Discours de Pierre Gramegna à l'occasion de la présentation du projet de budget 2016

"Mat Vertrauen no vir kucken"

  1. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  2. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  3. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  4. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  5. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  6. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  7. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  8. ©SIP / Charles Caratini

    Présentation du projet de budget 2016
  9. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  10. ©MFIN

    Projet de budget 2016
  11. ©MFIN

    Projet de budget 2016

Seul le discours prononcé fait foi

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Léif Kollegen,

De Budget fir d’Joer 2016, deen ech Iech haut virstellen, ass ee Budget vun der Kontinuitéit, vun der Zouverlässegkeet a vun der Solidaritéit.

Et ass ee Budget vun der Kontinuitéit a vun der Zouverlässegkeet, well d’Zuelen eis bestätegen: Mir sinn um richtege Wee. D’Mesuren vum Zukunftspak droen hir Friichten. Mir kommen eisem Ziel, d’Staatsfinanzen ze sanéieren, mat grousse Schrëtt méi no.

Et ass ee Budget vun der Solidaritéit, well knapps d’Halschent vun den Dépensen Sozialleeschtungen, Hëllefen, Subventiounen an Transferte sinn.

Well d’Koalitioun schonn d’lescht Joer d’Weiche richteg gestallt huet, wäert et 2016 keng nei Belaaschtungen ginn. Au contraire: de Staat wäert 4,8% méi ausginn, an 293 Mio EUR méi investéieren wéi nach d’Joer virdrun.

D’Schwéierpunkter vum Budget spigelen d’Prioritéiten vum Land erëm. Lëtzebuerg steet virun enormen Erausfuerderungen, a mat dësem Budget gi mir eis d’Moyen, déi ze meeschteren.

Déi leschte Méint hunn eis gewisen, dass d’Welt sech ëmmer méi séier ännert. Lëtzebuerg kann do net einfach nokucken, mee muss séier a konsequent handelen. De Budget setzt dofir fënnef Prioritéiten:

de Wuesstem ënnerstëtzen; investéieren am Intérêt vun de Bierger; de Sozialstaat weider stäerken; de Klimawandel eescht huelen; Solidaritéit weisen iwwert eis Grenzen eraus.

1. De Wuesstem ënnerstëtzen

D’Suen wuesse leider net op de Beem. Wa mer deen héije Liewensstandard hale wëllen, déi gutt sozial Ofsécherung, an déi héich Pensiounen, déi mer haut hunn, da brauch Lëtzebuerg och an Zukunft souvill Wuesstem wéi haut, an domatter nei Entreprisen, déi sech hei néierloossen, nei Aarbechtsplaze schafen, a Steiere bezuelen.

Dofir muss Lëtzebuerg als Standuert attraktiv bleiwen.

D’Aufgab, nei Betriber op Lëtzebuerg ze zéien ass an de leschte Joren net méi einfach ginn. D’Konkurrenz schléift net. De Budget vum Ministère de l’Economie geet dofir bal 10% an d’Luucht, fir déi néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen, fir d’Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg nach méi intensiv ze maachen, an d’Innovatioun an den Entreprisen, déi mer schonn hei hunn, nach besser ze ënnerstëtzen. Ee besonneschen Accent läit hei op de mëttelstännege Betriber.

Och de Finanzministère bedeelegt sech um Effort, a stellt Luxembourg for Finance eng zousätzlech Enveloppe vun 450.000 EUR zur Verfügung fir d’Diversifikatioun vun der Finanzplaz, besonnesch am Beräich vum FinTech, aktiv weiderzedreiwen.

D’Initiativ Digital Lëtzebuerg, déi Lëtzebuerg als ICT Standuert nach méi staark positionéiere soll, léisst de Staat sech déi nächst 4 Joer all Joer 900.000 EUR kaschten. Och an den Nation Branding gëtt weider investéiert.

Och d’Investissementer an d’Fuerschung gi weider grouss geschriwwen. Bis 2020 wäert de Staat hei zwëschen 0,7 bis 0,9% vum PIB investéieren. Den Effort limitéiert sech net nëmmen op d’Uni an d’Centres de Recherche. Fir Lëtzebuerg als Standuert fir Recherche an Développement am Privatsecteur ze stäerken, stellt de Staat tëscht 2016 an 2020 35 Milliounen EUR zur Verfügung.

Zur Diversifikatioun vun der Wirtschaft gehéiert och den Tourismus. D’Efforten, déi an de leschte Joren do gemaach goufen, bezuele sech aus. D’Zuelen am Secteur weisen no uewen. Fir deen Trend weider ze ënnerstëtzen gëtt ee 5ten ORT (Centre-Ouest) geschaf, wat ee Käschtepunkt vu ronn 1,7 Mio d’Joer mat sech bréngt. D’Dotatioun vum ONT, deen an ee Groupement d’intérêt économique ëmgewandelt gëtt, geet vun 2,6 Mio 2015 op 3,7 Mio 2016 erop.

2. Investéieren am Intérêt vun de Bierger

Héije Wuesstem bréngt seng ganz eegen Erausfuerderunge mat sech.

Haut wunnen zu Lëtzebuerg iwwer 100.000 Leit méi wéi nach virun 10 Joer. 2018 wäerte mer zu iwwer 600.000 sinn. Des Entwécklung ass net nei, mee si acceleréiert sech. [Infografik 1]

Schon de fréiere Premier hat sengerzäit vum 700.000 Awunner Staat geschwat.

Ëmsou méi erstaunlech ass et, dass awer net entspriechend an d’Infrastrukturen investéiert gouf, fir mat deem Wuesstem eens ze ginn. Wann ee weess, dass all Joer iwwer 10.000 Leit bäikommen, da weess een, dass ee méi Trafik kritt, méi Wunnenge brauch, méi Schoulen, a méi Schoulpersonal, méi Police, a sou weider.

Des Regierung ass amgaang, alles dat, wat op deem Gebitt iwwer déi lescht Jore schleefe gelooss gouf, nozehuelen.

Vun 2014 op 2015 sinn d’Investissementer ëm 18,4 erop gaang. 2016 leien se nach emol 15% méi héich, dat sinn dann 2,249 Mia. Dat ass ee Rekordniveau.

E besonneschen Accent läit op den Investissementer am Beräich vum ëffentlechen Transport. 2016 sinn 104,8 Mio fir den Tram virgesinn. Awer och d’Dotatiounen fir de weideren Ausbau an d’Moderniséierung vun der Bunn, vum Stroossennetz a vum der Promotioun vum kombinéierten Transport gi weider an d’Luucht. Grouss Posten sinn hei besonnesch d’Investissementer déi op der Stater Gare (28,9 Mio), der neier Gare ënnert der rouder Bréck (30,2 Mio) oder a déi multimodal Plattform zu Beetebuerg (45 Mio) gemaach ginn. De Logistik-Standuert Lëtzebuerg gëtt sou weider gestäerkt.

Een anere Beräich, wou iwwer déi lescht Jorzéngte verpasst gouf, sech un d’Entwécklung vun der Populatioun unzepassen, ass de Waasserschutz. Hat de Waasserfong 2013 eng Dotatioun vun 50 Milliounen Euro, sou leie mer 2016 bei 97 Milliounen. Wann een dann nach d’Recetten vun de staatlechen Waasser- an Ofwaassertaxen dobäi rechent dann gëtt dat fir 2016 ee Budget vu ronn 110 Milliounen. Domatter ass et méiglech, de Retard bei den Kläranlagen ofzebauen, an och nei Accenter ze setzen, zum Beispill an der Reenwaassergestioun, bei Renaturéierungen an am Héichwaasserschutz.

Fir enger ëmmer méi grousser Zuel vun Awunner uerdentlech Déngschter ze bidden, brauch de Staat och ëmmer méi Mataarbechter.

2016 wäert de Staat rëm méi Leit nei astellen: 750. Iwwer d’Halschent dovunner alleng am Enseignement. Och d’Police brauch, fir hiren ëmmer méi schwéieren Aufgaben nozekommen, méi Leit.

D’Ziel ass et, de Staat méi efficace, a méi biergerno ze maachen. Sou däerf d’Dateschutzkommission (CNPD) zum Beispill zwar 10 Leit méi anzestellen iwwer déi nächst puer Joer, am Géigenzuch muss si awer dofir suergen, dass dann all Demanden bannent 3 Méint traitéiert ginn.

Ee Schlëssel fir de Staat a seng Servicer nach méi efficace ze maachen ass d’Digitaliséierung. D’nächst Joer gëtt de Memorial C duerch eng elektronesch Plattform ersat, wat souwuel dem Staat wéi och de Betriber Zäit a Sue spuere wäert.

Am selwechte Sënn ginn 2016 1,2 Mio an de "Single Window for Logistics" investéiert, an och de Budget fir de Projet “Paperless Justice” geet em weider 3,5 Mio erop.

Fir bei der Justiz ze bleiwen: 1,5 Mio ginn investéiert fir Metalldetektoren op de Geriichter an der Stad, zu Esch an zu Dikrech fir d’Sécherheet ze garantéieren, sou wéi dat am Ausland scho laang selbstverständlech ass.

3 - De Sozialstaat weider stäerken

D’Regierung ass sech bewosst, dass et hei am Land vill Leit ginn, deenen et net sou gutt geet, an déi op Solidaritéit ugewise sinn.

Mënschen, besonnesch Jonker, déi am Chômage sinn. Allengerzéier, déi Problemer hunn, um Schluss vum Mount d’Enner zesummen ze kréien. Kanner, déi Problemer an der Schoul hunn. Jonk Famillen, déi sech nëmme schwéier eng Wunneng leeschte kënnen. Och vill vun eise Baueren, déi sech an enger schwiereger Situatioun erëm fannen.

De Budget 2016 ass net nëmmen ee Budget vum finanziellen AAA, et ass och ee Budget vum sozialen AAA.

Knapp d’Halschent vun den 16,7 Mia Dépensen d’nächst Joer sinn virgesinn fir Sozialleeschtungen, Transferten fir d’Sécurité Sociale, Subsiden an aner Hëllefen. [Infografik 2]

Dem Ministère vum Logement säi Budget wäert een Drëttel an d’Luucht goen, fir um Wunnengsmaart Neel mat Käpp ze maachen. D’Regierung well d’Offer vu subventionnéierte Wunnengen substantiell an d’Luucht setzen. Iwwert dëse Wee soll bezuelbaren Wunnraum entstoen, souwuel fir an d’Locatioun, wéi och fir an d’Vente.

An deem Sënn geet d’Participatioun vum Staat um Programm vun der “Construction d’ensembles de logements subventionnés” 2016 50% an d’Luucht. D’Regierung wäert 2016 och d’Agence Immobilière sociale weider aktiv ënnerstëtzen, a setzt den entspriechende Budget em 77% erop.

Déi nei Subvention loyer ënnerstëtzt vun 2016 un ganz gezielt déi Familljen mat Kanner, déi en nidderegt Akommes hunn. De Staat léisst sech déi Mesure alleng d’nächst Joer 28,8 Mio kaschten.

An der Familljen- an an der Schoul-Politik gi konkret Mesure geholl, fir deene Familljen a Kanner ze hëllefen, déi et am meeschte brauchen.

D’Regierung investéiert massiv an d’Zukunft vun de Kanner. D’Kannergeldreform, déi d’nächst Joer a Kraaft trëtt, däerf een net isoléiert kucken, mee am Zesummespill mat engem méi generéisen a flexibelen Congé parental, an den Neierungen am Beräich vun de Chèques services.

313 Mio, dat ass 12,5% méi wéi nach dëst Joer, wäert de Staat 2016 alleng fir d’Chèques services ausginn. Zousätzlech sinn 75 Milliounen fir den Ausbau vun Infrastrukture virgesinn.

D’Regierung setzt op sozial Selektivitéit. D’Hëllefen sollen deenen zegutt kommen, déi se am meeschte brauchen. Dofir wäerten d’Chèques service an Zukunft méi staark wéi bis elo dem Revenu no ausbezuelt ginn.

Eng nohalteg Budgetspolitik ass eng Politik, déi grousse Wäert op Präventioun leet. Präventioun vum Aarmutsrisiko, Präventioun vum Échec Scolaire. Eng aner Illustratioun vun dësem Prinzip fënnt een an der Gesondheetspolitik.

Sou investéiert de Gesondheetsministère 2016 iwwer 3 Mio an d’Gesondheetsförderung vun de Puppelcher (ech denke virun allem un den Ausbau vun de Servicer vum SAMU néonatal), vun de Kanner an de Jugendlechen; iwwer 3,6 Mio an Impfkampagnen; iwwert 1,2 Mio an den Plan National Cancer; an bis 2020 all Joer eng hallef Millioun an de Programm “démence prévention”.

4 - De Klimawandel eescht huelen

Wann een déi extrem Wiederschwankunge kuckt, mat deene mer ëmmer méi oft ze dinn hunn, da begräift een, dass de Klimawandel schonn haut e reelle Problem ass. Wann d’Situatioun sech weider verschlechtert, da si mer gläich net nëmmen mat Flüchtlinge konfrontéiert, déi virum Krich fortlafen, mee och mat ëmmer méi Mënschen, déi duerch d’Auswierkungen vum Klimawandel gezwonge ginn hiert Land ze verloossen. De Bangladesh ass do een tragescht Beispill.

Wéi déi schwiereg Situatioun vun de Baueren no deem aussergewéinlech waarmen an dréchene Summer dëst Joer weist, huet de Klimawandel och bei ons ganz konkret Auswierkungen.

An e puer Wochen geet et dofir zu Paräis op der COP21 em näischt manner wéi d’Zukunft vun eisem Planéit. Fir verbindlech weltwäit Klimazieler ze erreechen, spillt d’Klimafinanzéierung eng entscheedend Roll.

Dobäi geet et drëm, datt den Entwécklungslänner gehollef gëtt, souwuel hier Klimazieler ze erreechen, wéi och am Beräich Upassung un de Klimawandel déi néideg Investissementer ze maachen. D’international Gemeinschaft huet sech engagéiert heifir bis 2020 100 Mia USD pro Joer opzebréngen.

Lëtzebuerg bedeelegt sech un deem Effort. Bis 2020 wäerten insgesamt 120 Milliounen Euro aus dem Klima-Energie-Fong an den internationalen Klimafinanzement investéiert ginn.

Mat 240 EUR op de Kapp ass Lëtzebuerg domatter am internationale Verglach ee vun de Virreider.

D’lëtzebuerger Klimafinanzéierung gëtt net vum Budget vun der Entwécklungshëllef ofgezweigt gëtt, mee kënnt bei déi 1% vum RNB dobäi kënnt. Och dat ass Solidaritéit, an och dorop däerfe mer houfreg sinn.

Selbstverständlech beschränkt sech den Effort a Saache Klimafinanzéierung net nëmmen op d’Ausland. Och beim Ëmweltfong gouf d’Dotatioun staark an d’Luucht gesat. Dëst erlaabt dem Staat d’Gemengen bei der Ëmsetzung vum Pakt Klima ze ënnerstëtzen, wat eis hëlleft, d’Lëtzebuerger Zäregasemissiounen am Beräich vum Wunnengsbau an vun der Mobilitéit nohalteg erofzesetzen

5 - Solidaritéit iwwert eis Grenzen eraus

D’Flüchtlingskris huet Proportiounen ugeholl, déi sech nach viru sechs Méint kee virstelle wollt. Ech si frou, dass et och hei am Haus ee Konsens driwwer gëtt, dass mer net kënnen, an net wëllen, eng Mauer ronderëm eist Land bauen, mee dass mer Solidaritéit weisen mat deene Leit déi eis Hëllef brauchen. Wann een dat wëll uerdentlech maachen, wann een déi Leit wëll richteg encadréieren, an an eis Gesellschaft integréieren, dann huet dat ee Präis. Dee Präis, dee mer lo à court terme bezuelen, muss een als Investissement gesinn. De Bénéfice fir eist Land kënnt à moyen et long terme.

2016 hu mer am Budget um Niveau vum Haut Commissariat à la Protection Nationale 20 Millioune virgesinn, an um Niveau vum OLAI 25,5 Milliounen, fir déi Erausfuerderung ze meeschteren. Och beim Ausseministère hu mer zousätzlech Moyenen ageplangt. Ech sinn houfreg, dass des Regierung dee Wee gewielt huet. Dat hei ass keng Politik vum kalen Häerz, dat hei ass eng Politik vun der Solidaritéit.

D‘Léisung vum Problem läit an enger politescher an diplomatescher Solutioun am Mëttleren Orient. Fir d’Saach un der Wuerzel ze paken, féiert kee Wee dolaanscht, fir Fridden a Wuelstand an deene Länner ze suergen, aus deenen d’Leit, déi bei eis Asyl froen, hierkommen.

Bei der Entwécklungshëllef ass Lëtzebuerg eent vun de rare Länner, wat sech un den Engagement hält, 1% vu sengem RNB zur Verfügung ze stellen. 2016 mécht dat 343 Mio EUR aus.

Leider brauch et, fir de Fridden ze sécheren, verschiddentlech och militäresch Mëttel. Als Natopartner huet Lëtzebuerg sech an deem Sënn engagéiert, seng Militärausgaben bis 2020 progressiv vun 0,4% op 0,6% vum PIB eropzefueren.

Här President, dir Dammen an Hären,

Wann een sech d‘Opdeelung vun den Dépensen no Kategorie ukuckt, [Infografik 4] da gesäit een, dass bal d’Halschent vun den Dépensen Transferten un d’Sécurité sociale, sozial Leeschtungen, Subsiden, an aner Hëllefe sinn.

Ech heeschen déi héich Transferten un d’Sécurité sociale och ausdrécklech gutt, well si erlaben, d’Contributiouns sociales niddereg ze halen, wat vill zur Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft bäidréit.

Nieft dem sozial Volet sinn déi gréisse Posten, mat 3,7 Mia, d’Rémunératioun vun de Leit, déi beim Staat schaffen, duerno, mat 2,25 Mia d’Investissementer. D‘Fonctionnements- an Entretienskäschten maachen mat 1,3 Mia manner wéi 10% vum Budget aus. D’Gemengen ginn mat 1,2 Mia ënnerstëtzt.

Wann ech déi Poste kucken, wou et déi gréisste Variatiounen par rapport zu 2015 ginn, da sinn dat déi hei:

  1. Rémunératiounen, +87 Mio, wat sech virun allem duerch d’Neiastellungen erkläert, déi ech virdrun ugeschwat hunn;
  2. D’Arbechten vum Tram, +83,9 Mio

3&4. D’Participatioun vum Staat um Finanzement vun der Assurance pension a vun der Assurance maladie-maternité, zesummen +104,8 Mio

5. Finanzement vun de Chèques services: +34,8 Mio

6. Alimentation vum Fonds communal: +31,1 Mio

7. Dotatioun vum Fonds des routes: +30 Mio ; et ass also duerchaus net sou, wéi wann de Staat den Individualverkéier op Käschte vum ëffentlechen Transport vernoléissege géif

8. Dotatioun vum Fonds pour la loi de garantie: +29 Mio

9. Déi nei Subvention de loyer: +28,8 Mio

10. Participatioun vum Staat un der Constructioun an der Renovatioun vu Logementer : +25,9 Mio

Et fënnt een also och hei déi staark sozial Komponent erëm, vun där ech virdru geschwat hunn, an d’Prioritéite vun der Regierungspolitik.

Aus Zäitgrënn ass et leider net méiglech, dass ech op all Posten vum Budget eenzel aginn. Dir wäert an den nächsten Deeg a Woche genuch Zäit hunn, dat an de Commissiounen am Detail ze maachen.

Déi Fro, déi iech elo direkt méi interesséiert ass mat Sécherheet déi hei :

Wou bréngt dat alles eis hin ?

No de Regelen vun der europäescher Comptabilitéit hu mer bei der Administration Centrale 16.106,1 Mio EUR Recetten (ee plus vun 5,4%), géingt 16.738,7 Mio EUR Dépensen (ee plus vun 4,8%), an deemno een Defizit vun 632,6 Mio EUR, wat eng Verbesserung duerstellt vun 182,4 Mio par rapport zum Budget vum leschte Joer. [Infografik 10+11]

No de Regelen vun der lëtzebuerger Comptabilitéit hu mer 2016 13.066,6 Mio EUR Recetten (dat ass ee plus vun 5,6%), géingt 13.504,8 Mio EUR Dépensen (dat ass ee plus vun 4,3%). Domatter hu mer een Defizit vun 438,2 Mio EUR, och dat eng Verbesserung duerstellt vun 130 Mio par rapport zum Budget 2015.

Egal no wéi enge Regelen een d’Analyse mécht, kann een déi heite Constate maachen:

  • Den Defizit geet erof. Trotz den Aboussen um Niveau vun der TVA um Commerce électronique.
  • D’Dépensen wuesse manner séier wéi d’Recetten. Dat ass wichteg fir d’Schéier tëscht Dépensen a Recetten bannent deenen nächste puer Joer rëm zesummen ze kréien, sou wéi d’Regierung sech dat virgeholl huet.
  • Dass d’Dépensen méi lues wuesse wéi d’Recetten, léisst sech duerch 2 Elementer erklären:

1-    D’Dépensen sinn am Grëff. Dat gesäit ee besonnesch gutt um Niveau vun der Consommation intermédiaire, déi nëmmen 1% wiist.

2-    D’Recetten [Infografik 3] entwéckele sech korrekt:

Bei den direkte Steieren muss ee virun allem den Impôt sur la Fortune eraussträichen, wou d’Recetten wäerten em d’Halschent eropgoen. Dat klengt no vill, mee mir hunn doranner en compte geholl, dass mer dëst Joer schonn méi héich Recetten op där Steier hunn, wéi am Budget 2015 virgesinn. Ausserdem gesäit een hei den Effekt vun der Reform vun dëser Steier, déi den 1.1.2016 a Kraaft triede soll. Dat ass awer eng reng technesch Variatioun, déi zum groussen Deel um Niveau vum IRC rëm kompenséiert gëtt. Dat entspriechend Gesetz hunn ech de Méindeg hei déposéiert.

Bei den indirekte Steieren fält besonnesch d’Progressioun vun 26% bei der Taxe d’abonnement an d’Gewiicht. Par conter gesi mer schonn dëst Joer, dass den Trend bei den Accisen éischter no ënne weist. Och bei der TVA weist d’Entwécklung no ënnen, wéinst de Recetten vum Commerce électronique, déi 2016 ewechfalen. 

  • D’Administration Centrale stellt nëmmen een Deel vun den ëffentleche Finanzen duer. Fir komplett ze sinn, muss een och d'Sécurité sociale an d'Gemengefinanze mat arechnen. [Infografik 2]
  • Hei zielt besonnesch d’Sécurité sociale, där ech eng gesond Situatioun bescheinege kann. Och hei wuessen d’Recetten, mat 4,7%, méi séier wéi d’Dépensen, mat 4,4%.
  • Déi 3 Secteuren zesummegeholl weist d’Administration Publique 2016 een Iwwerschoss vun 268,8 Mio oder 0,5% vum PIB aus, dat sinn 217,5 Mio méi wéi 2015, wou en nëmme bei 0,1% vum PIB louch. Mir sin also och hei um richtege Wee. [Infografik 8+9]
  • D’Projektioune vum Budget pluriannuel weisen, dass deen Trend sech iwwer déi nächste Jore fortsetze wäert. Um Schluss vun dëser Legislaturperiod, 2018, wäerte mer op déi Manéier kënnen een Iwwerschoss vun 453 Millioun ausweisen.
  • D’Regierung huet et domatter fäerdeg bruecht, dass mer fir 2016 ee Solde structurel vun +0,6% vum PIB op Bréissel melle kënnen, wat liicht iwwert dem Objectif budgétaire à moyen terme vun 0,5% läit, deen den europäesche Regelen entsprécht. Ech well drun erënneren, dass dat keng Selbstverständlechkeet ass. Ouni den Zukunftspak wäre mer 2016 bei -0,7% geland, woumatter Lëtzebuerg géingt verschidde Regelen vum Pacte de Stabilité et de Croissance verstouss gehat hätt. [Infografik 12]
  • De Budget pluriannuel weist, dass Lëtzebuerg den Objectif budgétaire à moyen terme net nëmmen d’nächst Joer, mee och iwwer d’Period bis 2019 global respektéiere wäert.

Heescht dat dann elo, dass alles an der Rei ass, an ech als Finanzminister an domadder d’Regierung, därf ufänke Kadoen ze maachen ?

Absolut net. An ech erklären iech och firwat. Ech wëll hei op 5 Grënn agoen:

1-  Déi positiv wiertschaftlech Entwécklungen sinn nach net um Niveau vun de Staatsfinanzen ukomm

2-  D’Wirtschaftslag weltwäit ass weider fragil

3-  De Staat huet ëmmer nach héich Scholden

4-  Den Zukunftspak ass nëmmen dann efficace wann och all Mesuren ëmgesat ginn

5-  Lëtzebuerg muss sech un en neit steierlecht Ëmfeld upassen.

1- Den Effet de décalage

Et ass ee Fait, dass gutt Noriichten aus der Wirtschaft ëmmer réischt mat engem Retard vun op d’mannst engem Joer am Staatsbudget ukommen. Dat läit virun allem dorunner, dass d’Firmen hire Bilan ëmmer réischt d’Joer drop opstellen, an d’Privatleit hir Steiererklärung jo och réischt ee Joer méi spéit maache kënnen. Bis dohinner ka sech déi wirtschaftlech Situatioun awer scho rëm geännert hunn.

2- D’Wirtschaftslag weltwäit ass ëmmer nach fragile

Dat ass net alleng meng Meenung. Wéi ech an den Gespréicher déi ech d’lescht Woch zu Lima hat, feststelle konnt, sinn sech d’Finanzminister vun alle groussen Länner op deem Punkt eeneg. Den FMI huet d’ailleurs seng Wuesstumsprognosen fir 2015 an 2016 no ënne revidéiert.

Et ginn nach vill Onsécherheeten:

  • D’Amerikanesch Zentralbank ass drop an drun d’Zënsen erëm eropzesetzen, wat net ouni Repercussiounen op de Finanzmäert bleiwe wäert.
  • De Cours de Change vum Euro ass am Moment niddereg, wat gutt ass fir eis Exportwirtschaft. Mä dat ass eng Situatioun déi net a Steen gemeesselt ass.
  • D’Präisser vun de Rohstoffer sinn op engem historeschen Déif. Et ginn och do éischt Unzeechen, dass déi Situatioun sech rëm ännere wäert.
  • A finalement ass d’Sécherheetslag a villen Ec
  • China dréit méi lues, an ass domatter net méi sou ee staarke Motor vun der weltwäiter Croissance wéi nach virun engem Joer.
  • ke vun der Welt méi wéi bedenklech. Wirtschaftlech Sanctioune géingt Russland an iwwert eng Millioun Flüchtlingen an Europa weisen eis, dass dat keng abstrakt Problemer sinn, mat deene mir näischt ze dinn hätten.

Wat ech domat soe wëll ass dat hei: am Moment leeft et gutt, mee mir mussen d’Risiken am Bléck halen, a mat arechnen.

Fir d’Eurozone ginn déi aktuell Previsiounen vun enger liichter Reprise aus, mat engem Wuesstem ronderëm 1,9% fir 2016.

Bei eis heiheem gesäit d’Bild souguer nach méi positiv aus:

  • De Wuesstem vum Emploi läit stabil iwwer 2,5%. Dat sinn ronn 8500 nei Aarbechtsplaze pro Joer. De Chômage geet säit Méint erof, wann och just liicht, a läit aktuell bei 6,9%. Allerdéngs ginn et Unzeechen, dass mer hei éischter eng Stabilisatioun wéi eng weider Baisse wäerte gesinn an den nächste Méint.
  • Mir sinn eis all eens, dass de Chômage ze héich. De Schlëssel fir méi een nidderege Chômage ass, nieft engem zolitte Wuesstem, eng besser Ausbildung. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer genuch Aarbechtsplaze geschaf. Mir mussen et fäerdeg bréngen, dass déi Jonk hei am Land sech déi néideg Kompetenze uneegnen, fir des Plazen och ze besetzen.
  • D’Croissance vum PIB hält sech op engem relativ héijen Niveau, besonnesch am Verglach mat eisen Nopeglänner:
    4,1% - 2014
    3,7% - 2015
    3,4% - 2016
Dat ass ongeféier d’Gréissenuerdnung vun der Moyenne vun de leschte 15 Joer, déi bei ronn 3,5% louch. Mee dat läit wäit ënnert deenen 4,5-5%, déi Lëtzebuerg virun der Krise gewinnt war.
  • Aus dem aktuelle Bulletin vun der BCL geet ervir, dass d’Vertrauen vun de Consommateuren am Mee dëst Joer säin héchsten Niveau säit August 2011 erreecht huet, an sech aktuell op ongeféier dësem Niveau hält. Säit September 2014 stellt een hei een positiven Trend fest, deen sech weider fortsetzt.
  • D’Inflatioun bleift weider niddereg. Déi éischt 8 Méint vun dësem Joer louch se bei 0,3%. D’Inflation sous-jacente zitt liicht un, a läit bei 1,7%.
  • D’Zuele weisen och, dass d’Eropsetzen vun verschiddenen Tauxen vun der TVA, woubäi den Taux super-réduit jo net touchéiert gouf, sou gutt wéi guer keen negativen Impakt op de Wuesstem an de Chômage hat, sou wéi ech dat d’lescht Joer hei virausgesot hat.

Virun engem gudde Mount hunn ech der COFIBU de kompletten Décompte vum Joer 2014 virgeluecht. Aus deene Zuelen ass ganz kloer ervirgaang, dass d’Regierung mat hire Previsiounen genee richteg louch.

D’Joer 2015 ass nach net ofgeschloss. Mee et mierkt een elo schonn, dass et finanztechnesch méi ee schwieregt Joer wäert ginn wéi 2014. D’Recetten wuesse méi lues. Dat gesäit een bei den Accisen, dat mierkt een awer och bei der TVA, wou d’Perte vun der TVA um Commerce électronique dëst Joer fir d’éischt voll duerchschléit.

3- Eis Staatsschold ass, fir ee Land wéi Lëtzebuerg, weider héich

Tëscht 2008 an 2013 ass d’Staatsschold vu Lëtzebuerg vun 7% op 23% vum PIB ugewuess. De Scholdebierg ass a manner wéi 10 Joer vun eppes iwwert enger Milliard op iwwer 11 Milliarden ugewuess. [Infografik 5]

Wann des Koalitioun keng Mesure geholl hätt, wär d’Staatsschold 2019 bei knapps 17 Milliarde ukomm gewiescht. [Infografik 6]

Et soll ee sech duerch déi aktuell niddereg Zënsen net täusche loossen. Déi Tauxen wäerten eropgoen, an domatter och d’Gewiicht vun der Schold am Budget. 2016 wäert de Staat 172 Mio EUR just un Zënsen bezuelen. Dat ass méi wéi de Budget vum Ministère de la Justice, oder vum Ministère de la Culture. Et ass also néideg d’Staatsschold am Grëff ze halen.

Dank dem Zukunftspak hu mer et fäerdeg bruecht, de Wuesstem vun der Staatsschold opzehalen, an se iwwer déi nächst Joren ronderëm 24% vum PIB ze stabiliséieren [Infografik 7].

Dat ass wichteg, well et net verantwortlech ass, dass mir haut Suen zur Fënster erausgeheien, an eis Kanner da muer fir eis Scholde mussen opkommen. D’Tendenz muss also dohinner goen, dass de Staat seng Scholden och rëm ofbaut an zréckbezilt.

Ech well och nach emol drun erënneren dass de Staat 2014 an 2015 keen neien Emprunt opgeholl huet, sous réserve vum Sukuk, deem säin Zweck et eenzeg an alleng war Lëtzebuerg um Gebidd vun der Islamescher Finanz ze positionéieren.

Well d’Administration Centrale am Moment awer nach weider rout Zuele schreift, kommen ech net dolaanscht, 2016 dann een neien Emprunt opzehuelen. Mir hunn dofir 1,5 Milliarden am Budget virgesinn. Dee Montant ass an den Zuelen, déi ech iech fir de Solde vum Budget genannt hunn, net agerechent.

4- Den Zukunftspak ass nëmmen dann efficace, wann e komplett ëmgesat gëtt

  • Ech weess, dass d’Mesuren vum Zukunftspak net all populär waren.
  • D’Kompromësser déi gemaach goufen, och no Discussiounen mat de Gewerkschaften a mam Patronat, a verschidde Changementer, déi d’Regierung gemaach huet, brénge mat sech, dass et eng Rei Decalage ginn par rapport zu den initiale Projektiounen. Trotzdem kënnen d’Resultater sech weise loossen.

Den Zukunftspak, zesumme mat den steierleche Mesuren, huet 2015 een Impakt vun 382,7 Mio gehat, an wäert 2016 een Impakt vun 584,6 Mio hunn. 2017 sinn et dann 723 Mio an 2018 808 Mio. 2019, dat ass sou wäit wéi mer mat dem Budget pluriannuel dëst Joer kucken, rechne mer mat 841,6 Mio, woubäi den Effort tëscht Recetten an Dépensen dann ongeféier am Equiliber läit.

Duerch d’Mesuren, déi d’Regierung geholl huet, ass den Defizit vun der Administration Centrale vu bal 1,2 Milliarden, wou een 2016 gelant wäre, wann een alles einfach lafe gelooss hätt, op ronn 633 Milliounen erofzebréngen. Domatter gouf den Defizit quasi halbéiert. [Infografik 10]

An dat trotz der Abouss vun 654 Milliounen bei der TVA électronique !

Dat weist, dass den Zukunftspak fonctionnéiert. Duerch déi Strukturreformen, déi am Zukunftspak ageschriwwe sinn, konnt am lafende Budget neie Spillraum geschaf ginn. Dat wäert sech och iwwer déi nächst Joren weider bestätegen. Awer nëmmen, wann all Mesuren wéi geplangt ëmgesat ginn.

Et wär ee Feeler sech lo vun den positiven Wuestumsprognose blenden ze loossen, fir d’Rad zréckzedréinen. Dee Moment géif d’Land riskéieren rëm zréck an d’Scholdespiral ze geroden, aus där mer lo grad amgaang sin erauszekommen.

Des Regierung mécht keng Salami-Taktik. Mir hunn d’lescht Joer all 258 Mesuren vum Zukunftspak virgestallt, an op den Internet gesat. Dofir hunn ech dëst Joer och keng Iwwerraschung parat. Et kënnt keng nei Mesure dobäi. Et geet duer, dass déi, déi festgehale goufen, ëmgesat ginn.

Och dofir ass dat hei ee Budget vun der Kontinuitéit, a vun der Zouverlässegkeet.

5- D’Upassen un een neit steierlecht Ëmfeld

International geet den Trend ganz kloer a Richtung Transparenz, automateschen Informatiounsaustausch, souwuel bei de Privatleit, wéi och bei de Firmen.

Lëtzebuerg huet iwwer déi lescht Méint op deem Gebitt eng dreiwend Roll gespillt. Als Europäesch Présidence hu mir et fäerdeg bruecht, a Rekordzäit d‘Direktive iwwer den automateschen Informatiounsaustausch vu Rulingen duerchzekréien. Mir hunn och aktiv un dem BEPS Projet vun der OCDE matgeschafft.

Déi nei BEPS-Regelen wärten déi weltwäit Regelen fir d’Besteierung vu Multinationale Betrieber grondleegen veränneren. Fir et einfach ze résuméieren, kann ee soen, dass et bei BEPS dorëmmer geet, dass Gewënner vu Firmen och do besteiert solle ginn, wou d’Plus-Value geschaf gëtt, also do, wou déi Firmen och Substanz hunn.

Als Finanzminister fannen ech et selwer net an der Rei, dass déi al Regelen et enger Firma erlaben, an deem engem Land hir Aktivitéit ze hunn, an engem aneren just eng Bréifkëscht, mee awer de ganze Bénéfice iwwert déi Bréifkëscht ze verrechnen, an domatter ze erreechen, dass se weder an deem engen, nach an deem anere Land fair Steiere bezillt.

D’Réunioun vun de Finanzminister vum G20, bei där ech d’Europäesch Unioun vertrueden hunn, huet de Firmen dofir ee ganz kloer Message geschéckt: d’Zäiten vun aggressiver Steiervermeidung sinn eriwwer.

Jidderee muss säi fairen Deel zum Finanzement vum Staatsbudget bäidroen, Privatleit genee wéi och Betriber.

Wat heescht dat konkret ? Et heescht dräi Saachen:

a - Et heescht, dass mer weltwäit méi kloer Regele kréien iwwer d’Art-a-Weis, wéi d’Steieren fir international Gruppen tëscht de Länner ze verrechne sinn. Dir wësst, dass d’Europäesch Kommissioun, d’Kommissärin Vestager, amgaang ass existent Rulingen ennert d’Lupp ze huelen. Net nëmme vu Lëtzebuerg, och vun anere Länner.

Wat Lëtzebuerg betrëfft, sou geet et momentan konkret em 2 Firmen, bei deenen d’Kommissioun der Meenung ass, dass et méiglech ass, dass d’Art-a-weis, wéi Lëtzebuerg d’Regelen interpretéiert huet net konform mam europäesche Recht sinn, an dofir kéinten als illegal Bäihëllefen ugesi ginn. Meng Leit an der Steierverwaltung soe mer, dass hirer Analys no an deenen Dossieren alles korrekt ass. Ech kann zu dësem Zäitpunkt awer net ausschléissen, dass d’Kommissioun zu enger anerer Konklusioun komme kann. Wann dat sou ass, wäerte mir eis Optioune préiwen.

Wat dat weist, ass, wéi wichteg et ass, dass mer lo nei, méi kloer, Regele kréien, fir sou Situatiounen an Zukunft ze vermeiden. Mir hunn do schonn anticipéiert, andeems mer d’lescht Joer de Rulingen eng gesetzlech Basis ginn hunn.

Lëtzebuerg wäert op deem Dossier och weider ganz enk mat senge Partner an der EU an der OCDE zesummenzeschaffen, fir sécherzestellen, dass déi Regelen och vu jidderengem ëmgesat ginn, am Sënn vun engem weltwäite Level Playing Field.

b- Et heescht och, dass eis Steiergesetzer progressiv un des nei Regelen mussen ugepasst ginn. Op den 1. Juli 2016 wäert Lëtzebuerg dofir säin IP Regime an der aktueller Form ofschafen, an déi bestehend Regelen auslafe loossen. Och eist Gesetz iwwer den Impôt sur la Fortune gëtt ofgeännert, fir conforme mat den aktuellen europäesche Regelen ze ginn.

Eng Rei Mechanismen, déi et an der Vergaangenheet erlaabt hunn, legal d’Steierlaascht ze drécken, wäerten an Zukunft net méi méiglech sinn. An anere Wieder : d’Basis, op där d’Steiere fir Firmen berechent ginn, wäert méi breet ginn.

Gläichzäiteg musse mer awer dofir suergen, dass eis Économie competitiv bleift. Wann d’Basis méi breet gëtt, a mer eisen aktuelle Steiersatz bäibehalen, heescht dat, dass fir d’Entreprisen d’Steieren erop ginn.

Wann een awer weess, dass bei eis den nominelle Steiersatz elo schonn bei 21% läit, woubäi en an England zum Beispill demnächst op 18% wäert erofgoen, an Irland bei 12,5% läit, an aner Europäesch Länner och iwwerleeën, hier Steiersätz ze kierzen, dann ass et evident, dass och Lëtzebuerg op deem Gebitt eppes maache muss.

Ech soen dofir ganz kloer: mat der Steierreform wäert den Taux nominal fir d’Betriber progressiv erofgoen.

Mee ech soen och genee sou kloer: ech hätt gären, dass déi Steieren dann och bezuelt ginn.

Dat ass de Prinzip vun der Steierreform bei de Betriber : manner héich Steieren, mee awer och manner Méiglechkeeten, sech laanscht d’Steier ze drécken. Dat ass transparent, dat ass fair, a gerecht.

Dee selwechte Prinzip gëllt bei der Steierreform fir d’Privatleit.

Et wäert keng banal Reform mat der Géisskan ginn, mee en Ensembel vu gezielte Mesuren. Zwar soll all Mënsch herno méi am Portmonni hunn, mee et ass virun allem de Mëttelstand, dee muss entlaascht ginn. Och jonk Famillen an besonnesch d’Monoparentauxen wäerten ënner d’Äerm gegraff kréien.

Wéivill Spillraum mer fir déi Reform hunn, a wat genee d’Tauxen wäerte sinn, déi vun 2017 fir d’Betriber an d’Privatleit wäerte gëllen, hänkt am Endeffekt un der Entwécklung vun de Staatsfinanzen of.

Wat den Niveau vun den Entlaaschtungen ugeet ass mäi Message ganz kloer: Sou vill wéi néideg, net méi wéi méiglech.

Sou vill wéi néideg fir eng kompetitiv Wirtschaft a spierbar Entlaaschtunge bei de Privatleit, awer net méi wéi méiglech, fir de Budget am Equiliber ze halen.

Dat erkläert och, firwat an de Projektiounen vum Budget pluriannuel déi Reform nach net mat en compte geholl ass. Zum engem ass et net méiglech, dem Impakt vu Regelen ze rechnen, déi nach guer net festgehale sinn, zum aneren wäert d’Envergure vun der Reform eben och dovunner ofhänken, wéi sech d’Situatioun weider entwéckelt.

Ech sinn allerdéngs ganz zouversiichtlech:

-   D’Joer 2014 huet de Staatsbudget méi positiv ofgeschloss wéi virgesinn. Dat schaaft zousätzleche Spillraum.

-   Wéi bei de Firmen sinn ech och bei de Privatleit der Meenung, dass déi Steieren, déi geschëlt sinn, och musse bezuelt ginn. An zwar vu jidderengem. Dat ass eng Fro vun elementarer Gerechtegkeet. Dofir wäert d’Steierverwaltung, wéi am Zukunftspak virgesinn, an Zukunft och méi staark géingt Steierhannerzéiung virgoen. Och dat schaaft nei Recetten.

Duerch den automateschen Informatiounsaustausch gëtt d’lëtzebuerger Steierverwaltung vum nächste Joer un iwwer Konten informéiert, déi lëtzebuerger Résidanten am Ausland hunn.

Loosst mech et sou ausdrécken: wann do een “vergiess” gehat hätt, des, oder aner Revenuen, ze déclaréieren, sou wéi d’Gesetz dat nach ëmmer virgesinn huet, da kritt en 2016 d’Méiglechkeet dat nozehuelen, ouni de Risk ze lafen, wéinst Steierhannerzéiung ugeklot ze ginn. Et ass awer kloer, dass déi Steieren, déi geschëlt sinn, an all Fall musse bezuelt ginn. Am Sënn vun der Fairness, a fir déi Leit net ze benodeelegen, déi hir Steieren ëmmer korrekt bezuelt hunn, wäert zudeem eng Majoratioun vun 10% berechent ginn.

-   An anere Wieder: elo ass de Moment, fir sech ze regulariséieren. Dëst ass nëmmen een éischte Schrëtt an der Lutte géingt d’Fraude fiscale, déi iwwert déi nächste Joren nach weider wäert verstäerkt ginn.

c - Déi drëtt Konsequenz vu méi Transparenz a Steierfroen, vum automateschen Echange vun de Rulingen a vun der Ëmsetzung vu BEPS wäert sinn, dass mer Ännerunge wäerte gesinn am Tissu vun de Gesellschaften, déi zu Lëtzebuerg etabléiert sinn.

Eis Wirtschaft ass immens diversifizéiert. Mee et ass awer och eng Realitéit, dass et eng Rei Firmen zu Lëtzebuerg gëtt, déi nëmme ganz wéineg Substanz hei am Land hunn, déi keng oder kaum Employéeën hunn, an déi et just dofir gëtt, fir op anere Plazen Steieren ze spueren. Dat ass legal, mee net méi tragbar.

Op dëse schnelle Su muss d’Land an Zukunft verzichten, a sech dofir nei opstellen.

Eng Rei international Gruppen wäerten décidéieren, hir entspriechend Firmen zu Lëtzebuerg zouzemaachen. Mee gläichzäiteg wäerten anerer décidéieren, hier Präsenz zu Lëtzebuerg auszebauen, méi Leit, méi Aktivitéit, méi Substanz an d’Land ze bréngen.

Dat kann een e bësse mat deem vergläichen, wat mer op der Finanzplaz gesinn hunn mam Ofschafe vum Bankgeheimnis. Do waren der och vill  -och Kollegen hei an der Chamber-, déi virausgesot haten, dass de Private Banking zu Lëtzebuerg dat net iwwerliewe géif.

De Géigendeel ass agetratt. Eis Finanzplaz wiisst. Et ass richteg, dass vill kleng Clienten, deenen hier steierlech Situatioun net komplett transparent war, Lëtzebuerg de Réck gedréint hunn. Mee de Secteur huet et fäerdeg bruecht si ze ersetzen duerch eng nei Kategorie vu Clienten. Et sinn der manner, mee si hu méi grouss Fortunen, an si steierlech absolut transparent. Si kommen net op Lëtzebuerg aus reng steierleche Grënn, mee fir d’Qualitéit vum Service an d’Kompetenz vun de Spezialisten déi mer hei am Land  hunn.

Des positiv Erfahrung, déi mer op der Finanzplaz gemaach hunn, stëmmt mech zouversiichtlech, dass mer déi selwecht Entwécklung och um Gebitt vun den Entreprise wäerte gesinn.

Déi Leit, déi elo scho rëm géingt Lëtzebuerg wetten, wäerten och des Kéier onrecht behalen.

Här President, dir Dammen an Hären,

Ei ech zu menger Conclusioun kommen, erlaabt mer nach a puer Wuert iwwer d’Budgetsreform ze soen.

Dat ass ee ganz komplexen, a laangwierege Projet. D’Aarbechten komme gutt weider.

Ech hunn dem CNFP (Conseil National des Finances Publiques) seng Analyse a seng Recommandatiounen mat Intérêt gelies, an him ee Bréif geschéckt, wou ech op déi eenzel Punkten aginn. Ech begréissen d’Iwwerleeunge vum CNFP, déi zum Deel och wäerten an d’Budgetsreform mat afléissen.

Am Budget 2016 fannen sech eng ganz Rei Neierungen, déi sech an de Projet vum Budget vun der neier Generatioun aschreiwen.

D’Struktur vum Budget ass weider vereinfacht a méi transparent gemaach ginn.

Ech hunn och dofir gesuergt, dass den Zougang zum Budget fir d’Bierger nach méi einfach gëtt. Den Internetsite budget.public.lu, deen ech d’lescht Joer hei virgestallt hunn, ass weiderentwéckelt ginn an erlaabt et elo net nëmmen d’Dépensen, mee och d’Recetten am Detail ze analyséieren. De ganze Budget ass am Open Data disponibel. Um Site fënnt een elo ausserdem de Suivi - Mount fir Mount - vun de Recetten an den Dépense vum Staat, sou dass all Bierger sech ee Bild maache kann, wat mat senge Sue geschitt. Ech denken, dass dat och fir d’Chamber een interessanten Outil ass.

Déi wichtegst Neierung fënnt sech allerdéngs net direkt am Budget 2016 erëm, mee an der Prozedur déi ech proposéieren vum nächste Joer un ze suivéieren fir d’Opstellen vum Budget pluriannuel.

D’Koalitiounspartner hu festgehal, am Sënn vun enger méi grousser Kohärenz tëscht den europäeschen an den nationale Prozesser, d’Diskussioun iwwert déi pluriannuel Orientatiounen d’nächst Joer vun der Diskussioun iwwert de Budget 2017 ofzekoppelen, an schonn méi fréi am Joer ze maachen. Den nächste Programme pluriannuel wäert dofir zesumme mat dem Etat de la Nation am Fréijor virgestallt ginn.

D’Roll vum Parlament wäert esou massiv gestäerkt ginn. Och den Dialog mat de Gewerkschaften iwwer Budgetspolitik wäert sou verbessert ginn. Dës Diskussiounen, déi dann aus dem Schied vum Budget wäerten erauskommen, sinn eng ideal Geleeënheet fir iwwer déi grouss Orientatiounen a Prioritéiten vum Land iwwer déi nächst 4 Joer ze diskutéieren. Dat ass och am Sënn vun de Recommandatiounen vum CNFP.

Et ass eng nei Approche, déi sech awer konkret an d’Logik vum Europäesche Semester aschreift. Domatter wär ee wichtegt Puzzlestéck vun der Réforme budgétaire en place.

Eng Diskussioun iwwert déi grouss Orientatiounen méi fréi am Joer erlaabt et dem Parlament donieft och, dee Moment schonn ee gewësse Kader ze setzen, an dee sech de Budget dee méi spéit am Joer virgestallt gëtt, muss aschreiwen. Haut ass de Budget pluriannuel eng Zort Projektioun vum Budget annuell. Muer soll de Budget annuel eng Declinaisoun vum Budget pluriannuel sinn. An Zukunft géif domatter net méi de Budget annuel, mee de Budget pluriannuel am Zentrum stoen. Dat ass, am richtege Sënn vum Wuert, eng kopernikanesch Revolutioun.

Här President, dir Dammen an Hären,

Dem Land geet et bei wäitem besser wéi Verschiddener wëlle gleewen dinn. Eise PIB wäert 2016, wann net schonn dëst Joer, fir d’éischt Kéier iwwer 50 Milliarde leien. Eis Wirtschaft wiisst. Bei de Staatsfinanzen sinn nach net all Problemer geléist, mee mir sinn um richtege Wee.

D’Zuele vum Budget Pluriannuel ënnersträichen dat. Bis 2019 wäert den Defizit vun der Administration Centrale weider erofgoen an den Iwwerschoss bei der Administration Publique weider klammen. D’Staatsschold stabiliséiert sech.

Wann ech mat menge Ministerkollegen aus anere Länner iwwer hir Erfahrunge schwätzen, da sinn ech frou, dass mir et fäerdeg bruecht hunn, wäit manner drastesch Mesuren ze huelen, fir d’Staatsfinanzen erëm an den Equiliber ze bréngen.

Am Géigesatz zu villen anere Länner setzt d’lëtzebuerger Regierung hir Politik fir d’Investissementer héich ze halen konsequent fort. Sou bereede mer d’Land a seng Infrastrukturen op d’Zukunft fir, an ënnerstëtzen de Wuesstem. Dat ass genee dee Wee, deen och déi international Organisatiounen an d’EU recommandéieren.

D’Regierung investéiert weider an d’Kannerbetreiung, an an d’Schoul, fir dass all Kand zu Lëtzebuerg déi selwecht Chance kritt op eng erfollegräich Zukunft.

Wann ech soen, dass et dem Land besser geet, dann vergiessen ech awer net, dass et nach vill Leit gëtt, deenen et net sou gutt geet. Dofir huet dëse Budget och eng ganz staark sozial Komponent, déi iwwert déi nächst Joren weider wäert gestäerkt ginn.

Déi traureg Situatioun vun de Flüchtlingen, déi bei eis kommen, well hinnen doheem näischt méi bliwwen ass, erënnert eis drun, dass een net alles soll fir selbstverständlech huelen.

Mir sollten eis freeën, dass mer an engem Land liewen mat engem staarke Sozialstaat, mat engem héije Liewensstandard, an engem excellente Gesondheetssystem. Mir sollte glécklech sinn, dass Lëtzebuerg am Häerz vun Europa läit, an enger Europäescher Unioun, déi et fäerdeg bruecht huet, Krich tëscht de Memberlänner ondenkbar ze maachen.

Lëtzebuerg steet viru groussen Erausfuerderungen. Mat dësem Budget gi mer eis d’Moyenen, des Erausfuerderungen ze meeschteren an d’Land op d’Zukunft virzebereeden.

Mat dësem Budget kënne mer mat Vertrauen no vir kucken.

Ech soen iech Merci."

 

 

 

Dernière mise à jour