Discours de Pierre Gramegna lors de la présentation du Programme de stabilité et de croissance et du Plan budgétaire pluriannuel

Här President, dir Dammen an dir Hären,
Léif Kollegen,

Ech freeë mech iech haut déi 18t Aktualisatioun vum PSC – dem Programme de Stabilité et de Croissance fir d'Joren 2017 bis 2021 virstellen ze kënnen, an dat virun allem aus engem Grond:

D'Zuele si gutt.

Dat erkläert sech duerch 2 Aspekter :

  • Déi gutt Konjunktur;
  • D'Mesuren, déi d'Regierung iwwer déi läscht 3 Joer geholl huet.

Fir d'éischt emol well ech festhalen, dass d'Zuelen, déi ech iech haut presentéieren, sech op déi aktuellsten makroekonomesch Donnéeën vum Statec baséieren, an déi de Statec an aller Onofhängegkeet opgestallt huet esou wéi dat och an den europäescher Texter virgesinn ass. Meng Servicer huelen déi Donnéeën sou wéi se sinn, ouni eppes drun ze änneren oder a Fro ze stellen.

Fir an Zukunft nach méi komplett a kohärent Donnéeën ze hunn, gëtt een "Comité économique et financier national" geschaf, deen ënnert der gemeinsamer Autoritéit vum Économie- a vum Finanzminister fonctionnéiere wäert, fir de "Comité des Prévisions" ze ersetzen, an d'Arbechten op deem Gebitt nach besser ze coordinéieren.

Den entspriechende Projet wäert dem Regierungsrot dëse Freideg virgeluecht ginn.

Wat soen eis d'Donnéeën vum Statec ?

Op all menge Missiounen am Ausland déi läschte Méint war mäi Message ëmmer: "Europe is back". Mir hunn iwwer dat läscht Joer nämlech eng ganz Rëtsch positiv Entwécklungen an Europa gesinn, déi oft net wouer geholl goufen. Tatsach ass awer, dass d'Griechenland-Kris gréissendeels geléist ass, an dass vill Indicateur'en nees no uewe weisen: d'Confiance vun den Investisseuren a vun de Consommateuren klëmmt, an de Chômage geet a ville Länner endlech erem erof.

  • D'Konjunktur an der Eurozone zitt weider um, mat engem Wuesstem vun 1,8% am Joer 2018. Laut där aktueller technescher Hypothes an de Berechnungen vum STATEC géif de Wuesstem an de Joren duerno da rëm lues erofgoen, bis op 1,1% am Joer 2021.
  • D'Energiepräisser hunn zwar an de leschte 12 Méint nees ugezunn, ma si bleiwe weider niddereg a stabil; d'Inflatioun zitt rëm lues a Richtung 2%, wat jo och d'Ziel vu der Europäescher Zentralbank ass.
  • Och d'Aktiekueren hu sech gutt entwéckelt, wat och e Zeechen ass, dass d'Investisseuren eng gutt konjunkturell Entwécklung an Europa erwaarden.

    D'Konjunktur zu Lëtzebuerg profitéiert vun dësem gudden Ëmfeld a vun de Reformen, déi an d 'Weeër geleet goufen: De Wuesstem vum PIB läit säit 2014 all Joer iwwer 4%. Dat wäert och déi nächst Jore sou bleiwen. 2018 soll en laut dem Statec souguer iwwer 5% leien.
  • D'Finanzplaz spillt an dësem Kontext weider eng wichteg Roll. Trotz dem schwieregen Ëmfeld an enger zum Deel grousser Volatilitéit op de Marchéen entwéckelen d'Geschäfter sech gutt.
    • D'Lëtzebuerger Fongenindustrie schreift iwwer déi läscht Méint regelméisseg nei Rekorder. Iwwer 3700 Milliarden Euro ginn haut zu Lëtzebuerg geréiert. Domatter ass Lëtzebuerg bei wäiten d'Nr 1 an Europa, an d'Nr 2 an der Welt, hannert den USA.
    • Och d'Geschäfter um Gebitt vun der Assurance an der Réassurance, genee wéi déi vun de Banken am Beräich vum Wealth Management a vun de Finanzementer entwéckelen sech gutt. Virun e puer Deeg huet d'CSSF de Banken hier Resultater fir 2016 presentéiert, an déi hu sech gutt entwéckelt: 15% méi Ëmsätz wéi 2015, an och d'Beneficer hu sech positiv entwéckelt, wouriwwer sech de Finanzminister sech natierlech freet, well dat och méi Steierrecette bedeit.
    • D'Bourse vu Lëtzebuerg, bei där de Staat Aktionär ass, ass weltwäit eng Referenz fir Bonds, an huet sech erfollegräich als Leader bei de Green Bonds etabléiert. 50% vun alle Green Bonds weltwäit ginn haut zu Lëtzebuerg kotéiert.
    • D'Bourse dréit sou mat dozou bäi, Lëtzebuerg als europäeschen Hub fir déi Gréng an Nohalteg Finanz auszebauen.
    • Ech war nach virun 4 Deeg zu Washington op der Weltbank, fir een Accord ze ënnerschreiwen, mat deem Lëtzebuerg zum strategesche Partner gëtt vum Green Cornerstone Bond Fund, deen och zu Lëtzebuerg domiciliéiert gëtt, an deen gréng Infrastruktur Projeten an der ganzer Welt finanzéiere wäert. Am selwechte Sënn hat ech jo schonn virun e puer Méint een Accord mat der BEI ënnerschriwwen, déi hire Siège um Kierchbierg huet.
    • D 'Reformen, grad am Beräich vun der Transparenz, déi des Regierung an d'Wee geleet a konsequent ëmgesat huet, genee wéi d'Efforten um Gebitt vun der Diversifikatioun an der Promotioun, weisen also hir Resultater.
    • Mä mir musse weider um Ball bleiwen an innovéieren. An deem Sënn hunn ech dëse Méindeg de LHoFT ageweit, d'Luxembourg House of Financial Technologies, wat zur erfollegräicher Digitaliséierung an domatter der Kompetitivitéit vum Finanzsecteur an den nächste Joren wäert bäidroen.
  • D'Zuel vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ass tëscht 2014 an 2016 em 8,4% oder 32.200 Plaze gewuess. Domatter geet och de Chômage weider erof, a läit elo mat 6% op deem niddregsten Niveau säit laangem. Fir d'Joren 2017 an 2018 gëtt mat enger weiderer Accélératioun vun der Créatioun vun Aarbechtsplaze gerechent.
  • Dat alles si gutt Noriichten!

Gläichzäiteg gesäit een, dass déi Mesuren, déi d'Regierung iwwert déi läscht 3 Joren geholl huet, gräifen:

  • Déi strukturell Mesuren hunn alleng 2015 een Impakt vun 473 Millioune gehat, a gi fir 2016 op 630 Millioune geschat.
  • Iwwer dëse quantifiabelen Effekt eraus stelle mer ee reelle Mentalitéitswandel fest beim Ëmgang mat den ëffentleche Gelder, deen hëlleft, dass de Staat haut méi effizient a spuersam mat de Suen ëmgeet, wéi dat nach virun e puer Joer de Fall war.
  • Dëst gesäit ee besonnesch gutt um Niveau vun der Consommatioun Intermédiaire, also de Fonctionnementskäschten. De Wuesstem léing hei op d'Period tëscht 2016 an 2021 gekuckt am Duerchschnëtt nach just bei 2,6% d'Joer (inflatiounsberengegt 1% d'Joer). De Staat spuert also och bei sech selwer.
  • D'Steierreform, - an dat bestätegen eis souwuel d'Rating-Agencen wéi d'Europäesch Kommissioun, den FMI an och d'OCDE – kuerbelt d'Konjunktur an d'Consommatioun weider un, an hëlleft den Entreprisen méi kompetitiv ze sinn.
  • An deem Kontext ass et dann och keen Zoufall, dass d'Vertrauen vun de Consommateuren, laut eiser Zentralbank, am Mäerz säin héchste Stand säit 2002 erreecht huet.
  • Domatter schafe mer och ee Cercle vertueux, well d'Entreprisen natierlech éischter ufänken ze investéieren, wann se wëssen, dass d'Consommateuren och rëm éischter bereet sinn, Suen auszeginn.

Des Facteuren zesummegeholl brénge mat sech, dass d'ëffentlech Finanzen haut wäit besser do stinn, an dass och d'Perspektiven fir déi nächst Joren vill méi roseg sinn, wéi een 2013 nach unhuele konnt.

Ech well iech nach emol erënneren, wat d'Perspektive waren, déi an der Note au Formateur Enn 2013 opgezeechent waren :

  • fir 2014 war een Defizit an der Administration publique, dem Gesamtstaat, vun 179 Mio oder -0,4% PIB ugepeilt; mir konnten dorauser een Iwwerschoss vun 690 Mio oder +1,4% PIB maachen;
  • fir 2015 war een Defizit vun 1049 Mio oder -2,1% PIB ugepeilt; mir konnten dorauser een Iwwerschoss vun 741 Mio oder +1,4% PIB maachen;
  • fir 2016 war een Defizit vun 1002 Mio oder -1,9% PIB ugepeilt; mir konnten dorauser een Iwwerschoss vun 845 Mio oder +1,6% PIB maachen;

Dat ass op 3 Joer gekuckt eng Verbesserung vun 4,5 Milliarden oder 8,8% vum PIB !

Sou konnt d'Regierung neie Spillraum schafen fir eng Steierreform, fir zousätzlech Investissementer an nei Innovatiounen wéi de Projet Space Resources.

An dat trotz dem Verloscht vun der TVA um Commerce électronique. 2016 hu mir doduerch ronn 700 Milliounen am Budget verluer par rapport zu 2014. 2017 ass dese Verloscht op ronn 1 Milliard geklomm. Wann dës TVA net ewechgefall wär, dann hätte mer all Joer bis ewell mat Iwwerschoss am Zentralstaat ofschléisse kënnen.

All Joer kréien ech gesot : är Zuele si jo schéin a gutt, mä dir musst och d'Risiken arechnen, dir wäert gesinn, herno geet d'Rechnung net op.

A wat weisen d'Resultater ?

  • Ma éischtens, dass d'Rechnung méi wéi op geet; déi aktuell Zuele vum Statec weisen, dass d'Previsiounen, déi dem Budget 2017, deen ech am Oktober virgestallt hunn, sech gréisstendeels confirméieren oder souguer liicht verbesseren.
  • An zweetens, dass dat keen Zoufall oder Chance ass, mä op realistesche Modeller berout, bei deenen och d'Risiken voll mat en compte geholl ginn.
  • Wat sinn des Risiken ?
    • Geopolitesch Risiken mat der Kris an Nordkorea, dem Krich a Syrien.
    • Politesch Risiken an Europa - mir mussen nëmmen a Groussbritannien an op de Brexit kucken.
    • De Bléck op eis méi direkt Nopeschlänner, Holland an Frankräich, weisen awer och, dass net all Risiko sech ëmmer och materialiséiert.
    • Wou nach net ofzegesinn ass, wéi et weidergeet, ass an den USA, besonnesch wat hier Steierpolitik a wat d'Entwécklung vum internationale Handel ugeet. Dat war iwweregens och ee Sujet, deen ech d'läscht Woch mam Christine Lagarde um FMI diskutéiert hunn.
    • Een anere Sujet war de Risk um Niveau vun der Zensentwécklung, déi méi schnell kéinten unzéien wéi et vläicht erwaart gëtt.
    • Dat alles bréngt eng méi grouss Volatilitéit op de Marchéen wat een Impakt eise Finanzsecteur huet.
  • Meng Leit hunn dofir am Kader vum PSC, mat der Hëllef vum STATEC, eng "Analyse de sensibilité" gemaach, fir ze kucken, wéi eis ëffentlech Finanzen op eng Rei hypothetesch extern Schocke reagéiere géifen.
    • Sou gouf d'Auswierkung dovunner gekuckt, wann d'Croissance an der Eurozone em 0,5 Prozentpunkten, also bal een Drëttel, géif abriechen. Souguer a sou engem Szenario géif de Solde vun der Administration Publique iwwer déi ganz Period tëscht 2018 an 2021 weider positiv bleiwen, an d'Dette géif ënner 23% bleiwen.
    • D'selwecht gouf gekuckt, wat den Impakt wär, wann d'Zënsen méi séier wéi geduecht géifen em 0,5 Prozent-Punkten eropgoen. Och deen Szenario wär relativ gutt ze verkraften, mat enger Croissance, déi liicht géif erofgoen, awer engem Solde vun der Administration Publique deen just em 0,1 Prozent-Punkt géif méi schlecht ginn, an enger Verscholdung déi och do net géif iwwer 23% vum PIB klammen.

Dir gesitt also, dass et absolut kee Grond gëtt fir Schwarzmolerei. Lëtzebuerg ass gutt opgestallt fir eventuell extern Schocken ze verkraften.

Des Regierung mécht keng Politik à court terme, déi just drop ausgeriicht wär bis déi nächst Walen schéin Zuelen ze presentéieren. Mir denken och un déi Generatiounen déi no eis kommen.

  • Haut kann nach kee soen, wéi genee dat ekonomescht Ëmfeld an 30, 40 Joer wäert ausgesinn.
  • Et ass genee aus deem Grond, dass des Regierung virun 2 Joer de Fonds Souverain geschaf huet, an haut gesäit een, dass dat Konzept fonctionnéiert.
  • De Fong entwéckelt sech gutt, an huet zu dësem Zäitpunkt schonn Avoiren vun iwwer 185 Milliounen, an domatter 35 Millioune méi, wéi seng jäerlech Dotatiounen ausmaachen.
  • D'Regierung hält drop, dass dëse Fong seng Avoiren no ethesche Kritären investéiert. D 'läscht Woch sinn an der Presse Bedenken geäussert ginn, wat eenzel Investissementer ugeet. D'Regierung hellt des Bedenken eescht, an ech hunn dofir de Fong gefrot, der COFIBU déi néideg Erklärungen ze liwweren.

Déi gutt finanziell Situatioun vum Staat ass dëst Joer och vun 4 Rating Agencen: Moody's, Fitch, Standard & Poors an DBRS confirméiert ginn. Des Agencen hunn net nëmmen den AAA confirméiert, mä dat och nach mat enger stabiller Perspektive fir déi nächste Joren. Lëtzebuerg ass domatter eent vun deene ganz rare Länner op der Welt, déi des bescht méiglech Note accordéiert kruten.

A fir déi Leit, déi dësen Agence éischter mësstrauesch géintiwwer stinn: och d'EU Kommissioun, d'OCDE an den FMI deelen d'Analyse, dass Lëtzebuerg mat senger Budgetspolitik um richtege Wee ass.

No dësem éischten Iwwerbléck wéilt ech dann elo an den Detail vun den Zuelen agoen.

Dir wësst, dass een no den europäesche Regelen den Ënnerscheed mécht tëscht den 3 "Sous-secteuren" vun der Administration Publique, also :

  • Administration Centrale
  • Administrations Locales
  • Sécurité Sociale

Kucke mer eis déi also separat un.

a. Administration Centrale

Recetten

D'Recetten entwéckele sech global gesinn gutt, en ligne mat de Previsiounen. Am Detail ginn et kleng Ofwäichungen, mä déi hale sech am selwechte Kader, dee mer vun de Jore virdru gewinnt sinn.

No 3 Méint ass et zwar ze fréi fir ee Bilan vum Impakt vun der Steierreform ze zéien, mä déi éischt Indikatiounen weisen dorobber hin, dass sech d'Projektioune vum Finanzministère confirméieren.

Dépensen

Hei gesäit een däitlech d'Handschrëft vun der Regierung. De Premier ass gëscht op eis Prioritéiten fir déi nächste Joren agaang, an déi fënnt een och am Budget erëm.

  • Fir d'Land laangfristeg fit ze maachen, läit den Accent virun allem um Ausbau an der Moderniséierung vun den Infrastrukturen, am Sënn vum Qualitative Wuesstem.

  • Dëst Joer, 2017, leien d'Dépenses d'investissements am Zentralstaat fir d'éischt Kéier an der Geschicht iwwer 2 Milliarden. Dat ass ee plus vun +14,6% par rapport zum läschte Joer.
  • Och déi nächst Joren wäerten d'Investissementer weider klammen, an der Moyenne em 4% d'Joer, an sech bei iwwer 2,5 Milliarden d'Joer apendelen.
  • Lëtzebuerg läit domatter europawäit mat un der Spëtzt. D'Moyenne an der Eurozone läit bei just 2,6%. An och an den USA gi just 3,1% vum PIB investéiert.
  • Ech wëll och nach emol ënnersträichen dass vun deene ronn 8 Milliarden, déi Lëtzebuerg tëscht 2014 an 2017 investéiert huet, nëmmen1/4 duerch Emprunten finanzéiert goufen, an ¾ duerch lafend Recetten.

E besonnesche Schwéierpunkt vum Invest läit, sou wéi de Premier dat erkläert huet, op Investissementer am Beräich vun der Mobilitéit, vum Logement, vun der Sécherheet an op Investissementer am Intérêt vun de Kanner.

Ech begréissen iwweregens ausdrécklech déi Diskussioun, déi momentan op europäeschen Niveau leeft, an déi Lëtzebuerg mat lassgetrueden huet, bei där et drëm geet ze kucken, op et wierklech sënnvoll ass, all Investissiounen d'selwecht ze behandelen, oder op net eng Rei Investissiounen - ech denken hei virun allem un déi, déi de Wuesstem ukuerbelen - fir de Calcul vum Defizit no den europäesche Regelen sollten speziell behandelt ginn.

Solde

Wou bréngt dat eis hin ?

Nodeems mer 2014, 2015 an 2016 ganz no um Equiliber louchen, geet den Defizit 2017 an 2018 op ronn 1 Milliard erop, fir d'Joren duerno progressiv erofzegoen.

Et wär ganz einfach gewiescht all Joer een Equiliber oder souguer een Iwwerschoss auszeweisen. Dëst Joer zum Beispill wär et duergaang:

  1. einfach manner ze investéieren an d'Investitiounen nees op de Niveau vun 2014 zréck ze schrauwen, vun 2,2 op 1,7 Milliarden, fir 500 Milliounen anzespueren.
  2. einfach keng sozial gerecht Steierreform ze maachen, an sou nach eng Kéier ronn 400 Milliounen méi an der Keess ze halen, amplaz de Leit an den Entreprisen Kafkraaft a Spillraum zréckzeginn.

Iwwert dee Wee hätt ee kënnen 900 Milliounen aspueren, an sou och am Zentralstaat ganz no un den Equiliber kommen.

Mä dat wär eng kuerzsiichteg an onverantwortlech Politik.
Mir brauchen a wëllen keng Austeritéitspolitik zu Lëtzebuerg

Des Regierung plangt laangfristeg, an dofir ass et wichteg elo déi Investissementer ze maachen, déi néideg sinn an engem Land, vun deem mer wëssen, dass et och an Zukunft weider wuesse wäert. Zevill laang ass net genuch investéiert ginn, an dee Feeler wëlle mer net widderhuelen.

Grat an Zäite vun héijem Wuesstem schéngt et mer och dee richtege Choix ze sinn, de Leit och eppes vun deem Wuesstem zréckzeginn iwwert de Wee vun enger Steiererliichterung.

Ech hu gehéiert, dass anerer dat net gemaach hätten, dont acte.

b. Administration Locale

 

Hei gesäit een de positiven Impakt vun der Reform vun de Finances communales. Eng Reform bei där keng Gemeng verléiert. Ofgesinn dovunn ass d'Situatioun relativ stabil, an entwéckelt sech sou wéi virgesinn.

c. Sécurité Sociale

 

D'Zuele si kloer : eise Sozialsystem ass stabil a gutt finanzéiert. 2018 wäerte mer fir d'éischt Kéier een Excédent vun iwwert 1 Mia an der Sécurité sociale hunn.

Dës positiv Entwécklung gëtt erméiglecht duerch déi gutt Croissance vun der Wirtschaft a besonnesch vun der Zuel vun den Aarbechtsplaze, genee wéi duerch d'Peien an domatter d'Cotisatiounen, déi tendenziell weider eropginn.

Mir wëssen awer, dass de laangfristege Finanzement vun eisem Pensiounssystem eng vun deene groussen Erausfuerderungen ass, virun deem eist Land steet, an déi Problematik gëtt och ugepaakt. D'Regierung huet een Aarbechtsgrupp agesat, deen dorunner schafft.

Wou bréngt dat eis hin, wa mer déi 3 Sous-secteuren zesumme kucken ?

d. Administration Publique

 

De solde nominal vun der Administration Publique, also vun de Staatsfinanzen an hirem Ensembel ass a bleift iwwer déi ganz Period bis 2021 positiv. Vun 2018 un geet deen Iwwerschoss souguer progressiv erop, a wäert 2021 bei 835 Millioune leien.

Par rapport zum läschte PSC stellt dëst eng signifikativ Verbesserung duer. Laut de läschte Schätzungen konnt den Iwwerschoss vum Joer 2016 quasi verduebelt ginn, vun 0,8% op 1,6% vum PIB, oder 844 Mio EUR.

Op desem Punkt gesäit een am beschten, wéi des Regierung d'Finanze sanéiert huet:

  • déi läscht Regierung hat am PSC 2013 fir 2016 mat engem Solde nominal vun -684 Milliounen oder -1,3% vum PIB gerechent.
  • Haut läit dese Solde effektiv bei +844 Milliounen oder +1,6% vum PIB.
  • Dat sinn Zuelen, déi fir sech selwer schwätzen.

Duerch dësen Effet de base op där enger Säit, an déi gutt Konjunktur op där aner Säit, mécht den Ënnerscheed 2017 +0,2% vum PIB aus; 2018 +0,2%; 2019 +0,3% an 2020 +0,5%.

Komme mer dann elo zum Solde structurel :

  • D'läscht Joer ass d'Regierung der Propositioun vun der Europäescher Kommissioun nokomm, fir den Objectif à Moyen Terme (OMT) op -0,5% ze fixéieren.
  • Ech hunn iech deemools erklärt, dass d'Regierung weider dorunner festhält, dass Lëtzebuerg ëmmer soll iwwert där Limite vun -0,5% bleiwen, mä dass et onsënneg ass, sech dozou juristesch ze engagéieren, sou wéi d'Oppositioun dat gefuerdert hat.
  • Ech well och net wëssen wat de Schued fir d'Reputatioun vu Lëtzebuerg als AAA Land gewiescht wär, wann ee sech juristesch zu engem zevill ambitiéise Resultat engagéiert hätt, dat een herno net hätt kënnen halen.
  • Haut gesi mer, dass eis Strategie richteg war :

Dir gesitt, dass mer en fin de période, also 2020 an 2021 largement am positive Beräich leien. De liicht negative Solde 2018 an 2019 ass der Evolutioun vum écart de production geschëllegt, deen vun 2018 un positiv ass.

Op alle Fall - an dat ass wichteg - läit Lëtzebuerg awer ëmmer iwwert dem Minimum vun -0,5%, an respektéiert domatter zu all Moment all déi europäesch Kritären.

Dëst huet och den CNFP a sengem Avis confirméiert.

E puer Wuert nach iwwer d'Dette :

Wéi ech Enn 2013 als Finanzminister ugetruede sinn, louch d'Dette vun der Administration Publique bei 23,4% vum PIB.

Am PSC 2013 war virgesinn, dass d'Dette 2016 bei 27,9% leie géif.

No 3 Joer zolitter Arbecht hu mir et färdeg bruecht, dass se 2016 finalement ee gutt Stéck do drënner louch, an zwar bei 20%.

 

An iwwer déi ganz Periode bis 2021 wäert se ëmmer ënner 23% bleiwen, also ënnert deem Niveau deen déi fréier Regierung eis hannerlooss hat. Wéi ech iech virdru gewisen hunn, wär dat souguer de Fall, wann een externe Choc géif op eis Wirtschaft duerkommen. Mir hunn also Spillraum.

Maximal 23%, dat ass nët nëmmen wäit ënnert der Limite vun 30%, déi mer am Regierungsprogramm festgehalen hunn, mä och wäit ënnert der Limite vun 60% déi déi europäesch Regelen erlaben.

Dir sot mer lo dat do ass schéin a gutt, mä wéi ass et dann an absoluten Zuelen ?

Och an absoluten Zuelen louch d'Schold Enn 2016 ënnert deem Niveau, dee mer 2013 virfonnt hunn. 10.853 Mio géingt 10.889 Mio deemools.

Dat ass ëmsou ee besser Resultat wéi 2013 domatter gerechent gouf, dass se 2016, wa mer keng Mesure geholl hätten, bei 15,075 Mio geleeën hätt. Mir leien haut wäit ënnert där Zuel !

Des positiv Evolutioun spigelt sech och um Niveau vum PSC erëm, wou an der Editioun vum lëschte Joer nach 12,2 Milliarden virgesi waren, also 1,3 Milliarde méi wéi et haut effektiv sinn.

Wéi gesäit dat dann elo fir d'Zukunft aus ?

De PSC weist eng mechanesch Héichrechnung vun der Dette op Basis vum Defizit, sou wéi e momentan ageplangt ass.

Well d'Regierung awer virsiichteg ass an hire Projektiounen, war den Defizit bis ewell nach all Joer manner héich wéi ageplangt.

Dat erkläert och, dass, entgéingt deem wat 2013 am Raum stoung, d'Regierung weder 2014 nach 2015, nach 2016 een neien Emprunt opgeholl huet, ofgesinn vum Sukuk, dee gemaach gouf, fir zur Diversifikatioun vun der Finanzplaz bäizedroen.

Entspriechend muss een och déi Zuelen verstoen, déi haut am PSC stinn, an déi dovunner ausginn, dass d'Schold bis 2021 op iwwer 15 Milliarde wuesse kéint. Déi läscht 3 Joer hu gewisen, dass dat éischter ee méiglechen Szenario wéi eng Gewëssheet duerstellt.

D'Zënslaascht läit haut ronderëm 200 Mio d'Joer oder 0,3% PIB.

  • Den Emprunt, dee Lëtzebuerg Ufank des Joeres opgeholl huet, huet mat 0,625% deen niddregsten Zënssaz vun alle klasseschen Emprunten, déi momentan lafen.
  • Et wär also grat an Zäiten vu sou nidderegen Zënsen onsënneg fir d'Investissementer rofzefueren, an déi Suen dann ze huelen fir d'Scholden zréckzebezuelen.
  • Dat wär vläicht kuerzfristeg spektakulär, mä géif d'Land laangfristeg viru grouss Problemer stellen.
  • An eisen Nopeschlänner, a besonneg an Däitschland, mä och an den USA, kennt der gesinn, wat dobäi rauskënnt, wann jorelaang net genuch an d'Infrastrukturen investéiert gëtt.
  • Dofir invitéieren d'EU Kommissioun an den FMI d'Länner jo och hire budgetäre Spillraum auszenotzen, an méi ze investéieren. Lëtzebuerg mécht dat.

Mir hunn also all Grond, mat Optimismus no vir ze kucken.

Dat weist och den europäesche Verglach.

  • Lëtzebuerg respektéiert als eent vun deenen eenzege Länner weider all déi europäesch Kritären, wat de Stabilitéit- a Wuesstumspakt ugeet.
  • Lëtzebuerg ass mat Däitschland a mat Holland eent vun nëmmen 3 Länner an der Euro-zone, déi ee positive Solde nominal opweise kënnen !

Mä och wa mer aner Indicateuren am Detail kucke gesi mer, dass Lëtzebuerg weider virbildlech ass:

Investissement

Lëtzebuerg mécht eng Politik en ligne mat de Recommandatiounen vum FMI an der Commissioun notzt Lëtzebuerg hei de Spillraum aus, deen de Budget zouléisst. Mir sinn domatter op Plaz 2 an der Euro-Zone.

Dette brute a % vum PIB

Lëtzebuerg ass op der Plaz 2 an der Eurozone, wou den Duerchschnëtt bei 90,4 % läit !

Charge de la dette a % vum PIB

Och hei : Nr 2 an der Eurozone ; eis Laascht ass 7x méi niddereg wéi d'Moyenne !

Conclusioun

Zuele léien net, an déi Zuelen, déi ech iech hei virgestallt hunn, schwätze fir sech.

Mir hunn et färdeg bruecht iwwer déi läscht Joren d'Staatsfinanzen nohalteg ze sanéieren an rëm op zolitt Féiss ze stellen.

Lëtzebuerg erfëllt an iwwertrefft all europäesch Kritèren. D'EU Kommissioun, genee wéi den FMI, d'OCDE an sämtlech Rating Agence hunn eiser Budgetspolitik eng bonne Note ausgestallt.

Des Regierung mécht eng responsabel a laangfristeg ausgeriichte Budgetspolitik, där hiert Ziel et ass, d'Land optimal op d'Erausfuederungen virzebereeden, déi virun eis leien.

Dofir bleiwen d'Investissementer och iwwer déi nächst Joren op Rekordniveau an dofir hu mer eng Steierreform gemaach, déi de Leit Kafkraaft eremgëtt, an d'Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft verbessert.

Dat internationaalt Emfeld bleift schwiereg, mä mir hunn den néidege Spillraum fir och eng eventuell Kris ze meeschteren, ouni aus der Bunn ze geroden.

Trotzdem, a grat dofir, musse mer awer och an Zukunft virsiichteg bleiwen, a Fouss beim Mol halen wat d'Executioun vum Budget ugeet.

Wa mer dat maachen, a weider sou gutt wirtschaften wéi déi läscht 3 Joer, hu mer och wieder all Grond fir mat Vertrauen no vir ze kucken.

Ech soen iech merci.

Dernière mise à jour