong geholl d'Kriselawinn lassgaangen ass. Dat ass jo alles och vill Psychologie, an et ass gesot ginn, wann déi do Bank net gerett gëtt, wat geschitt da bei aneren? Esou ass et och bei de Länner.

Wat mir muer fäerdegbréngen, dat weess ech net, well muer gesi mir eis zu 27, dat sinn der also méi wéi déi 16 aus der Eurozon. Mir hunn och Verträg déi eis bannen. Mir kënnen also net egal wat, lassgeléist vu Vertragssituatioune maachen a lassgeléist vun eisen nationale Budgetssituatiounen. Eng Rei Pistë leien um Dësch, déi musse mir elo diskutéieren. D'Mäert musse mierken, datt mir intervenéiere kënnen, an datt mir och schnell mussen handele kënnen, an de Fait datt mir eis esou schnell kënnen treffen ass jo schonn en Zeechen, datt Europa organisatoresch fonctionnéiert. Elo musse mir natierlech nach kucken, wat mir dann iwwerhaapt kënne maachen, fir datt och déi Länner déi elo méi Schwieregkeeten hunn an den nächsten Deeg net rutsche kënnen.

Jean-Claude Franck: Elo gouf et awer gëschter Owend um EU-Sommet och Kritik un de Spekulanten, déi probéiere Profit ze zéien aus deenen héije Scholde vu Griichenland, awer och Spuenien oder Portugal. Huet d'Politik éischtens de Courage an zweetens och d'Moyenë fir eppes géint déi Spekulatiounen z'ënnerhuelen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et schwiereg ass fir géint all Finanztransaktiounen eppes kënnen z'ënnerhuelen. Et ass jo och net nëmmen eng Fro vu Spekulatioun – Spekulatioun ass esou en Terme dee gebraucht gëtt – et ass och einfach Mësstrauen géintiwwer vu verschiddene Staaten. De Fait, datt elo Obligatioune vu verschiddene Staaten, déi Schold representéieren, verkaaft ginn, ass net direkt eng Spekulatioun. De Fait, datt d'Mäert engem Land net méi Sue léinen ass net nëmme Spekulatioun.

Jean-Claude Franck: Et si jo awer, wéi et schéngt zum Beispill, och falsch Rumeuren an d'Spill bruecht ginn, fir zum Beispill d'Situatioun vu Spuenien oder Portugal méi schlecht ze maache wéi se eigentlech wier?

Luc Frieden: Déi Situatioune, selbstverständlech, si ganz grave. D'Spekulatioun generell ass, wa se abusiv Elementer a sech huet, ze condamnéieren. D'Fro ass just, wéi kritt een dat gebremst?

Dat kritt ee vläicht gebremst duerch méi Iwwerwaachung, méi Transparenz, dat ass déi ganz Diskussioun zum Beispill ronderëm déi Rating-Agenturen, déi also en enorme Poids hunn, déi een awer op där anerer Säit och erëm brauch. Et muss ee jo eng Bewäertung vun enger Entreprise, eng Bewäertung vun engem Land kënnen hunn.

D'Fro ass, an dat ass déi richteg Fro an deem Kontext, no wéi enge Critèrë maachen déi déi Bewäertungen? Wat sinn deenen hir Hannergedanken, wa si e Land erofstufen, a wat sinn d'Konsequenze vun esou enger Erofstufung? Well déi provozéiere jo d’Panik. Dat ass geschitt, wéi zum Beispill Portugal virun e puer Wochen ëm 2 Kräck erofgestuft ginn ass, do hunn d'Leit gesot, ou – ass dat do elo deen nächste Problem? Dofir sinn déi Bewäertungsagenturen eppes wat nach méi streng muss iwwerkuckt ginn. Mir hunn allerdéngs eng Direktiv do viru Kuerzem ugeholl, fir datt déi mat méi transparente Critèrë fonctionnéieren, mä do bleift nach villes ze maachen.

Ech mengen, datt d'Politik muss beweisen, datt si handlungsfäeg ass, an datt si a kruziale Momenter, esou wéi an der Bankekris, kann intervenéieren. Do hu mir am Fong bewisen, datt mir handlungsfäeg sinn. Mir hunn dat gemaach, natierlech ëmmer op nationale Pläng. Mir hunn dat national gemaach a mir hunn et europäesch koordinéiert. Dat hu mir och esou bei Dexia-BGL gemaach. Hei ass et e bësse méi komplizéiert, well mir eng gemeinsam Währung hunn – déi eis zwar an der Kris gehollef huet, loosse mir dat net vergiessen, déi lescht 10 Joer war den Euro en Erfolleg – mä mir sinn elo an enger Kris wou déi Zesummenhäng national Alleingäng net méiglech maachen, weder beim Budget, nach bei der Währung, well dat hänkt alles zesummen.

Jean-Claude Franck: Elo léint Lëtzebuerg Griichenland am ganzen 200 Milliounen Euro. Wéi sécher sidd Dir, datt Athen déi Suen zréckbezuele kann?

Luc Frieden: Ech kann Iech net 100% op enger Salztut hei garantéieren, datt déi Suen alleguerten zréckkommen, mä dat ass ëmmer esou wann een engem Sue léint.

Mä do stellt sech e bëssen d'Fro, esou wéi mir deemools d'Suen der BGL an der Dexia ginn hunn, wat ass d'Konsequenz wa mir et net maachen? Wéi mir d'Suen investéiert hunn an d'BGL, konnte mir och net soen, datt dat géing en Erfolleg ginn. Et ass en Erfolleg ginn.

Esou ass dat och bei Griichenland. Mir hu jo net einfach esou d'Sue geléint, zesumme mat all deenen anere Länner, mä mir hu gesot, Griichenland muss säi Budget an d'Rei bréngen. Dofir huet Griichenland en dramatesche Spuerprogramm an d'Wee geleet. Wann dee fonctionnéiert, wann dee wierklech ëmgesat gëtt, da kritt Griichenland erëm an e puer Joer op de Mäert geléint an da kréie mir och d'Suen zréck.

Ech soen also nach eng Kéier, eis Fro war, hu mir eng Alternativ? D'Alternativ wier net Griichenland ze hëllefen. Wa Griichenland faillite gaange wier, fir dat emol esou auszedrécken, dann hätt Griichenland net méi kënne seng bestehend Schold zréckbezuelen, dat ass Schold déi hu jo awer Leit an Europa, Banken, mä och de Banken hir Clientë souscrivéiert, dat heescht, mir hätten och do e Lawineneffekt gehat, deen enorm gewiescht wier an deen hätt erëm eis ganz Wirtschaft duerchernee gehäit. Déi franséisch an déi däitsch Banken hunn e Risepak vu griicheschen Obligatiounen an dorënner hätte mir och massiv gelidden. Dofir hu mir zu 16 gesot, mir mussen elo jiddwereen hei säi Bäitrag leeschten. Wéi gesot, et ass schued, datt et esou laang gedauert huet.

Jean-Claude Franck: Duerch d'Evenementer vun de leschten Deeg a Stonne ginn d'ekonomesch Previsiounen an der ganzer Eurozon natierlech och erëm méi onsécher, och zu Lëtzebuerg. De STATEC huet fir dëst Joer e Wirtschaftswuesstëm vun 2,1% virausgesot gehat. Rezent huet et geheescht, déi Previsioun kéint am Juni vläicht op 3% gehéicht ginn. Dat dierft allerdéngs elo nees an de Stäre stoen, well een net weess wéi et weider geet.

Luc Frieden: Ech mengen, datt d'Previsioune fir de Moment ganz schwiereg, voire onméiglech ze maache sinn. Et ass ganz kloer, datt wann an deenen nächste Woche sech op der Währungsfront eng ganz Rei Saachen änneren, datt dat och e gréisseren Impakt op d'wirtschaftlech Entwécklung huet. Dofir si mir an enger Situatioun déi esou ass, datt een am Fong d'Wirtschaftsprevisioune fir de Moment bal onméiglech ka maachen.

Fakt ass, an ech mengen dat muss eis och zu Lëtzebuerg awer ze bedenke ginn, och an deenen Diskussioune vun de leschte Wochen, datt mir an der Vergaangenheet an der Moyenne e Wirtschaftswuesstëm vu 4% haten. Dat war esou an den 1990er Joere bis haut. Dat war esouguer nach esou 2006 an 2007, an dunn op eemol ass et brutal erof gaangen, 0% Wuesstëm 2008 an e staarke Réckgang vun eppes 3% am Joer 2009. Déi Schnellegkeet mat där dat erof gaangen ass, an elo e ganz luese Wuesstëm, egal op wéi vill Prozent deen ass, dat muss eis awer ze bedenke ginn. Dat verlaangt, datt mir elo Ännerunge maachen, ëmsou méi wou mir an der Zukunft eng ganz Rei Fragezeichen hunn an déi ganz monetär Kris ass dovunner een Ausdrock.

Jean-Claude Franck: Mir beweegen eis méi lues op d'Sanéierung vun de Staatsfinanzen zou. Fir d'éischt nach awer eng Fro iwwer dee Staatsemprunt vun 2 Milliarden Euro deen de Staatsminister an Tresorminister Jean-Claude Juncker de 17. Mäerz ugekënnegt huet, also den 1. Dag wou d'Tripartite am Fong zesumme koum. Ass deen Emprunt an der Tëschenzäit lancéiert?

Luc Frieden: Neen, deen ass nach net lancéiert, mä et ass eng Saach vu Stonnen oder Deeg bis e steet. Vun deem Moment u wou ee freet, wou een déi Sue léine geet, do fannen da Verhandlunge statt, iwwregens muss een och do mat Rating-Agenture schwätzen, well doraus entsteet de Präis. Mir ginn dovun aus, datt dee Prêt an dësem Mount steet.

Jean-Claude Franck: Fir wat ginn déi Sue gebraucht?

Luc Frieden: Déi Sue gi gebraucht, well eis Liquiditéiten, dat heescht eis Trésorerie, méi kleng ginn ass. Mir hu sécherlech nach Suen an der Keess, fir dat emol esou auszedrécken, mä net all déi Liquiditéiten déi mir hunn, déi kann een och direkt gebrauchen, verschiddener sinn Dépoten déi mir bei Anere stoen hunn. Mir brauchen also déi Sue fir lafend Ausgaben ze bezuelen. Wa mir also eng grouss Rechnung vun engem Chantier kréien, wa mir d'Paië musse bezuelen, da musse mir Suen hunn déi dann och liquide sinn, dofir ginn déi Sue gebraucht.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, domat kënnen zum Beispill och déi 200 Millioune fir Griichenland couvréiert ginn?

Luc Frieden: Griichenland kritt dëst Joer, no deem Plang dee fir de Moment steet, 75 Millioune vu Lëtzebuerg. Déi 75 Milliounen hu mir och fir de Moment an der Keess, dofir war eisen initiale Plang, datt mir déi 75 Milliounen esou géingen aus der Keess huelen, an da fir déi nächst 2 Joer déi 125 Milliounen déi dann nach bleiwen, datt mir do héchstwahrscheinlech och musse Sue léine goen. Mä dat alles sous réserve vun deem wat elo nach kann entstoe fir aner Länner.

Woubäi ech och do nach eng Kéier soen, déi Mechanismen déi elo an der Diskussioun sinn, dat sinn am Fong Mechanismen déi mir och vun Ufank un diskutéiert haten, nämlech datt géing eng europäesch Agence, zum Beispill d'Kommissioun, selwer Sue léine goen, fir datt een e bëssen dat psychologescht Element, wiem ee genee léint, datt dat e bësse kann amortiséiert ginn. Dat ass deemools net zréckbehale ginn aus diverse Grënn. Vläicht muss een un deene Mechanismen elo nach e bësse Schrauwen dréine fir dat méi akzeptabel ze maachen.

Mir brauchen erëm, genau wéi 2008 bei de Banken, Vertrauen, deemools war et an de Finanzsystem an dës Kéier ass et Vertrauen an d'Staaten an an de Währungssystem. Do kënnt een net dolaanscht festzestellen, datt mir ze vill Schold an ze vill Defizit an de Länner vun der Europäescher Unioun hunn. Dat ass eng Konsequenz vun der Kris, an dofir ass am Fong déi Kris vun 2008, déi do am Hierscht ugaangen ass, nach ëmmer voll amgaangen, an déi kënnt elo op eng Fassong zréck, déi wierklech net ze ënnerschätzen ass, déi ass ganz zollitt an déi wäert och leider Spuren hannerloossen an eisem Land.

Jean-Claude Franck: Dir hutt Iech als Regierung jo och dofir virgeholl fir d'Staatsschold bis 2014 net iwwer 27% vum PIB klammen ze loossen. Dir hutt elo och d'Bankerettungen ugeschwat aus dem Joer 2007 – alleng déi Sue maachen ongeféier 6 Prozentpunkte vum PIB aus an der Staatsschold. Wann déi Participatiounen erëm eng Kéier réckgängeg gemaach ginn, wat jo ëmmer gesot gouf, datt et eng Kéier geschitt, dann ass de Problem vun der Staatsschold awer och doduerch jo schonn erëm en aneren, oder net?

Luc Frieden: Dat huet keen esou en enormen Impakt, well an eisem Programm, wéi mir en elo virgesinn, hu mir gesot, datt mir 2014 géinge maximal eng Staatsschold wëlle maache vun 30%. Wa mir dat hunn, da wieren dat – wat keen Zil ass, mä dat ass eng maximal Grenz déi mir eis gesat hunn ­– 12 Milliarden Euro Schold.

Den Emprunt dee mir gemaach hu fir d'Kapital vun der BGL ze kafen, deen ass 2 Milliarden. Dat heescht, 12 minus 2, dann hu mir nach ëmmer 10 Milliarde Schold, dat heescht, de Problem vun der Staatsschold ass onofhängeg vun der Bankerettung e ganz substantiellen.

Mech freet awer, datt mir an deene vergaangene Wochen am Fong en Accord fonnt hunn am Parlament, wann ech déi Diskussioune vun dëser Woch genee nogelauschtert hunn, fir datt déi Zilsetzung déi d'Regierung sech ginn huet, an déi ech als Finanzminister proposéiert hat, fir datt mir 2014 en ausgeglachene Budget hätten an an deenen nächste 4 Joer net méi wéi 1 Milliard Schold pro Joer maachen, datt deen am Fong an de breeden Zich d'Ënnerstëtzung vun alle politesche Forcë kritt huet.

Dat ass am Fong dat Positiivt, wann ech dat esou dierf nennen, vun deenen Diskussiounen, y compris Streidereie vun deene leschte Wochen. Op de grousse Linnen, op de groussen Zilsetzungen hu mir en iwwerparteilechen Accord, an dat ass fir mech am Fong eng grouss Satisfaktioun an en Encouragement fir och Reformen an deenen nächste Méint a Joeren, déi musse weider gemaach ginn, fäerdeg ze bréngen.

Jean-Claude Franck: D'Regierung huet dës Woch, wéi gesot, offiziell am état de la nation dann d'Mesurë virgestallt fir an den nächsten 2 Joer elo emol de Staatsdefizit ëm bis zu maximal 700 Milliounen Euro ze reduzéieren. Gëtt dat Zil mat deenen 19 Mesuren erreecht?

Luc Frieden: Dat Zil gëtt erreecht, natierlech ëmmer ënner der Bedingung, datt elo net méi substantiell Saachen zesummebriechen. Mä loosse mir emol net an en totale Pessimismus hei verfalen.

Mir hunn an deem Programm ronn 400 Millioune Reduktioun vun den Dépensen, duerch eng ganz Rei vu Spuermoossnamen déi mir jo proposéiert hunn, Spuermoossnamen déi in etwa déi sinn, déi mir virun e puer Wochen an d'Diskussioun bruecht hunn. A op der Recettësäit wäerte mir tëscht 250 an 300 Milliounen zousätzlech Einnamen hunn. Doraus entsteet dann dee Montant vu ronn 700 Milliounen, wou mir den Defizit reduzéieren.

Wat een net dierf iwwersinn ass, datt mir dann nach ëmmer en Defizit hunn. Wéi grouss dee genee ass, dat mussen d'Evolutioune vun de Recettë weisen, mä ech mengen, et ass schonn e ganz substantielle Spuerprogramm, deen natierlech nëmmen eng éischt Etapp ka sinn, déi ee muss iwwerpréifen an der Evolutioun vun de Steieren.

A mir mussen natierlech och déi aner Diskussiounen an deenen nächste Méint maachen, dorënner d'Finanzéierung vun eise Pensiounssystemer, well dee Problem dee stellt sech ronderëm 2030, dat ass ganz geschwënn. 2030, dat ass net wann eis Urenkelen hir Pensioun kréien, mä dat ass wann déi Leit déi haut schaffen hir Pensioun kréien. Dat heescht, dee Problem ass d'Regierung gewëllt och unzegoen an deen huet erëm e groussen Impakt op d'Resultat vun eise gesamtëffentleche Finanzen, déi am Fong misste fir de Moment am Iwwerschoss si fir kënnen déi Pensiounslaaschten ze bezuelen an dat ass e Problem dee Lëtzebuerg méi huet wéi eng Rei aner Länner, well mir d'Pensioune via den ëffentleche Budget matfinanzéieren.

Jean-Claude Franck: Elo kritiséieren d'Gewerkschaften, datt déi Mesuren alles an allem ze vill op d'Käschte vum Salariat ginn an net genuch op d'Käschte vun de Betriber. Wéi gesitt Dir dat als Finanzminister?

Luc Frieden: Ech hunn dat zur Kenntnis geholl, mä ech mengen, datt dat eng falsch Analys ass.

Éischtens emol dat wat mir bei de Spuermoossname proposéieren ass relativ modest, och wann ech weess, datt eng Rei Leit doriwwer rose sinn, datt si Onverständnis dofir hunn. Mir mussen nämlech ëmmer kucken, wat fir e System mir opgebaut hunn. Mir hunn am Beräich vun der Famill och no dësem Spuerprogramm enorm Leeschtungen déi de Staat fir d'Familljen, d'Leit hei am Land generell mécht. Dofir, wa mir op e bësse verzichten, dann hu mir nach ëmmer vill méi wéi eis Noperen.

Fir wat kënne mir net alles bei d’Entreprisen, oder wéi d'Leit soen, bei d'Banke siche goen? Mä well mir an enger oppener Ekonomie sinn. Wa mir elo géinge soen, da maache mir einfach d'Steieren op de Betriber ëm 5% erop, dann ass de Problem geléist, dann ass de Risiko enorm grouss, datt mir hei kee Betrib méi herno hunn. Well déi Betriber déi mir hunn, déi hänken un der Weltwirtschaft, eise ganze Secteur industriel, deen exportéiert; eise ganze Finanzdéngschtleeschtungssecteur ass net hei fir zu Lëtzebuerg hir Produkter ze verkafen, deen ass hei fir an der Welt seng Déngschtleeschtungen a Produkter ze verkafen. Déi stinn an enger staarker Konkurrenz mat den Noperen. Wa mir wëllen e Finanzsecteur hei halen, musse mir ëmmer kucken, wéi sinn d'Steieren zu London, wéi sinn d'Steieren zu Dublin an da musse mir eis Steierpolitik maachen. Dofir musse mir bei de Betriber, d'Betriber sinn déi déi d'Aarbechtsplaze schafen, ganz gutt oppassen, datt mir eis net an den eegene Fouss schéissen.

Jean-Claude Franck: Dobäi gëtt jo awer vergiess, datt d'Betriber jo awer Steierreduktiounen kruten, nach virun de Chamberwahlen?

Luc Frieden: Déi krute Reduktiounen, well och déi aner Länner [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: An engem scho gënschtegen Ëmfeld.

Luc Frieden: Dat Ëmfeld ass net esou gënschteg well mir gesinn hunn, datt mir an deene Statistike vun der OCDE, wou also all déi wirtschaftsstaark Länner, déi entwéckelt Länner vun der Welt dra sinn, am Mëttelfeld bei der Betribsbesteierung sinn. Dofir muss ee bei de Betribsbesteierungen oppassen, datt een do net eppes mécht, wat herno zur Delokalisatioun vun de Betriber féiert.

Ech weess, datt et méi populär ass ze soen, komm mir huelen et bei de Betriber an da si mir fäerdeg, mä Finanz- a Steierpolitik ass leider keen Instrument fir Popularitéitsquoten, et ass en Instrument fir ze kucken, datt een duerch d'Steierpolitik eng Wirtschaftspolitik mécht déi Aarbechtsplaze schaaft. Mir mussen auslännesch Betriber op Lëtzebuerg kréien an déi déi hei si musse mir halen an dofir kënne mir bei der Betribsbesteierung net eppes maachen ouni iwwer laangfristeg Konsequenzen ze iwwerleeën.

Jean-Claude Franck: Kënnt Dir dann net novollzéie wa Leit, ebe grad wéinst der Finanzkris, soen, datt och d'Banken eng speziell Kontributioun missten awer leeschten?

Luc Frieden: Ech kann dat selbstverständlech ganz gutt novollzéien, well eis Roserei iwwer verschidden international Finanztransaktiounen, déi zur Kris geféiert hunn, natierlech grad esou grouss ass wéi déi vun de Leit déi net an der Politik sinn.

De Punkt ass just, datt d'Lëtzebuerger Situatioun eng fundamental aner ass wéi an deenen anere Länner. Déi franséisch Ministerin huet mir gesot, bei eis akzeptéieren d'Betriber net, datt si mussen esou vill Steiere bezuelen an d'Banke brauchen net hei de Problem ze léisen.

Zu Lëtzebuerg ass natierlech d'Situatioun eng fundamental aner. Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der Eurozon, wou vun der Kierperschaftssteier 75% duerch de Finanzsecteur kommen. Dat heescht, zu Lëtzebuerg, déi déi Steiere bezuele si bal nëmme d’Finanzaktivitéiten. Dat heescht, mir liewen, mir bezuelen eis Sozialpolitik, mir bezuele bal alles via de Finanzsecteur. Dofir musse mir do méi oppasse wéi Anerer wat mir do maachen. Par ailleurs hu mir jo och gesot, datt mir net, zum Beispill, géint d'Taxatioun vu verschiddene Finanztransaktioun sinn, mä well mir eng oppen Ekonomie sinn, kënne mir dat nëmme maache wann och eis Haaptkonkurrenten an Europa dat selwecht maachen.

Jean-Claude Franck: Dir hutt virdru gesot, d'Mesuren déi elo am état de la nation virgestallt goufe wieren in etwa déi selwecht wéi déi déi an der Tripartite genannt goufen. Et si jo awer verschiddener déi komplett eraus sinn, vun deenen een elo guer näischt méi héiert, anerer sinn ëmgeännert ginn, ofgeschwächt ginn. Do leeft awer e bëssen tëscht CSV an LSAP esou e Kampf, wien dann elo seet, mir hunn et geännert an als CSV sot Dir, neen, et ass dat selwecht wéi virdrun.

Luc Frieden: Ech mengen, datt et keng wiesentlech Ënnerscheeder ginn. En plus ass et normal, datt wann een an eng Négociatioun era geet, datt dann och iwwer verschidde Saache geschwat gëtt.

Wann ech am Ausland erklären iwwer wat mir hei iwwerhaapt schwätzen, a wann herno déi eng oder déi aner Moossnam net méi dran ass, wéi zum Beispill datt mir gesot haten, déi Leit déi iwwer 5.000 Euro verdénge mussen net onbedéngt 180 Euro kréie wann d'Schoul ugeet – déi Moossnam hunn ech zréckgezunn, well ech gemierkt hunn, datt dat vill Diskussioun wier, woubäi et net initialement meng Iddi war. Mä mäi Gott, dat sinn awer keng wiesentlech Ännerunge wa mir kucken, d'Problemer déi mir a Griichenland, Italien, Spuenien, Portugal, Belsch an esou weider hunn. Ech weess, datt dat e bëssen dozou gehéiert. Mir deet et och leed, datt d'Leit mengen, si wollten elo d'Familljen attackéieren, well Anerer dat esou duergestallt hunn. Ech wollt virun allem evitéieren, datt mir géingen d'Steiere massiv héijen, wat aner Iddië waren déi an der Diskussioun waren: kommt, mir huelen de Leit näischt ewech, mä mir huelen hinnen iwwer de Steierwee. Ech fannen, datt dat kee gudden [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat gëtt jo awer zum Deel och gemaach.

Luc Frieden: Dat gëtt zum Deel gemaach, mä wann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Well am Virfeld hutt Dir Iech jo komplett, also kategoresch géint Steieraugmentatiounen ausgeschwat gehat.

Luc Frieden: Neen, ech hunn ëmmer gesot, datt mir solle kucken, datt mir méi bei den Dépensë reduzéiere wéi bei de Steieren, an ech hu gesot, 1/3-2/3 wier e gudde Critère. Mir sinn in etwa an där Géigend.

Dat Wiesentlecht ass, souwisou muss een doriwwer Gespréicher féieren, datt mir zu kengem Moment hei wollten de Familljen alles ewech huelen. Et muss een nach ëmmer bedenken, datt mir och elo nach Kannergeld zu Lëtzebuerg bezuele fir ronn 1 Milliard Euro, datt mir zu Lëtzebuerg e Kannergeld hu vum éischte Kand un, am Frankräich zum Beispill gëtt et eréischt beim zweete Kand Kannergeld, datt et vill méi héich ass wéi an eisen 3 Nopeschlänner. Mir hu weider eng familljefrëndlech Politik.

Ech mengen, datt mir déi klengkaréiert Streidereie ganz séier musse vergiessen. Eist Land ass an enger ganz schwiereger Situatioun. Ech sinn zefridden, datt an de grousse Linnen dat zréckbehale ginn ass wat mir proposéiert hunn. Déi eenzel Moossnamen, déi ech zwar hu misse virstellen, well ech ebe Finanzminister sinn, sinn net relevant. Fir de Finanzminister zielt dat wat herno erauskënnt a fir mech als Mënsch an als Politiker zielt, datt mir op eng sozial gerecht a leeschtungsfrëndlech Aart a Weis dëst Land kënne weider entwéckelen, an datt hei Aarbechtsplaze geschafe ginn.

Dat ass dat wat zielt. Ob mir herno déi eng oder déi aner Moossnam am definitivë Pak hunn, ass herno an der Geschicht vun eisem Land net wichteg. Wa mir awer an e puer Joer eng enorm Schold hunn, esou wéi d'Belsch se an den 1980er Joeren hat, esou wéi elo vill Länner an Europa se hunn, dann hu mir en décke Problem. Et ass dat, op wat et ukënnt an et geet net hei drëm, wie kuerzfristeg an de Sondagen dee populäersten ass.

Mä ech wëll Iech och soen, ech hu jo gemierkt, datt eng Rei Leit rose waren. Ech wëll Iech awer och soen, datt vill Leit an deene leschte Méint gesot hunn, d'Regierung seet iwwerhaapt net wou si wëll spueren, an da muss een deen dat als Beruff huet dat soen, an da kënnt direkt d'ganz Kritik. Ech wëll Iech och soen, datt d'Irritatioun déi e bëssen zum Virschäi komm war, och domat ze doen huet, datt mir Sitzung fir Sitzung an den Europäesche Conseilen d'Dramatik vun der Situatioun an anere Länner gesinn hunn. An datt, zesumme mam Staatsminister, mir ëmmer der Meenung waren, datt mir missten elo kucken, datt mir zu Lëtzebuerg net an esou eng Situatioun kommen. An dat ass haut méi wéi jee meng Iwwerzeegung.

Jean-Claude Franck: Radio 100,7, et ass Zäit fir kuerz Neiegkeeten. Eisen Invité, den CSV-Finanzminister Luc Frieden, ass awer och duerno nach bei eis am Studio.

[Noriichteniwwerbléck mam Jean-Claude Wolff]

Jean-Claude Franck: A bei eis a “Riicht eraus�? nach ëmmer den CSV-Finanzminister Luc Frieden. Dir sot virun der 4. Tripartiteronn, et wier net de Pak vum Finanzminister, mä dee vun der ganzer Regierung. Wann et Äre wier, dann hätt Dir ganz aner Saache proposéiert, déi strukturell laangfristeg vläicht méi bruecht hätten. Dat musst Dir eis elo e bësse méi am Detail erklären. Wat hutt Dir domat gemengt?

Luc Frieden: Wann e Finanzminister no enger Rei vu Regierungsréit an der Tripartite schwätzt, da kënnt Dir Iech virstellen, datt deen net einfach do moies opsteet a seet, haut verzielen ech emol wat a mengem Kapp esou virgeet. Do ginn et also eng ganz Rei Virgespréicher, an de Staatsminister huet an der Tripartite gesot, hie géing mech invitéieren do als Finanzministe, eng Rei vun deene Moossnamen ze proposéieren.

Wann de Film anescht gelaf wier, esou wéi ech mir dat hätt kënne virstellen, et goufen awer gutt Argumenter fir dat net esou ze maachen, dann hätt ee vläicht fir d’éischt eng Diskussioun iwwer d’Finanzéierung vun de Pensiounë gefouert, iwwer d’Evolutioun vun de Gehälter an der Fonction publique an iwwer d’Indexproblematik. Wann een déi 3 Diskussiounë fäerdeg gehat hätt, dann hätt ee jo gesi wat fir en Impakt dat op d’Staatsfinanze gehat hätt, an dann hätt een eréischt iwwer déi aner Moossnamen diskutéiert. Dat hätt meng Präferenz gehat.

Mä ech hunn awer ganz gutt verstanen, datt een aus Kalennergrënn, a well dat ganz schwiereg Diskussiounë sinn, déi zum deem Zäitpunkt net konnt fäerdeg hunn.

Doduerch ass entstane fir ze kucken, wat kënne mir dann elo un enger Rei vun Dépensen ofänneren, déi och struktureller Natur sinn, mä méi punktuell sinn, strukturell an deem Sënn, datt se all Joer erëmkommen. An du si mir dee Wee gaangen. Dat ass d’Erklärung zu där do Fro.

Ech hunn awer och do drop gehalen, soen ech nach eng Kéier, datt mir strukturell Dépensë reduzéieren. Mir kënnen zum Beispill soen, mir kafen d’nächst Joer dräi Pompjeesautoë manner, dann hu mir Sue gespuert. Mä da musse mir dat Joer duerno selbstverständlech erëm déi Autoe kafen, fir esou e Beispill ze ginn. Wat mir elo hei maachen, sinn Dépensen an dem Beräich vun der Sozialpolitik, déi all Joer de Budget belaaschten, a bei den Investissementer där, déi wéinst dem Volume riseg Zomme betreffen, an déi, wann ee se spéider mécht, dann awer och iwwer eng Rei Joere sech kënne strecken.

Dofir ass dee Pak tëscht Investissementer an aneren Ausgabe vum Staat am Sozialberäich, oder am Fonctionnementsberäich, ëmmer zesummen ze kucken.

Am Fonctionnementsberäich, wou d’Leit oft soen, de Staat soll bei sech selwer spueren, muss een natierlech wëssen, datt dat richteg ass, mä datt dat oft keng strukturell Dépensë sinn, well eng Rei vun deenen Dépensen awer no e puer Joer musse gemaach ginn. Et kann een e Stull an engem Büro e puer Joer méi laang halen, mä op eemol kraacht de Stull zesummen an da muss een awer en neie kafen.

Jean-Claude Franck: Et ass interessant, Dir hutt d’Indexproblematik elo op selwechtem Niveau genannt wéi d’Pensiounen an d’Gehälter an der Fonction publique. Et ass jo awer ëmstridden, datt zum Beispill e Plafonnéiere vum Index, wéi dat och elo vun Ärer Partei virgeschloe gouf, datt dat iwwerhaapt fir d’Staatsfinanzen en Impakt hätt.

Luc Frieden: D’Indexproblematik ass an éischter Linn net eng Problematik déi ee muss gesinn am Kontext vum Staatsbudget. An deem Sënn ass et och ëmmer vu mir gesot ginn. Et ass virun allem e Problem wat d’Wettbewerbsfäegkeet vun eise Betriber par rapport zum Ausland ubelaangt. Mä et huet natierlech en Impakt op de Staatsbudget.

Eng Indextranche kascht de Staatsbudget netto ronn 100 Milliounen Euro. Wann ee se géif ganz ofschafen – dat war net envisagéiert vun der Regierung, ech wëll dat just soen, fir datt een de Käschtepunkt awer gesäit. Wann zum Beispill [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Wann eng Indextranche erfält, ass jo bekannt, datt d’Steierrecettë vum Staat klammen, d’Cotisatiounë fir d’Sozialversécherunge ginn och an d’Lut, d’TVA kann esouguer ënner Ëmstänn an d’Lut goen.

Luc Frieden: Jo, mä ech hu gesot, netto, dat heescht, ech hunn de Steierimpakt schonn ofgezunn. Wann zum Beispill elo déi Tranche kënnt am Juni-Juli, dat ass fir en halleft Joer eng zousätzlech Dépense am Staatsbudget vu 50 Milliounen. Wann déi net géif erfalen, dann hätte mir déi Suen. Dofir huet et also en Impakt op de Budget.

Virun allem ass d’Indexdiskussioun eng wou ee muss gesinn, wann zu Lëtzebuerg d’Gehälter ëm 2,5% eropginn, well de Wuerekuerf méi deier ginn ass, an an Däitschland an am Frankräich, wou se keen Index hunn, repercutéiert dat sech net direkt, dann ass et kloer, datt eis Betriber déi am Export sinn do e Problem hu par rapport zu den Nopeschlänner. Et ass déi Diskussioun déi mir musse féieren.

Den Index ass och net nëmmen en Element vu Kompetitivitéit, mä et ass een Element wat an deem Kontext matspillt. Dofir mengen ech, muss een doriwwer eng Diskussioun féieren. An de Staatsbudget huet eng Rei Repercussiounen dovunner. Et ass richteg, bei engem gedeckelten Index, datt de Staat och bei deenen héije Gehälter spuert, déi da manner kréien, awer och op deenen en da manner Steieren erakritt. Dat ass bei den direkte Steiere richteg.

Bei der indirekter Steier ass dat schonn e bësse manner richteg, well net alles wat een am Index kritt, gëtt ee jo och onbedéngt aus. Villes setzt een och do, bei gewëssenen héije Gehälter, op d’Spuerbuch. Dat heescht, et gëtt net direkt alles am Konsum verbraucht.

Jean-Claude Franck: Den LSAP-Fraktiounschef huet an der Chamber, mengen ech, vun engem Nullimpakt quasi geschwat bei engem gedeckelten Index. Ass dat da richteg?

Luc Frieden: Dat hänkt dovun of, dat ass schwiereg ze berechnen. Ech mengen net, datt dat ganz richteg ass, dat hänkt éischter dovun of wou een déi Deckelung mécht. Zweetens [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Déi ass jo bei zwee Mol de Mindestloun ugesat.

Luc Frieden: Bei de Gehälter ass dat héchstwahrscheinlech e bësse méi richteg. Mä am Staatsbudget ginn et och ganz vill aner Kontrakter déi um Index hänken.

Déi 100 Milliounen, déi ech Iech virdrun netto genannt hunn, déi den Index de Staatsbudget kascht, dovunner ass nëmmen ongeféier d’Halschent Gehälter. De Rescht, dat sinn eng ganz Rei Kontrakter, déi de Staat huet, iwwer Conventiounen mat Associatiounen, wou Gehälter nach hannendrun hänken, respektiv Loyeren, an ähnlech Kontrakter déi och um Index hänken. Dat heescht, et ass also vill méi wéi just d’Paië vun de Staatsbeamten. Et sinn also vill Kontrakter déi indexéiert sinn, an do genee herno auszerechne wéi dat mat engem gedeckelten Index wier, dat ass ganz komplizéiert, wéi ee Punktwäert een dann do asetzt, an dofir mussen och doriwwer technesch Evaluatiounen nach gemaach ginn.

Jean-Claude Franck: Wéi positionéiert Dir Iech elo an deenen Diskussiounen déi elo kommen déi nächst Méint? Et solle jo iwwer dat Moosse vun der Kompetitivitéit nei Critèren erstallt ginn. Dat ass eng Saach, dat huet un a fir sech net direkt eppes mam Index ze dinn. Anerer, och an Ärer Partei, och awer bei der DP soen, et muss direkt och eppes iwwer den Index décidéiert ginn. Wéi wäit muss et goen? Muss dëst Joer eng Indexdécisioun falen, an Ären Aen, oder geet et duer, wann elo emol déi Critèrë fir d’Kompetitivitéit einfach iwwerschafft ginn?

Luc Frieden: Déi zwou Saachen hänken enk zesummen.

Ech hätt léiwer gehat, mir hätten elo kënnen eng Décisioun huelen, well mir stelle fest an deenen Étuden déi gemaach gi sinn, net vun der Regierung, mä vun aneren, datt mir Kompetitivitéit iwwer déi lescht Joere verluer hunn. Eis Betriber sti manner gutt do par rapport zum Ausland. A wéi gesot, mir sinn an enger Wirtschaftskris. Eise Secteur industriel an de Secteur vun de Servicen ass manner staark wéi en an der Vergaangenheet war.

Déi Étudë wieren, wat mech ubelaangt, duergaangen, mä et muss een einfach feststellen, datt mir fir de Moment net deen nämmlechte Constat an der Politik a mat verschiddene Sozialpartner, iwwer deen do Punkt hunn. Wiesentlech ass fir mech an der Ërklärung vum Staatsminister, wat jo eng Erklärung am Numm vun der ganzer Regierung, datt mir déi Problematik do bis Enn des Joers mussen ausdiskutéiert hunn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Mam Index?

Luc Frieden: An décidéiert hunn. Selbstverständlech gehéiert dat do dozou, esou wéi d’Pensiounsreform. Eng Regierung ass do fir ze agéieren an net fir einfach do ze sëtzen an nozekucken. Datt een dat net soll am Hauruckverfahre maachen, domat kann ech liewen. Dëst Joer ass jo och net méi éiweg, mä dat ass an deenen nächste 7, 8 Méint wou mir do mussen, hoffentlech am Konsens, eng Äntwert fannen. Ech sinn och zouversiichtlech, datt mir dat kënne maachen.

Jean-Claude Franck: Schwätze mir vläicht iwwer déi eenzel Mesuren, déi elo konkret an deem Spuer- a Steierpak virgesi sinn.

Mir hunn iwwer d’Bankesteier virdru scho geschwat, do ass awer och elo eng Tax virgesinn op verschidde Finanzgesellschaften, déi awer nach à l’étude ass. Den LSAP-President gesäit genuch Sputt fir déi nächst Méint konkret op deem Punkt virun ze kommen. Wéi gesidd Dir dat als Finanzminister?

Luc Frieden: Dat ass eng Iddi déi mir schonn eng Zäitchen hunn. Dat ass bei enger Rei vu Finanzentreprisen, déi wéineg oder keng Steiere bezuelen, datt een do eng fix Steier hätt, déi géing vun all Betrib bezuelt ginn, mat Ausnam natierlech vu klenge PMEen. Well, am Fong kann all Betrib eng kleng Steier bezuelen, mä d’PMEen, déi e puer Leit do schaffen hunn, déi sinn net dovunner betraff. Et geet also hei ëm Betriber, déi hei zu Lëtzebuerg sinn, déi keng Steiere bezuelen, déi awer Aarbechtsplaze kënnen am indirekte Beräich schafen, Typ Soparfi, datt déi do missten eng kleng Steier bezuelen. Dat sinn technesch Saachen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Mä sidd Dir do dofir oder dogéint?

Luc Frieden: Ech war ëmmer do dofir, well déi Iddi ass och aus Aarbechtsgruppen, déi och a mengem Ministère waren, entstanen. Déi belaaschten och net d’Finanzplaz als sollech. Dat ass eng Contributioun, mä déi rett eis net de Staatsbudget.

Jean-Claude Franck: Wat ass dann do ongeféier vu Gréisstevolume, mat wat kann een do u Méi-Recettë rechnen?

Luc Frieden: Dat ass schwiereg ze soen, mä mir schwätzen éischter do am Beräich vun, géing ech mengen – mä dat ass eng riskant Estimatioun – vun 10 bis 20 Milliounen.

Jean-Claude Franck: Misst Dir dat eigentlech net awer och scho wëssen, well dat huet jo da vläicht en Impakt op aner Mesuren, ob een déi da muss maachen oder net, wann nach esou Inconnuen am Pak sinn?

Luc Frieden: Neen, dat ass kloer, dat do ass keng Moossnam déi mir als strukturell Moossnam elo kënne gesi fir hei de ganze Budget ze retten.

An do muss een, wéi gesot, och ëmmer erëm oppassen, an dat ass déi gréisste Schwieregkeet, an dofir ass dat Fragezeichen och nach ganz grouss, déi Entreprisen, déi sinn net zu Lëtzebuerg wéinst Lëtzebuerg. A mir kënnen esou eng Steier nëmmen aféieren, wa mir sécher sinn, datt déi Betriber dann net einfach – wat keng Betriber sinn, wéi gesot, wat legal Strukture sinn – sech zu Dublin, zu Jersey oder zu London etabléieren. An dofir kann et och sinn, datt mir déi Steier herno net kënnen aféieren, wann déi Konsequenz ass.

Dat ass d’Schwieregkeet vun all deenen déi soen, an ech hunn där vill begéint, och héieren op Kongresser, déi einfach soen, huel et bei de Banken a bei deenen Décken. Dat versteet ee ganz gutt, mä de Risiko ass wéi gesot, datt déi, vun deenen eist Land extrem gutt lieft, herno op anere Plaze sinn. Kuckt, zum Beispill hutt Dir héieren an der Ried vum Staatsminister, datt mir op engem Typ vun Investmentfongen elo d’Taxe d’abonnement mussen ofschafen.

Jean-Claude Franck: Géife sträichen

Luc Frieden: Dat ass en Typ vu Fongen, dee mir zu Lëtzebuerg net hunn, deen exklusiv op Dublin geet, well déi hunn déi Steier ne, a wann do e Conseiller deene seet, wou soll ech mech an der Europäescher Unioun etabléieren, da geet deen dohinner wou keng Steier ass. Or, esou Typë vu Fongen, déi schafen awer erëm ganz vill Aarbechtsplazen. Et ass also net, datt ee seet, fir wat hu mir dann déi Strukturen, well se brénge jo keng Steieren eran. Et geet drëm, datt do ronderëm am Beräich vun der Berodung eng ganz Rei Aarbechtsplazen entstinn, dat si jo erëm Konsumenten, dat sinn erëm Leit déi Steiere bezuelen an dofir muss ee bei esou Finanzgesellschafte ganz virsiichteg virgoen, an dofir hu mir dat nach net bis op de leschte Millimeter an eisem Programm virgesinn.

Jean-Claude Franck: Et ass och eng Krisesteier, eng Krisenabgab virgesinn; 0,8% op alle Revenuen. De Premier huet dräi Zorte genannt: Akommes, Dividenden a Loyeren an anerer. Wat ass do nach, wat kënnt nach a Fro?

Luc Frieden: Dat sinn, mengen ech, déi grouss Kategorien déi een op senger Steiererklärung huet. Hie wollt domat soen, et ass net nëmmen op de Gehälter. Et kënne Leit ginn, déi just vu Loyerë liewen, dann ass dat also och do, genee wéi bei der Fleegeversécherung, ginn déi Zorte Revenuë gekuckt. Dat ass eng Krisesteier, an d’Wuert Kris seet, datt se just an der Kris soll opgehuewe ginn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Temporaire.

Luc Frieden: Et ass also net eppes wat éiweg ass. Et ass och eppes wat eis an den internationale Barèmen net soll ze vill negativ stéieren, well do gëtt gekuckt, wann e Betrib iergendwou higeet, wéi vill mussen eis Leit dann an deem Land Steiere bezuelen.

Dofir war et eis Suerg, och déi vum Wirtschaftsminister, fir ze kucken, datt mir net géinge Spëtzesteiersätz maachen déi méi héich wiere wéi an eisen Nopeschlänner. Mir sinn och do e bëssen d’Hänn gebonnen.

Ech hu gëschter héieren, datt eng Partei, déi net am Parlament ass, gesot huet, mir sollen erëm 56% Spëtzesteiersaz maachen.

Jean-Claude Franck: Wat natierlech eng extrem Fuerderung ass par rapport zu deem, wat elo um Dësch ass, mä elo geet ee vun 38% op just 39%. Do leien nach Welten dotëscht.

Luc Frieden: Jo, mä ech wëll just soen, datt déi Leit, déi dat soen, déi hunn nämlech gesot, fréier hate mir dee Spëtzesteiersaz. Dat ass richteg, mä fréier haten och déi aner Länner ronderëm eis méi en héije Spëtzesteiersaz. Ech mengen éischtens, datt, wann een iwwer d’Halschent dem Staat muss ginn, datt dat Leeschtung decouragéiert.

Mä zweetens, wann d’Nopeschlänner e manner héije Saz hu wéi mir, da kréie mir keng Aktivitéiten. De Gros vun eise Betriber, an dat muss een ëmmer erëm rappeléieren, ass net hei zu Lëtzebuerg wéinst dem Lëtzebuerger Maart, en ass hei wéinst dem internationale Maart. An déi Krisesteier hei mat 0,8%, dat ass sécherlech eng Belaaschtung, mä keng exzessiv Belaaschtung. An der Kris muss jiddwereen e Bäitrag leeschten.

Ech huelen zum Beispill eng Famill, e Ménage deen 80.000 Euro als besteierbart Akommes huet, wou also schonn eng Rei Saachen ofgerechent ginn. Dee géing da 600 Euro pro Joer an der Kris maachen als Contributioun zu dem Problem dee mir hunn. Ech mengen, datt dat desagréabel ass, mä awer akzeptabel, wann ee kuckt, wéi am Ausland d’Gesamtsteierlaascht ass. Well ech erënneren och drun, datt fir jiddwereen e Montant immuniséiert ass op der Héicht vum soziale Mindestloun [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Fir jiddwereen, net nëmme fir [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Fir jiddwereen, och fir deen, deen als Famill 80.000 Euro Akommes huet, och do gëtt de Mindestloun ausgerechent, ausgezunn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Esouguer, datt dat also nach e bësse manner wéi 600 da gëtt?

Luc Frieden: Neen, dat ass an deem Montant vu 600 berücksichtegt.

Dofir mengen ech och, datt ee generell muss gesinn, datt zu Lëtzebuerg d’Steieren am Verglach zum Ausland nach ëmmer raisonnabel sinn, an dat ass och gutt esou.

Mir hunn also hei wuel eng Steieraugmentatioun gemaach, mä keng déi d’Familljen ze vill belaascht. Meng Suerg war grouss dofir ze suergen, datt déi Leit, déi hei am Land schaffen, déi eng Famill opbauen, datt déi net iwwerméisseg belaascht ginn. Dofir sinn Iddië wéi d’TVA-Logement ze erhéijen och vun der Regierung net zréckbehale ginn.

Jean-Claude Franck: Mä dat heescht, fir nach eng kuerz op d’Krisesteier zréckzekommen. Déi gëtt um Enn vum Joer op Basis vun der Steiererklärung am Fong gerechent. Et ass elo näischt wat een all Mount, zum Beispill, vum Salaire ofgehale kritt?

Luc Frieden: D’genee Modalitéite si mir amgaangen ze kucken, elo komme jo eréischt déi Gesetzer. Mir wäerten eis staark un deem inspiréiere vun der Assurance dépendance, mat deem Ënnerscheed, datt d’Assurance dépendance natierlech vun der Sécurité sociale berechent gëtt. Hei si mir am Beräich vun de Steieren, dat muss also d’Steierverwaltung maachen. An et ka sinn, datt mir do e Mix maachen, datt e Stéck vun dem Patron muss zréckbehale ginn, an de Rescht natierlech gerechent gëtt op der Steiererklärung, well jo d’Steierverwaltung déi eenzeg ass, déi gesäit wat aner Akommesaarte sinn, dat weess jo net den Arbeitgeber.

Jean-Claude Franck: De Premier huet e Mëttwoch um état de la nation näischt gesot iwwer d’Reduktioun vun der Kilometerpauschal. Ass déi Reduktioun ëm 50% dann awer virgesinn elo?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat an der Ried vum Staatsminister war, mä déi musse mir dann zesummen nach eng Kéier noliesen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: En huet et kuerz herno ernimmt beim Index a beim ëffentlechen Transport, mä bei de Steieren als richteg Mesure huet hien et am Fong net.

Luc Frieden: Déi Moossnam ass zréckbehale ginn.

Jean-Claude Franck: A wat bréngt dat eran?

Luc Frieden: Dat bréngt 50 Milliounen d’Joer dem Staat méi eran

Jean-Claude Franck: Dat ass eppes wat am Fong och jiddweree betrëfft, dat ass also näischt wat elo no soziale Critèren iergendwéi gestaffelt wier?

Luc Frieden: Dat ass richteg. Et muss ee wëssen, datt dat awer deen Abattement ass, deen haut deen deiersten Abattement ass, deen de Staat huet.

Wësst Dir, och dat ass keng agreabel Moossnam. Mä ech wëll nach eng Kéier soen, all déi Moossnamen, do géing ech léiwer soen, mir maache keng vun deene Saachen. D’Fro stellt sech ëmmer, wat mir musse maachen, fir datt mir net eist Land an eng dramatesch Situatioun erabréngen? An dofir, wa jiddwereen e klenge Bäitrag leescht, da brénge mir et fäerdeg, datt och eis Kanner e relativ héije Liewensstandard an Zukunft kënnen hunn.

Jean-Claude Franck: Dir hutt elo d’Kanner genannt. Eng contestéiert Mesure ass och d’Kannergeld, bis op gewëss Ausnamen, ebe just bis 21 Joer auszebezuelen. Dofir ginn et dann awer méi Boursen a Prêten. Eng Äntwert déi d’Regierung dem Land awer nach schëlleg ass, wou dann déi 40 Milliounen Euro solle gespuert ginn, déi genannt goufen?

Luc Frieden: Éischtens emol weess ech, datt och dat ganz vill Leit mat Onverständnis entgéint geholl hunn, vläicht och well ech am Ufank net op där Pressekonferenz konnt den Detail vun deem Boursëmechanismus mat erklären.

Et muss ee wëssen, datt an deene meeschte Länner an Europa d’Kannergeld nëmme bis 18 Joer bezuelt gëtt, nämlech da wann d’Kanner groussjäreg ginn. Well ganz vill Länner soen, da gëtt et e Recht vum Kand op eng Hëllef vum Staat fir studéieren ze goen, an d’Kand ass dann net méi e Kand wat ofhängeg ass vun den Elteren, well et ass jo da majeur, et huet also d’Rechter an och eng Rei Flichten, déi et virdrun net hat, well et vun den Elteren ofgehangen huet, op d’mannst en droit, well selbstverständlech och duerno ganz vill Eltere sech ganz gutt ëm hir Kanner bekëmmeren, an déi Jugendlech dann och mat hiren Eltere ganz gutt zesumme fonctionnéieren.

Fakt ass awer, datt mir gesot hunn, mir hunn haut eng gréisser Zomm déi mir do ausginn, wou mir net genee wësse, ob déi Kanner wierklech nach an enger Formatioun sinn oder net [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Dat kéint ee jo och iwwerpréiwen op anerem Wee, oder net?

Luc Frieden: Mir kënnen dat och schwiereg iwwerpréiwen, besonnesch wann déi Leit net am Lëtzebuerger Land wunnen.

A mir hu gesot, mir maachen e System deen d’nämmlecht ass wéi an anere Länner; mir bezuelen d’Kannergeld net bis 18, mä mir gi bis 21 Joer, well mir och am Lycée feststellen, datt nach eng Rei Kanner do sinn, déi méi grouss sinn. Mir hu jo och gesot, wann och elo e Kand mat 22 oder 23 Joer nach an engem Lycée ass, da kréien déi Eltere weider d’Kannergeld, dat dierfte keng enorm Zuele sinn.

Mä fir do driwwer soe mir, wann dann ee wëll op d’Uni goen, a mir fannen dat positiv, da gëtt de Staat deem eng Bourse, déi ass net remboursabel, déi hänkt och net méi zesumme wéi haut mat dem Akommes vun den Elteren. An doniewent kann een och nach e Prêt fir 2% kréien. Mir iwwerhuelen dann den Taux dee méi héich ass, mir bezuelen dann den Ënnerscheed an deenen nächste Joeren, wann d’Zënsen erëm méi héich ginn.

Jean-Claude Franck: Mä wou ginn dann déi 40 Millioune gespuert?

Luc Frieden: Well éischtens net jiddwereen héchstwahrscheinlech eng Bourse siche kënnt. Net all Kand hëllt e Prêt, an net all Kand wäert eng Bourse huelen.

An zweetens, vu datt déi Kanner déi am Ausland wunne vun hiren nationale Boursësystemer kënne profitéieren, Boursësystemer sinn ëmmer national, no Résidence opgebaut, musse mir déi do Dépense an Zukunft net exportéieren, wou mir net gesinn, wou genee déi Formatiounë vun deene Kanner am Ausland gemaach ginn.

Jean-Claude Franck: D’Fonctionnementskäschte beim Staat dann, do gouf et eng Diskussioun, ob da net och schonn 2010 kéint ugefaange gi fir déi ze kierzen, lafend Dépensen, zum Beispill, an de Ministèren?

Luc Frieden: Ech mengen, datt alles wat am Budget steet net muss ausgi ginn. An ech spiere schonn, och bei de Staatsbeamten, wat jo am Regelfall ganz seriös Leit sinn, datt déi net do drop an derwidder alles ausgi wat am Budget steet. E Budget ass ëmmer e Recht vun engem Ministère fir auszeginn, mä keng Flicht fir auszeginn. An dofir mengen ech schonn, datt iwwerall e bësse méi zougedréint gëtt.

Et muss een awer och wëssen, datt mir gesot hunn, an der Kris géinge mir elo net d’Ekonomie futti spueren. Wann de Staat Fonctionnementskäschten huet, déi Sue gëtt hien engem Drëtten. Dat heescht, wa mir Pabeier kafen, wa mir eppes akafen, dann ass dat ëmmer bei engem Drëtten. Wa mir Computerprogrammer schreiwe loossen, da liwwert een eis déi.

Dat heescht, wann de Staat an deenen nächste Joere Fonctionnementskäschte spuert, vum nächste Joer un, dann trëfft dat och d’Ekonomie, a wéi gesot, an der Kris wier et net gutt, wa mir dat géingen ze brutal, ze schnell maachen, dofir leeft dat eréischt d’nächst Joer un. Mä dat heescht net, datt mir dëst Joer alles ausginn. Iwwregens och déi lescht Joere ware mir ëmmer relativ strikt fir net alles auszegi wat am Budget steet

An dat erkläert och, fir wat mir iwwer déi lescht 15 Joer ganz oft um Enn vum Joer Iwwerschëss haten. Dat war net nëmme well méi Einname komm sinn, dat ass och well mir net all d’Suen ausginn hunn. Dat ass eng Politik, déi ech och wëll esou mat de Kollegen an der Regierung weider maachen.

Jean-Claude Franck: Mir kommen esou lues un d’Enn vun der Emissioun. Interessant a wichteg och fir d’Recettë vum Lëtzebuerger Staat an Zukunft ass natierlech och d’Evolutioun vum Bankgeheimnis, dat staark ënner Drock steet. Fir wéini rechent Dir domat, datt Lëtzebuerg muss op den automateschen Informatiounsaustausch iwwergoen?

Luc Frieden: Déi Äntwert kann ech Iech haut net ginn. Mä Fakt ass, datt dat Bankgeheimnis weider ënner extremem Drock bleift. Schonn um nächste Conseil vun de Finanzministeren am Mee wäert dee Punkt erëm um Ordre du jour stoen. A mir stelle fest, obschonn datt mir d’Bankgeheimnis jo nach hunn a mir hunn et net geännert, mir eng Rei vu grousse Schwieregkeeten duerch dat Bankgeheimnis hunn. Amnestien déi am Ausland gemaach ginn, Klaue vun Daten, alles dat gëtt jo gemaach fir d’Clientë vun der Lëtzebuerger Finanzplaz ze destabiliséieren.

Et muss ee sech also och iwwerleeën, wann een et bäibehält, wat kann da geschéien? Déi Onsécherheet, déi aner Länner bewosst schafe fir d’Leit duercherneen ze maachen, déi huet also och e Präis, an déi ass schwiereg fir d’Evolutioun vun eiser Finanzplaz fir d’Zukunft. Mir behale vläicht Clienten, mir kréie kaum neier dobäi, well d’Leit sech froen, wat geschitt dann do?

An dofir si mir der Meenung, datt ee muss kucken, datt ee kann do evoluéieren, mä ech gesinn an dësem Moment kee Kompromëssvirschlag vun der spuenescher Presidence, ech gesinn iwwerhaapt kee Kompromëssvirschlag [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Evoluéieren, heescht dat dann noginn? Dir hutt och nämlech ëmmer gesot, et kann een net éiweg blockéieren.

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat richteg ass, datt een net éiweg ka blockéieren, well déi aner Länner Sanctiounë géint een huelen, dat sinn net juristesch Sanctiounen, mä dat wat an deene leschte Méint geschitt ass, déi Amnesties fiscales, Beispill Italien, Belsch, hunn dozou gefouert, datt d’Bankgeheimnis fir déi Clientë vun deem Land eng ganz aner Nues kritt hunn.

An dofir, wann en uerdentleche Kompromëss eng Kéier kënnt, notamment iwwer d’Fro wéi mir dann déi Quellesteier regelen, och mat Drëttstaaten, wéi evitéiere mir, datt d’Kapital einfach offléisst an Drëttstaaten, wa mir doriwwer Äntwerte fannen, da kann een evoluéieren. Esou wéi mir och d’lescht Joer evoluéiert sinn, wéi mir d’OECD-Standarden iwwerholl hunn, esou wéi mir evoluéiert hunn am Joer 2000 wéi mir d’Quellesteier agefouert hunn.

Mir maachen net hei am Hauruck-Verfahren eppes, wat eisem Land, eiser Ekonomie an hiren Aarbechtsplaze géing schueden. Mä einfach sech dohinner sëtzen ze goen a bei allem Neen ze soen, ass keng gutt Situatioun fir Lëtzebuerg.

Also wäerte mir eis konstruktiv un deenen Debatte bedeelegen, mä ëmmer d’Interesse vun eisem Land am Kapp hu wa mir Décisiounen huelen. Mä déi Décisiounë gesinn ech net, a scho guer net wéinst der Kris, fir datt déi kuerzfristeg geholl ginn.

Jean-Claude Franck: Eng Personaliëfro um Enn: d’Mandat vum Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank leeft Enn des Mounts aus. D’Décisioun iwwer den Nofolger ass offiziell nach net gefall, déi misst jo eigentlech awer an den nächsten Deeg falen, an der Regierung?

Luc Frieden: Dat ass richteg. De Minister deen zoustänneg ass fir d’Relatiounë mat der Zentralbank ass den Tresorsminister, wat och de Staatsminister ass. An ech mengen, datt dee mam Här Mersch doriwwer schwätzt fir ze kucke wat d’Intentiounë vum Här Mersch sinn, an da wäert d’Regierung effektiv virun deem Datum eng Décisioun doriwwer huelen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et ass nach net kloer, datt et en Neie gëtt. Well den Yves Mersch dierf jo am Fong nach bleiwen.

Luc Frieden: Selbstverständlech, wann dat de Wonsch vun där Persoun ass, ass dat en Element wat an der Décisioun vun der Regierung natierlech matspillt, esou wéi dat och an der Vergaangenheet matgespillt huet, well mir hunn den aktuelle President vun der Zentralbank jo schonn eng Kéier verlängert, en huet also elo schonn 2 Mandater kritt, an déi Méiglechkeet besteet och fir d’Zukunft.

Jean-Claude Franck: Wat deemools e bëssen ze spéit geschitt war, esou datt et am Fong misst elo an den nächsten Deeg awer dës Kéier da klappen.

Luc Frieden: Dat hat keng Konsequenz op de Fonctionnement vun der Zentralbank, mä mir wäerten dat an deene richtegen Délaië selbstverständlech maachen.

Jean-Claude Franck: An domat geet eis Emissioun “Riicht eraus�? op en Enn. Bei eis live am Studio war den CSV-Finanzminister Luc Frieden. Merci, datt Dir bei eis waart.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour