Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet du projet de budget de l'État pour l'exercice 2010

Frank Goetz: Här Frieden, Dir hutt de Moien en Antikrisebudget presentéiert. Dozou gehéiert, an dat sot Dir jo och, datt d’Kafkraaft vun de Leit soll héich bleiwen. Dir wëllt dofir d’Steieren net erop setzen. Mä fir wat setzt Dir se zum Beispill net erof, wéi dat elo an Däitschland annoncéiert ass?

Luc Frieden: Ech mengen, datt ee muss kucken an der Kris näischt ze maache wat kann zevill destabiliséieren. Wa mir elo d’Steieren erof gesat hätten, dann hätte mir den Defizit nach vergréissert.

Mir wollten awer zugläich, an dofir ass et jo en Antikrisebudget, näischt maache wat elo géing de Leit oder den Entreprisen direkt schueden.

Virdrun hunn ech den Här Soisson vun der FEDIL héieren, dee gesot huet, an engem Betrib, wann een en Defizit huet, da spuert een direkt. Och mir hätte kënne mam Hummer dra schloen; mir hätte kënnen d’Paien ëm 10% kierzen, d’Kannergeld ëm 10% kierzen, d’TVA ëm 2% erop setzen. Wat wier da geschitt? Dann hätte mir kuerzfristeg keen Defizit, mä d’Betriber zu Lëtzebuerg hätten enorm Problemer, an d’Leit wéissten net, wéi se kéinten d’Enner beienee kréien. An dofir muss een, wann een e Land féiert, no anere Critèrë fueren.

Et muss ee selbstverständlech e mëttelfristegt Zil hunn, dat ass ausgeglache Staatsfinanzen. Dat Zil hu mir, a mir loossen net einfach zou, datt et méi Defizit gëtt. Mä et muss een dat op eng wirtschaftsfrëndlech a sozial responsabel Aart a Weis maachen [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Mä just kuerz nogefrot, ass do Lëtzebuerg an Däitschland, ass dat wierklech Äppel mat Bieren da verglach?

Luc Frieden: Jo, éischtens emol ass déi nei däitsch Regierung nach iwwerhaapt net do. Mir musse selbstverständlech, wat d’Konkurrenzfäegkeet vun eiser Ekonomie ubelaangt, ëmmer kucke wat an den Nopeschlänner geschitt. Ech erënnere just drun, datt déi däitsch Regierung, déi nach am Amt ass, d’TVA op 19% gehéicht huet. Lëtzebuerg huet eng TVA vu 15%.

Wat déi nei däitsch Regierung mécht, do loosse mir eis emol iwwerraschen a mir wäerten dat mat deem neien däitsche Finanzminister dann diskutéieren. Mat deem hu mir jo och nach aner Saachen ze diskutéieren.

Joelle Hengen: D’Steiere ginn d’nächst Jor also net erof, si ginn awer och net erop. Dir sidd och géint massiv Steiererhéijung, och an deenen nächste Joere wëllt Dir dat net maachen. Mä trotzdem, dolaanscht komme mir jo net, datt se wéinstens e bëssen an d’Lut ginn. Wat kënnt dann op d’Bierger zou an den nächste Joeren?

Luc Frieden: Et kënnt op d’Bierger zou, datt mir net wëllen, datt mir laangfristeg zu Lëtzebuerg an enger Situatioun si wou mir esou héich Steieren hunn, datt d’Leit vun deem wat se erschaffen net méi vill iwwereg hunn, respektiv datt d’Betriber op aner Plaze ginn. Dofir huet een an de Steieren net enorm vill Margen.

Wann een e Budget mécht, a wann een en Defizit huet, muss ee sécherlech och iwwer déi eng oder déi aner Steier kënnen diskutéieren, mä et muss ee fir d’éischt emol kucken, datt een d’Dépensë reduzéiert kritt.

D’Steiere musse leeschtungsfrëndlech a wirtschaftsfrëndlech sinn. Net wirtschaftsfrëndlech well ee wëll Cadeauë maachen, mä well ee muss kucken, datt an enger oppener Ekonomie – an eis Ekonomie ass enorm oppen, eis Finanzplaz ass eng international Finanzplaz, eis Betriber exportéieren – datt do d’Steierlaascht net substantiell anescht ass wéi an deenen anere Länner.

Mä et muss ee beim Budgetsdefizit dofir der Rei no fir d’éischt kucken, wat fir eng Ausgabe kann ee kierzen, an da kucken, wéi finanzéieren ech dat wat dann nach bleift, an dat muss dann an engem Pak sinn, an dofir brauch een Zäit. Dat kann een eréischt maachen no där Kris, well an der Kris dat maachen, nach eng Kéier, da géinge mir d’Problemer nëmme vergréisseren.

An dofir hu mir exzeptionell – esou wéi iwweregens den europäesche Stabilitéitsprogramm dat virgesäit, de Stabilitéitspakt seet jo, déi 3% Maastricht Critèren, déi spillen en fait net an der Kris. An der Kris kann een den Defizit e bësse méi lafe loossen, dat sinn déi esou genannten automatesch Stabilisateuren. Mä ausserhalb vun der Kris muss ee Reserven uleeën. A mir hu Reservë gemaach. Mir hunn och elo nach an eise Fongen, iwwer déi mir virun allem Infrastrukturprojetë bezuelen, hate mir Uganks des Jors 2,2 Milliarden.

Mir hunn also déi Politik gemaach, mä mir sinn elo an enger extrem schwiereger Situatioun. An ech si frou, am Fong, ze gesinn, an Ärer Reportage, datt jiddweree gesot huet, et dierf net bei deem Defizit bleiwen. Dofir ginn ech och dovun aus, datt jiddwereen d’Regierung wäert ënnerstëtzen, wa mir Spuermoossnamen am Laf vum nächste Jor wäerten diskutéieren an décidéieren.

Joelle Hengen: Mä wat kënnt dann op d’Privatleit steierméisseg zou? D’Solidaritéitssteier gëtt jo souwisou ëmmer emol erëm ugeschwat. Wat muss ee sech erwaarden?

Luc Frieden: Ech mengen, datt een net kann eng punktuell Moossnam, sécherlech net haut, eraus picken. Well keng eenzel punktuell Moossnam op der Steiersäit géing de Problem léisen.

Déi, déi mengen, et géing duer goen, datt een elo einfach géing de Spëtzesteiersaz ëm 1% héijen, oder just géing d’TVA ëm 1% héijen, déi iere sech. Dat sinn Zommen, déi am Beräich leie vun 100, 150 Milliounen, dat geet net duer fir de Problem ze léisen. Dofir [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: À propos, Här Frieden, mir haten iwwer Internet d’Leit gefrot fir Froen un Iech ze stellen, an effektiv en Här vu Mertert wëll wëssen, ob d’TVA gehuewe gëtt fir de Budgetsdefizit do ze stoppen?

Luc Frieden: Mir hu gesot, datt mir fir d’Jor 2010 keng Steieren héijen, well mir mengen, datt dat an der Kris dat falscht Zeeche wier. Generell si Steiererhéijungen net gutt fir d’Leit, well et e Stéck Kafkraaft ewech hëllt, mä de Staat brauch natierlech Steieren. Dofir kann een ni total Steieraugmentatiounen ausschléissen.

Mä an dësem Moment, dat heescht fir d’Jor 2010, kënnt et net zu enger Steiererhéijung.

An ech soen, fir d’Joeren 2011 an 2012 kann d’Diskussioun iwwer Steiererhéijungen net déi éischt Diskussioun sinn. Éischt Diskussioun ass, wéi kréie mir d’Investitiounsausgabe gebremst. Op engem héijen Niveau musse se bleiwen, esou datt d’Betriber, déi dovunner profitéieren och eppes ze schaffen hunn, mä eis wuessen all Joer un. Mir kënnen net alles baue wat an deene leschte Joeren an de Käpp vun de Leit war.

A bei de sozialen Transferten, mir hunn en enorm staarke Sozialbudget, wou mir quasi jiddwereen, heiansdo aus guddem Grond, d’selwecht behandelen. Mir mussen héchstwahrscheinlech op e Wee goen, datt déi, déi méi Solidaritéit brauchen, ënnerstëtzt gi vum Staat, an déi déi méi eege Mëttelen hunn, datt déi e bësse méi mussen och Eegebäitrag maachen.

Frank Goetz: Kënnt Dir do e bësse méi konkret soen, wien Dir do mengt? Wie sinn déi eng, a wie sinn déi aner?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et an der Gesellschaft esou ass, datt et Leit ginn, déi méi verdéngen, an et ginn där déi manner verdéngen.

E Mindestlounbezéier dat ass sécherlech een, bei deem een net kann ufänken andeem een deem d’Kannergeld oder Allocation de rentrée, oder Primë fir ze bauen ewech hëllt.

Bei engem, deen awer vill méi verdéngt, do muss een driwwer diskutéieren, ob et net besser ass, datt ee verschidden Ausgabe kierzt, Subventiounen déi dee kritt, besser dat ze maachen, wéi wann een einfach d’Steiere vun deem géing héijen.

Mä doriwwer géing ech gären diskutéieren. Mir liewen an engem Land – an dat ass och den Ënnerscheed zu engem Betrib, an engem Betrib kënnt den Direkter eran an dee seet, esou vill Leit kréien hir Pai gekierzt, esou vill Leit mussen dat do maachen – well mir eng Demokratie sinn, well mir och gären hätten, datt déi Efforten déi mir maache gedroe ginn, wäert ech an deenen nächste Wochen Consultatioune féiere fir emol ze héieren, wou dann déi eenzel Leit mengen, datt ee kéint dee gemeinsamen Effort fir equilibréiert Staatsfinanze fannen.

Mä dann ass et natierlech un der Regierung fir Initiativen ze huelen am Laf vum Jor 2010. An Dir hutt et héieren, déi Diskussiounen déi elo an Europa lafen, ech fuere muer mam Staatsminister op Göteborg op den ECOFIN, wou et drëm geet, wéi ginn och déi aner Länner aus deem Defizit eraus.

Eisen Defizit ass manner héich wéi dee vun eisen dräi Nopeschlänner. Eis Staatsschold ass vill, vill manner héich wéi déi vun eisen dräi Nopeschlänner. Et geet also drëm, fir koordinéiert aus dem Defizit an aus der Schold eraus ze kommen. Wann dat net koordinéiert geschitt, da kënne mir eng zweet Kris provozéieren, an dat dierf net geschéien.

Dofir ass Europapolitik, dat wat mir am Eurogrupp diskutéieren, am ECOFIN, extrem wichteg och an dësem Kontext.

Joelle Hengen: Mä wéi laang ass dat tragbar? Mir maachen Defizit, mir ginn nei Sue léinen, Dir wëllt net an eng Scholdfal erafalen, Dir wëllt déi zukënfteg Generatiounen net belaaschten. Wéi laang ass dat Ganzt tragbar?

Luc Frieden: Mir wëllen dat net, an dat wäert och net geschéien. Als Finanzminister vun dëser Regierung soen ech, datt mir dat net wäerten zouloossen, an d’Kollegen an der Regierung gesinn dat genee d’nämmlecht.

Esou laang d’Kris amgaangen ass, wëlle mir net déi Aschnëtter maachen, déi d’Kris géinge verschlëmmeren.

Mir ginn dovun aus, datt een 2011, héchstwahrscheinlech, hoffentlech schonn am 2. Deel 2010, déi Reprise e bësse spiert, an et ass dee Moment wou sech de Staat muss aus der Ekonomie e bësse méi zréck zéie wéi virdrun.

Mir kënnen – Dir hutt gesinn, datt mir elo d’nächst Jor héchstwahrscheinlech eng Staatsschold hu vun 19%, mir si wäit ewech vun deene 60% vu Maastricht – wa mir näischt änneren, kee Moment vun der Legislaturperiod, ganz no dohinner kommen. Mir wëllen net dohinner kommen.

An dofir mengen ech, datt mir musse fir 2011 an 2012 graduell sozialgerecht Aspuerunge maachen, mat engem equilibréierte Steierpak kombinéiert, fir datt mir dann erëm 2012, 2013, 2014 an enger Situatioun sinn wou eis Staatsfinanze méi gesond sinn.

Mä mir liewen an enger internationaler Ekonomie. Vergiesst net, wat ech virdru gesot hunn, alleng kënne mir net alles maachen. Mir mussen also ëmmer och kucke wéi d’Weltwirtschaft ass, a mir mussen eis ganz schnell adaptéieren, deemno wat do geschitt. Well eis Ekonomie hänkt vum Ausland of a mir kënnen net alleng hei décidéieren, besonnesch net an der Steierlandschaft, ouni ze kucke wat ronderëm eis geschitt.

Joelle Hengen: Dir sot, eis Staatsfinanze sinn net méi gesond. An deem Kontext krute mir eng weider Fro iwwer den Internet un Iech era gereecht. An zwar en Här vu Guedber, dee freet sech, wéi et méiglech ass, no 20 Joer Wuesstëm, datt elo op eemol kee Geld méi do ass?

Luc Frieden: Eis Staatsfinanzen, d’Gesondheet vun de Staatsfinanze kann een net nëmmen op engem Moment kucken. Eis Staatsfinanze sinn an deem Sënn, haut hu se de Schnapp, a mir musse kucken, datt se net eng durabel Krankheet kréien.

Mir hunn an deene Joeren – an ech hu jo déi lescht 11 Joer och d’Budgetë gemaach – all déi Iwwerschëss déi mir haten, och nach déi vun 2006, 2007, 2008, wou mir méi era kritt hu wéi mir erwaart hunn, hu mir déi op d’Säit gesat fir ebe grad elo déi Infrastrukturprojeten ze finanzéieren.

Den Defizit vun dësem Jor, zum Beispill, gëtt exklusiv finanzéiert mat Suen, déi mir op d’Säit geluegt hunn. Deen Defizit, deen Dir hei affichéiert, ass jo den Ënnerscheed tëscht den Einnahmen an Ausgabe vun engem Jor. Mir hu Reserven ugeluegt, mir hunn eng Staatsschold déi méi niddereg ass, an dat ass d’Äntwert op déi do Fro. Jo, mir hunn et esou gemaach, wéi een dat muss maachen. Wa méi era kënnt, gëtt et op d’Säit geluegt fir laangfristeg Projeten ze finanzéieren.

Elo kënne mir léine goen, mir dierfe just net ze vill léinen, well soss musse mir dat eng Kéier mat Steiererhéijunge finanzéiren. Dat ass net dee Wee, dee mir wäerte goen.

Frank Goetz: Här Frieden, Dir sot, et kann een net méi alles baue wat een am Kapp huet. Sot eis emol konkret, op wat musse mir da verzichten?

Luc Frieden: Doriwwer muss tëscht deenen eenzelne Ministeren diskutéiert ginn. Mir hunn am Kader vun dësem Budget Objektiver, finanziell Objektiver gesat.

Wa mir alles dat géinge baue wat mir elo an der Pipeline hunn, da géinge vum nächste Jor, wou mir 1,9 Milliarden Investitiounsausgaben hunn, dat Jor duerno déi klammen op 2,4 Milliarden, an et géing esou weider goen. Dat ass net ze finanzéieren.

Also hu mir gesot, déi eenzel Ministeren, ugefaange mam Minister fir den Développement durable, dee jo fir aner Ministeren am Fong baut, dee muss Gespréicher féiere fir ze kucken, wéi kommen ech vun 2,4 Milliarden op 2 Milliarden erof.

Dat heescht net, datt net alles ka gebaut ginn. Dat heescht vläicht, datt verschidde Saache méi bëlleg musse gebaut ginn, datt verschidde Saache méi spéit musse gebaut ginn. An datt och, drëttens, verschidde Saachen net gebaut ginn.

Frank Goetz: Kommt, mir huelen nach eng Fro, déi eis iwwer Internet gestallt gouf. En Här aus der Stad wëll nämlech elo wëssen, ob nach genuch Suen do sinn, fir zum Beispill deen neie Prisong zu Suessem ze bauen?

Luc Frieden: All, all Projet muss hanner där do Fro zréck stoen.

Mir hu gesot, am Regierungsprogramm, alles steet ënner Finanzéierungsvirbehalt, mä et wier ze einfach fir ee Projet eraus ze huelen an ze soen, da maache mir deen do, dann ass de Problem geléist. De Problem ass méi substantiell wéi dat. An ech mengen, datt een ouni Tabu muss un all déi Froen erugoen.

All Ausgab vum Staat, all Investitioun vum Staat ass a Fro gestallt, mat där Ausnam, oder mat deem caveat, datt mir dat mussen op eng sozial gerecht Aart a Weis maachen.

Mir mussen eben, an och dat ass en Ënnerscheed mat enger Entreprise, dofir suergen, datt och de soziale Gruef tëscht de Leit net ze grouss gëtt.

Mir hunn an eisem Land vill manner sozial Konflikter wéi am Ausland. An dat huet och domat ze doen, datt mir ëmmer versicht hunn, do wou sozial Problemer sinn, fir déi op iergend eng Aart a Weis zouzeplooschteren, och duerch finanziell Ënnerstëtzung.

Dat heescht net, datt een d’Suen zur Fënster dierf eraus geheien. An dat wäerte mir net maachen. Mir si fir eng responsabel Finanzpolitik, an dat verlaangt, datt een och op Saache verzicht. Dat wäert net einfach ginn, well bei alles wat mir wäerte proposéieren Diskussioune kréien, och mat deenen, déi haut gesot hunn, si wieren d’accord a si géinge fannen den Defizit misst reduzéiert ginn.

Mä d’Regierung ass fest gewëllt dofir ze suergen, datt um Enn vun dëser Legislaturperiod mir erëm gutt Staatsfinanzen hunn. Hoffentlech, wéi gesot, kënnt d’Reprise och geschwënn, mä et kann ee sech net nëmmen op d’Reprise baséieren. Well och wann et elo liicht besser geet, heescht dat net, datt d’Steiereinnamen schnell an d’Lut ginn.

An dofir ass dat Geféierlechst wat een elo kéint mengen, wann ee seet, mir hunn eng Croissance vun 1% d’nächst Jor, wat vill manner ass wéi déi 5% déi mir an der Vergaangenheet haten. Deen 1% méi heescht net direkt esou vill Prozent méi an de Steieren. D’Steiere kommen ëmmer eréischt e puer Joer duerno.

Mä mir maachen eng Finanzpolitik net fir ee Jor, mir maachen eng Finanzpolitik fir eng Legislaturperiod.

Joelle Hengen: Ech wollt nach ganz kuerz eng Kéier op d’Ausgabesäit kucke goen, do sot Dir, d’Paië vun de Staatsbeamten déi maachen en décke Batz aus vun den Ausgaben, déi kann een net einfach esou kierzen, dofir brauch et eng Gesetzesännerung. Dat wollt Dir net maache fir 2010. Heescht dat, datt d’Staatsbeamtepaien eréischt 2011 gekierzt ginn?

Luc Frieden: Ech hu weder dat Eent nach dat Aanert gesot.

Ech mengen, datt all d’Ausgabe mussen diskutéiert ginn, an datt beim Staat, wéi an all Privatbetrib, et och e Sozialdialog gëtt, an datt een déi do Froë muss diskutéieren am Kader vum Sozialdialog. De Staat ass e responsabele Patron. A virun allem mengen ech, muss een emol kucken, datt d’Ausgaben net weider uwuessen.

Dofir, tëscht kierzen, a weider uwuesse muss een Diskussioune féieren. Mä et kann net, wéi an der Vergaangenheet, bei deenen do, wéi bei aneren Dépensen, esou weider goen.

An ech sinn do voll Vertrauen, datt all d’Sozialpartner, déi am ëffentleche Secteur, mä och déi am private Secteur, an déi nämmlecht Richtung do wäerte zéien.

Frank Goetz: Fir wat huet eigentlech den neie Finanzminister net vill vun der Finanzplaz geschwat? Hei kënnt jo awer ee vun deene gréissten Abréch op der Recettësäit?

Luc Frieden: Ech wollt de Moien déi Presentatioun vun deem Budget do net iwwerméisseg an d’Längt zéien. Et ass och virdrun am Reportage gesot ginn, mir hätten net iwwer d’Diversifikatioun geschwat, iwwer d’Konkurrenzfäegkeet vun de Betriber. Dat war net de Sujet de Moien.

De Sujet de Moien an der Chamber war, datt ech den Deputéierten d’Eckwäerter vum Budget 2010 virgestallt hunn.

D’Finanzplaz ass a bleift dee wichtegste Secteur an der lëtzebuerger Ekonomie, wat d’Recettë vum Staat ubelaangt. Mir mussen dee weider consolidéieren, weider ausbaue mat neie Marchéen, mat zousätzleche Produkter.

An doniewent brauche mir eng Diversifikatioun vun der Wirtschaft, a mir mussen zesummen, mat dem Patronat, kucken, zesummen och mat de Gewerkschaften, wéi mir kënne sécher stellen, datt d’Betriber zu Lëtzebuerg konkurrenzfäeg sinn. Dofir hu mir en Instrument zu Lëtzebuerg, dat ass d’Tripartite. Mä niewent der Tripartite hu mir och déi Consultatiounen, déi ech wäert féieren.

Mä et ass wichteg, datt mir ouni eng staark Ekonomie net aner Ausgaben hei am Land tätege kënnen. Dat Ganzt hänkt jo zesummen. Dofir mengen ech, ass et wichteg, datt mir weider op d’Diversifikatioun setzen.

Mä fir datt d’Diversifikatioun klappt, brauch een e favorabelt Ëmfeld, brauch ee Rahmebedingungen, déi och Betriber unzéien. Dat geléngt eis, et ass schwiereg an der Kris, mä ech stelle fest, datt mir an deene leschte 5 Joer op der Finanzplaz 12.000 Aarbechtsplaze geschafen hunn. Elo ginn der eng Rei ofgebaut. Mä mir musse kucken, datt mir neier kréien. Dofir fueren ech nach am Oktober [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Et gouf awer och gesot, datt keng nei géifen agestallt ginn.

Luc Frieden: Jo, mir wäerten d’nächst Jor e Réckgang vun dem Emploi vun eppes 0,5% hunn.

Mä ech fueren zum Beispill am Oktober an Asien, fir do ze kucken, Hongkong, Singapur, d’Finanzplazen, fir do eis Produkter weider un de Mann oder d’Fra ze bréngen. Dat heescht, d’Weltwirtschaft dréint weider.

A mir musse kucken, datt mir nei Marchéen och fir Lëtzebuerg kréien. Dat ass d’Aufgab, net nëmme vum Finanzminister, vun der ganzer Regierung, a mir maachen dat och esou.

Joelle Hengen: Dir sot, datt d’Diversifikatioun de Moie kee Sujet war. Normalerweis an Äre Rieden déi Joere virdrun zum Budget, hutt Dir awer ëmmer iwwer Diversifikatioun, Educatioun geschwat. Et hat een d’Impressioun, datt dës e bësse manner zukunftsorientéiert war wéi déi virëscht.

Wier et dann net grad an Zäite wéi dëse wichteg gewiescht, fir e puer nei Akzenter ze setzen?

Luc Frieden: Ech wollt de Moie virun allem d’Opmierksamkeet zéien op de Solde vum Budget, op d’Resultat vum Budget, op den Defizit, op d’Problematik déi mir hunn.

Wann ech Iech iwwerschott hätt mat honnertdausende vun eenzelne Kreditter, déi effektiv d’Zukunft plangen, da wier deen anere Message héchstwahrscheinlech verluer gaangen.

Mir hunn eng ganz Rei Ausgabe fir d’Zukunft. Wa mir d’Leit ënnerstëtze bei der Acquisitioun vun enger Wunneng, eng 65 Millioune Primen; wa mir Fuerschungsausgabe méi wéi an der Vergaangenheet maachen, 0,5% vum Bruttoinlandprodukt; wa mir zousätzlech Crèchëplaze schafen, 31.000 um Enn vum nächste Jor, dann hu mir jo och eppes gemaach fir d’Zukunft, an d’Zesummeliewen hei am Land. An dofir mengen ech, och déi Ausgabe sinn dran.

Mä mir sti virun engem risege Problem, an dee risege Problem deen hätte mir kënnen elo léisen, an der Kris, duerch brutal Moossnamen. Dat wier géint d’wirtschaftlech Intérêtë vun dësem Land gewiescht. Mir maachen dat op eng raisonéiert Aart a Weis, awer och op eng determinéiert Aart a Weis no der Kris.

Mir fänken elo d’Consultatiounen un, mir wäerten am Laf vum Jor 2010, an net eréischt beim Dépôt vum Budget 2011, eng Rei Moossname proposéieren, an déi musse sech auswierken op d’Budgeten 2011, 2012, 2013.

Frank Goetz: À propos, mir hunn elo vill iwwer de Budget 2010 geschwat. Dat ass net einfach, dat gesi mir an. Mä kënnt Dir dann net awer vläicht e klenge Pronostique maache fir dee Budget 2011?

Luc Frieden: Wat d’Resultat vun deem Budget ubelaangt, ech mengen, et ass scho schwiereg d’Steiereinnamen ze schätze fir 2010, ëmsou méi schwiereg ass et fir déi vun 2011 anzeschätzen. Mäin Zil ass, datt dee Budget vum Jor 2011 besser ausgesäit wéi dee vum Jor 2010. Besser, dat heescht, manner Defizit, mä no deene Critèren déi ech virdru genannt hunn.

Mä dat ass eng riseg Aufgab, déi net nëmmen déi ass vum Finanzminister, ech maachen also en Appel och un d’Responsabilitéit vun all de Leit, déi hei am Land wunnen, datt se verstinn, datt net alles esou ka viru goe wéi virdrun.

A wann et e bësse manner gëtt fir eenzel Leit, dann heescht dat nach net, datt et eis schlecht geet. Wann ech gesinn, datt mir sozial Ausgaben hunn a sozial Leeschtungen hunn, déi vill méi héich si wéi déi vun eisen dräi Noperen, da mengen ech, gesäit ee wéi vill Sputt mir och vläicht nach hunn, besonnesch an der Kris, fir dat eent oder anert ze änneren.

Et wäert net geschéien, datt vun haut op muer alles ofgeschaaft gëtt. Eist Land gëtt et och weider, mä mir wëllen och, datt et eist Land an 10, a 15 Joer nach gëtt op eng Fassong, wou d’Staatsfinanze besser si wéi déi an eisen dräi Nopeschlänner.

Dofir si mir do, an dat wäerte mir och déi nächst 4, 5 Joer esou maachen.

Joelle Hengen: Mir si gespaant, wat d’Zukunft eis wäert bréngen. Ech soen Iech Merci, datt Dir bei eis komm sidd.

Dernière mise à jour