Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances à la Chambre des députés

"Een neie Budget fir nei Perspektiven"

  1. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
  2. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
  3. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
  4. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
  5. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
  6. ©SIP/Luc Deflorenne

    Dépôt du projet de budget 2015 par le ministre des Finances, Pierre Gramegna à la Chambre des députés
Här President, léif Regierungs-Kollegen,

Dir Dammen an Hären,

Gëschter huet de Premier hei an der Chamber der Regierung hiren Zukunftspak virgestallt. Ech wëll iech haut erklären, wéi mer dëse Pak an den neie Budget integréiert hunn, a wat fir Implikatiounen dat fir eis Staatsfinanzen huet.

Eis Staatsfinanzen existéieren net am lofteidele Raum, mee si vill vun der internationaler Konjunktur ofhängeg.

Viru manner wéi enger Woch war ech zu Washington, um Treffe vum IMF an der Weltbank. Et war wichteg op der Plaz dobäi gewiescht ze sinn. Lëtzebuerg iwwerhëlt d'nächst Joer d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Eis Meenung zielt.

Eng vun de grousse Froen zu Washington war, wéi mer et kënne fäerdeg bréngen, d'Wirtschaft weltwäit rëm un d'Wuessen ze kréien, an nei Aarbechtsplazen ze schafen. Eng aner Fro war, wéi mer et kënne fäerdeg bréngen, dass d'Fraen hir verdéngte Plaz an der Aarbechtswelt fannen. Dat si Froen, déi eis och zu Lëtzebuerg beschäftegen.

Aus menge Gespréicher zu Washington hunn ech zréckbehal, dass d'Welt nach laang net aus der Kris eraus ass, an nei Geforen op der Wirtschaft laaschten. Ebola, Ukraine, d'Situatioun a Syrien an am Irak, Terrorismus, dat si Risiken, déi een net däerf aus den Ae verléieren.

Méi no bei eis, an der Euro-Zone ass och nach laang net alles roseg. An eenzelne Länner gesi mer zwar eng Reprise, mee anerer riskéiere rëm nees an d'Kris erofzerutschen.

Dat ass dat Ëmfeld, an deem mir eis bewegen. All dës Saachen hunn en direkten Afloss op d'Entwécklung bei eis heiheem.

Wann een sech d'wirtschaftlech Entwécklung zu Lëtzebuerg iwwert déi läscht Méint ukuckt, dann ass et dofir och schwéier en eendeitegen Trend festzestellen. Eise Wuesstem wäert dëst Joer bei 2,8 % leien. Dat ass net schlecht, mee läit wäit ënnert deem, wat mir virun der Kris gewinnt waren. Dat ass eng nei Realitéit, mat där mer musse léieren ëmzegoen.

Mir däerfen eis net drop verloossen, dass alles iergendwann rëm eng Kéier sou gëtt, wéi et mol war. Dat wäert net geschéien. D'Zäiten änneren sech.

Mir gesinn dat lo schonns um Niveau vun eise Recetten. Mir ware gewinnt, dass déi all Joer kräfteg gewuess sinn. Dat ass haut net méi de Fall. Ee vun de Grënn dofir ass d'Ewechfale vun eise Recetten op der TVA um Commerce électronique. Dir wësst. dass grouss Betriber, déi zu Lëtzebuerg hire Siège hunn, vun hei aus iwwert den Internet hir Produkter duerch ganz Europa verkafen. An der Vergaangenheet konnte mir déi ganz TVA, déi do facturéiert gouf, einfach halen. Säit 2006 wësse mer, dass domadder 2015 Schluss ass, a mir d'TVA progressiv musse weiderreechen un déi Länner, an deenen d'Cliente wunnen. Domadder ginn eisem Staatbudget bis 2018 ronn 4 Milliarde verluer, dovunner schonn d’nächst Joer op d’mannst 700 Milliounen.

Et stëmmt, dass et Lëtzebuerg an engem schwéieren Emfeld bis ewell ëmmer nach relativ gutt gaangen ass. Dee beschte Beweis dofir ass eisen Triple A Rating.

Den Triple A ass ee Qualitéits-Stempel. Den Triple A seet, dass op Lëtzebuerg bis ewell ëmmer Verlooss war. 2013 hate mer nach ee Rating mat engem negativen Outlook. Mir waren deemno um Wee, eisen Triple A ze verléieren.

Dank de Mesuren déi d'Regierung schonn am läschte Budget geholl huet, an eisem Engagement, déi nächst Joren eis Efforte fortzesetzen, hu mer haut een Triple A mat stabilem Outlook. Dat ass déi héchsten Note. Lëtzebuerg gëtt also zougetraut, och weiderhin ee verlässleche Partner ze sinn.

Wann ech am Ausland ënnerwee sinn, a mat Entrepreneuren an Investisseure schwätzen, da mierken ech, wéi wichteg et ass, finanziell zouverlässeg ze sinn, fir eis vun der breeder Mass vun eise Konkurrenten ofzehiewen. Wann nei Firmen decidéieren op Lëtzebuerg ze kommen, wann auslännesch Banken decidéieren hei hire Siège ze etabléieren, wann also nei Aarbechtsplaze bei eis geschaf ginn, dann ass dat och well mir ee Standuert mat zolitte Staatsfinanze sinn.

Dat ass keng Selbstverständlechkeet. Finland, eent vun deene méi räiche Länner an Europa, krut säin Triple A d'läscht Woch oferkannt. Och Lëtzebuerg leeft dee Risiko, wa mer net serieux un eis schaffen.

Säit Jore geet d'Schéier tëscht eisen Depensen an eise Recetten auserneen. Säit Jore gëtt eisen Defizit méi grouss. A säit Jore wiisst eis Staatsverschëldung. Dat musse mer rëm an de Grëff kréien – a mir hu schonn am Budget 2014 domat ugefaang.

An et sinn net nëmmen d'Rating-Agencen déi ganz genee kucken, wat hei am Parlament decidéiert gëtt. Ënnert den europäeschen Traiteeën ass och d'Europäesch Kommissioun gehalen, eis Zuele genee ënner d'Lupp ze huelen. Als Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun a vum Euro sollte mer eis eng Éier draus maachen, hei mam gudde Beispill virzegoen, an exemplaresch Zuele virzeleeën.

Fir eis Finanzen an de Grëff ze kréien ass et néideg, elo ze handelen.

Lëtzebuerg hätt dat kënne méi fréi maachen. Sou wéi Däitschland, wou scho virun 10 Joer Strukturreforme gemaach goufen. Déi Chance gouf bei eis verpasst.

An anere Länner si ganz rabiat Mesure geholl ginn. Länner wéi Irland, wou d'Peie vun alle Staatsbeamten einfach mol ëm 5% gekierzt goufen. Spuenien, wou d'ëffentlech Ausgaben ëm 8% gekierzt goufen. Oder Frankräich, wou mäi Kolleg Michel Sapin dëst Joer 21 Milliarden aspuert, an dofir duerch bal all Poste kierze geet.

Op dee Wee wollt d'lëtzebuerger Regierung net goen.

Mir hätten eis och kënnen an eiser eegener Geschicht inspiréieren. Un deem, wat Lëtzebuerg gemaach huet, fir aus der Stolkris erauszekommen. Och dat huet eis ënnert den heitegen Ëmstänn net déi richteg Léisung geschéngt.

Eis Populatioun wiisst. Am Schnëtt iwwer 10.000 Leit pro Joer. Haut kommen all Dag 60.000 Frontaliere méi an d'Land wéi nach virun engem Jorzéngt. Enn des Jores wäerten et der ronn 167.000 sinn. All des Leit déi nei an eist Land kommen, all déi Kanner déi hei gebuer ginn, brauchen nei Infrastrukturen, an hunn e Recht drop, vum Staat uerdentlech Servicer gebueden ze kréien. Dofir hu mir guer keen aner Choix, wéi weider ze investéieren.

D'Regierung investéiert massiv an d'Zukunft vum Land a vun eise Kanner. A grad well eis d'Kanner um Häerz leien, däerfe mer hinnen net och nach ee riesege Koup Scholden hannerloossen.

Wat ass nämlech d'Situatioun ? 

Elo scho laascht d'Staatsschold mat ronn 14.000 Euro op all Eenzelnem vun eis [op Basis vum Scholdestand vum Gouvernement central]. Eise Scholdebierg ass a manner wéi 10 Joer vun eppes iwwert enger Milliard op iwwer 11 Milliarden Euro ugewuess [Dette Publique]. De Coût vun der Bankerettung mécht dovunner nëmmen 2,5 Milliarden aus. Wann ech als Finanzminister där Saach einfach nokucke géif, dann hätte mer am Joer 2018 eng Schold vu wäit iwwer 16 Milliarden. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg wär dat eng ganz geféierlech Situatioun.

Et muss een wëssen, dass mir haut scho kräfteg Zënsen op eiser Schold bezuelen. Am Moment sinn dat iwwer 200 Milliounen d'Joer. Ech ka mer besser Saache virstellen, déi ee mat dëse Sue maache kéinnt. 200 Milliounen d'Joer, dat ass all Dag d'Géigevaleur vun engem groussen Appartement !

D'Regierung huet dofir schonn 2014 eng ganz Rei Mesure geholl, fir eise Budget rëm am de Grëff ze kréien. Mir haten do net vill Zäit, an awer hu mer et fäerdeg bruecht, een Effort vun iwwer 230 Milliounen ze maachen. Dat war net ëmmer populär, mee noutwenneg.

Während mer de Budget 2014 virbereed hunn, hu mer awer och schonn um Budget vun 2015 geschafft. A mir hunn dofir op eng nei Methode zréckgegraff, déi de Premier gëschter erklärt huet.

Fir d'Ëmsetze vum Zukunftspak gëtt nieft dem Budget och en entspriechend Gesetz deposéiert. Dat elo ass dat éischt. Et kommen der nach no, fir d'Joren 2016, 17 an 18.

Zousätzlech kritt de Staatsrot elo eng ganz Rei vu Reglementer virgeluecht, déi och mat hëllefen eisen Zukunftspak ëmzesetzen.

D'Mesuren vum Zukunftspak, et sinn der 258, orientéiere sech u 4 groussen Ideeën :

  • Méi responsabel mat Steiersuen ëmgoen
  • Méi Fairness a Gerechtgekeet bei den Ausgaben a Recetten hierstellen
  • Méi en effiziente Staatsapparat a méi ee modernt Land schafen
  • An : Eng nei Politik ëmsetzen, wéi se am Regierungsprogramm festgehalen ass.

De Premier huet Iech gëscht schonns eng Rei konkret Beispiller genannt.

D'Zäit erlaabt mer leider net am Detail op all eenzel Mesure anzegoen. Meng Ministerkollege wäerten an den nächste Woche Geleeënheet hunn, dat, jidderee fir säi Ressort, ze maachen.

Am Sënn vun der Transparenz huet d'Regierung decidéiert, de ganze Pak, an all Mesuren, awer elo schonn integral als Deel vum Budgetsgesetz ze publizéieren, an op den Internet ze setzen.

Bei 258 Mesurë bleift et net aus, dass do déi eng oder aner dobäi ass, déi engem net sou gutt gefält. Mee bei allem Grommelen iwwer eenzel Mesuren  - an ech weess, dat wäert kommen - soll een net de Bléck fir dat Ganzt verléieren. D'Zukunft vum Land a vun eise Kanner ass ze wichteg fir politesch Spillercher !

Mir hu ganz gutt opgepasst, dass des Mesuren och sozial gerecht sinn, an dass déi, deene mer ee klenge Bäitrag froen, deen och verkrafte kënnen.

Mir hätten eis et kënnen einfach maachen, an e puer grouss Mesuren huelen. Déi einfach Léisunge sinn awer net ëmmer déi bescht. Amplaz den décken Hummer ze huelen, huet d'Regierung mat Fangerspëtzegefill u ville Schrauwe gedréit.

Op dësem Wee hu mer et fäerdeg bruecht Méiglechkeeten ze fannen, fir am d'Joer 2018 1.061 Milliounen Euro anzespueren.

Ongeféier d'Halschent dovunner erreeche mer, andeems mer eis Ressourcë méi efficace asetzen. Deen aneren Deel erreeche mer iwwer nei Recetten. Wat heescht dat ?

Mir hunn zu Lëtzebuerg ee ganz héijen Niveau vu Servicer, déi de Staat senge Bierger ubitt. Dat ass gutt sou, an dat wëlle mir och net änneren. Au contraire, mir wëllen dat souguer nach ausbauen. Do muss ee sech dann allerdéngs d'Fro stellen, op d'Allgemengheet fir Servicer bezuele soll, vun deenen nëmmen Eenzelner profitéieren. Servicer, déi et am Ausland och net fir näischt gëtt.

Ee Beispill si verschiddene Waasseranalysen, déi privat Laboen a Rechnung stellen, de Staat awer net. Oder huele mer d'Beispill vu groussen Entreprisen, déi sech un d'Steierverwaltung wenne fir eng präventiv Analyse vun hiren Dossieren. Do leescht de Staat wäertvoll Aarbecht. An anere Länner muss ee fir déi Zort Service bezuelen. Bei eis wäert dat an Zukunft och esou sinn.

D'Regierung wäert an Zukunft och dofir suergen, dass et engem méi schwéier gëtt, de Staat, an domadder seng Matbierger, iwwer d'Ouer ze haen. Et ass einfach net gerecht, wann eenzel Leit op Käschte vun hire Matbierger Steieren hannerzéien, oder zu Onrecht staatlech Hëllefe kasséieren.

Mir wäerten dofir net nëmmen d'Steierverwaltungen, mee och de Fonds National de la Solidarité personell opstocken. Den Enregistrement wäert vun enger regionaler Réorganisatioun profitéieren. Wann ee serieuxe Verdacht op Steierhannerzéiung besteet, solle Kontrolle méi einfach méiglech sinn. Sou kënne mir vill Suen erakréien, déi dem Staat haut ganz einfach verluer ginn.

Mee, wann de Staat ze vill TVA encaisséiert, muss de Staat och elo an engem festen Délai rembourséieren. Dat ass eng Mesure, déi scho laang gefrot war, an déi elo gemaach gëtt, virun allem am Interêt vun den Entreprisen.

Andeems mer de Staat also méi gerecht, méi modern a méi effizient maachen, andeems mer méi responsabel mat de Steiergelder ëmginn, an andeems mer der Regierung hir nei Politik ëmsetzen, reduzéiere mir den Defizit ëm 510 Milliounen.

Dat ass een zolitte Montant, ma leider ass eisen Defizit nach méi déck. Mir kommen dofir, trotz all eisen Efforten, net dolaanscht vum 1. Januar 2015 un och eenzel Tauxe vun der TVA eropzesetzen. Ech soe bewosst eenzel Tauxen, well mer d'TVA net generell eropsetzen.

Zwee Drëttel vun alle Produiten am Supermaché si vun dëser Hausse iwwerhaapt net betraff. Den Taux fir Liewesmëttel, fir Medikamenter, fir den Transport, fir Kannerschong a Kannerkleeder, fir Bicher, souguer fir kulturell Manifestatioune bleift op 3%. Mir hunn do speziell drop opgepasst, dat sou ze loossen, fir d'Famillje mat Kanner net weider ze belaaschten. An der Belsch zum Beispill läit den Taux op de Kannerschong bei 21%, an Däitschland bei 19. Bei eis, wéi gesot op 3.

Deen Taux, deen erop geet, ass dee sougenannten normalen Taux vu 15%, dee geet elo op 17%. An och dat bleift deen niddregsten an der Europäescher Union !

Entspriechend ginn dann den Taux intermédiaire vun 12 op 14%, do fält zum Beispill de Wäin am Supermaché drënner, oder Botzmëttel, an den Taux réduit vun 6 op 8%. Dee betrëfft zum Beispill Blummen an de Coiffeur.

Wat lo d'TVA um Logement betrëfft, do gouf et an de läschte Méint jo vill Opreegung. An et muss ee sech froen, firwat eigentlech. Fir Leit, déi een Haus oder eng Wunneng kafen oder bauen, fir selwer dran ze wunnen, ännert absolut näischt. An dat gëllt net nëmme fir dat éischt Haus oder Appartement, wat d'Leit an hirem Liewe kafen. Wann een no zwee Joer plënnert, huet een déi 3% natierlech ëmmer nach ze gutt. Och dat ass sozial gerecht.

Fir Renovatiounen, egal op fir een Objet wou een als Propriétaire selwer dra wunnt, oder fir een Objet deen een an d’Locatioun ginn huet, ännert och näischt. D'TVA bleift do op 3%.

Deen eenzegen Taux deen ännert, ass dee vun der TVA op Haiser a Wunnengen, déi gebaut ginn, fir verlount ze ginn. Deen Taux klëmmt vun 3 op 17 Prozent fir den Investisseur. An natierlech gëllen Iwwergangsléisungen. All Bau, fir dee virum 1. Januar 2015 bei der Verwaltung een Agrément ugefrot gëtt, a virum 31.12.2016 fäerdeg gëtt, profitéiert weider vum Taux vun 3%. Do kritt also keen, deen dat net konnt virausgesinn, elo säi Budget gesprengt.

Mir hunn dofir d'TVA erausgewielt, well all Previsiounen, an all d'Erfahrungen aus anere Länner eis weisen, dass dat am mannsten Impakt huet op de Wuesstem an op de Chômage.

Ech wëll och ënnersträichen, dass d'TVA net nëmme vun de Konsumente bezuelt gëtt, wéi dat oft gemengt gëtt. 50% gëtt effektiv vum Verbraucher bezuelt, mee déi aner Halschent vum Staat, de Gemengen, an den Entreprisen. A well den Index jo erëm voll spillt, wäert dat fir d'Konsumenten och  een Deel kompenséieren.

Dat anert wat mer maachen, an och dat ass an de läschte Wochen a Méint vill diskutéiert ginn, ass d'Aféiere vun enger neier Contributioun fir d'Zukunft vun eise Kanner. Mir nennen dat den Zukunftsbeitrag, well et geet ëm d'Zukunft vun eiser ganzer Gesellschaft.

Mir froen dofir jiddereen, dee bei eis schafft, awer och déi, déi schonns an der Pensioun sinn, en hallwe Prozent vun hirem Akommes bäizesteieren, minus ee Fräibetrag vun engem Véierls vum Mindestloun. Een, deen de Mindestloun verdéngt, bezilt also 7,2 EUR ((1921-480)*0,5%). Fir een, deen zum Beispill 5000 Euro brutto verdéngt. beleeft sech de Bäitrag op 22,6 EUR de Mount. Ee Montant, dee sécherlech ze vertrieden ass. Wie méi verdéngt muss also och méi bäidroen, an dat ass sozial gerecht. Sou komme vun 2015 un schonn 119 Mio zesummen, duerno ongeféier 130 Mio, déi mer am Intérêt vun de Kanner investéiere wäerten.

Här President, dir Dammen an Hären,

De Staatsbudget rëm an d'Gläichgewiicht ze bréngen ass keen Zweck u sech. Et geet drëm, eis rëm Spillraum ze verschafen, fir wichteg Investitiounen ze maachen, ouni eis weider ze verschëlden. Ech hunn dat ëmmer gesot, an ech soen et och op den ECOFIN Conseilen, wann ech mat deenen aner Finanzminister zesummesëtzen : Fir aus der Kris eraus ze komme musse mer an Europa strukturell Reformen an intelligent Investissementer matenee koppelen. An genee dat maache mir heiheem mat dësem Budget. Sou schafe mir nei Perspektive fir eist Land, an nei Chance fir seng Leit.

Dat si fir d'éischt emol nei Perspektiven an nei Chance fir eis Kanner an eis Familljen

Schonn haut spuert de Staat net bei der Kanner. Zesumme mat de Chèques services, léisst de Staat sech déi divers Allocatiounen iwwer 1,2 Milliarden d'Joer kaschten.

Mir regroupéieren all Prestatiounen an enger neier Zukunftskeess, wou Geldleeschtungen a Prestations en nature zesummelafen, wat eng méi einfach an efficace Gestioun mat sech bréngt.

Ech sinn zu Esch opgewuess. Meng Grousselteren koumen aus Italien. Ech weess, wéi et ass, mat Kanner an der Klass ze sinn, déi Lëtzebuergesch net gutt schwätzen, an heiansdo guer net verstinn. Wéi eng Problemer een do am Alldag huet. Mir wëllen d’Kanner méi fréi un d’Sproochen eruféieren. An dovunner hu mer alleguerten eppes. Et geet net duer, ze soen, et wär gutt, wann d'Personal am Commerce oder am Spidolswiesen iwwerall Lëtzebuergesch schwätze géif. Oder et wär utile dass lëtzebuergesch Kanner an der Schoul manner Problemer am Franséischen hätten. Et muss een och eppes dofir maachen. Do muss ee fréi usetzen. An des Regierung mécht dat. An den nächste Jore wäerten d’Betreiungsstrukture fir Kanner qualitativ a quantitativ massiv ausgebaut ginn.

Ee moderne Staat zwéngt senge Bierger kee spezielle Familljemodell op.

Erënnere mer eis, dass d'Fraen zu Lëtzebuerg réischt säit de 70er Joren d'Recht hunn, ouni den Accord vun hirem Mann ee Bankkont opzemaachen. Virdru war et net onbedéngt normal, dass eng Fra hiert eegent Geld verdéngt an och verwalt huet. An déi, déi berufflech nach net aktiv waren, goufen an den 80er mam Aféiere vun der Allocation de Maternité an de Allocation d'éducation encouragéiert, dat mol sinn ze loossen, an bei hirer traditioneller Roll vun der Hausfra ze bleiwen.

Wéi 1999 de Congé parental agefouert gouf, hätt ee sech d'Fro misse stellen, op et nët sënnvoll wär, déi Allocatioune ofzeschafen. D'Idee vum Congé parental ass jo, dass Leit kee Choix maache mussen, tëscht Beruff a Familljeliewen. D'Allocation de maternité an d'Allocation d'éducation si just fir Fraen déi berufflech net aktiv sinn, oder ganz demissionnéieren. De Staat verfollegt also mat dësen Allocatiounen op där enger Säit, an dem Congé parental op där aner Säit, entgéintgesaten Zieler. An dat ass net grad logesch. A scho guer net efficace.

Mir loossen d'Allocations d'éducation an de maternité dofir auslafen. Mir huele kengem eppes ewech. Wien elo scho vun deenen Allocatioune profitéiert, däerf dat bis zum Ofschloss kréien. Mat dëser Mesure spuere mer d'nächst Joer schon 24,4 Milliounen; dee Montant wäert 2018 iwwer 70 Millioune d'Joer leien. Déi Suen investéiere mer an de weideren Ausbau vun der Kannerbetreiung.

Mir huele kengem eppes ewech. Dës Regel gëllt och fir dat neit Kannergeld. Säi Montant ass op 265 EUR de Mount festgeluecht. Déi Zuel orientéiert sech un deem, wat een haut kritt fir dat éischt Kand. Beim neie Kannergeld ass de Montant awer onofhängeg vun der Zuel vun de Kanner déi een huet. Wien haut vum aktuelle System profitéiert, däerf dat och an Zukunft weider maachen. Mir ginn also kengem ee Lach an de Portmonni rappen. Mee mat dëser Mesure wärte mer d'nächst Joer schon 2,5 Millioun spueren, eng Somme, déi bis 2018 op iwwer 17 Milliounen eropgoe wäert.

D'Budgeten vum Edukatiouns- a vum Familljeministère wäerten iwwer déi nächst Jore kontinuell eropgoen, fir déi nei Politik vun der Regierung kënne richteg ëmzesetzen. Mir spueren also net an der Educatioun, an och net bei de Kanner. Scho guer net bei den Äermsten. 2015 stelle mer bal 7 Millioune méi bereed wéi 2014, fir iwwert den Office national de l'enfance deene Kanner an hiere Familljen ze hëllefen, déi an Nout sinn. Dat ass eng Progressioun vun 9,4 % !

Mir wëllen awer net nëmmen zefridde Kanner an Elteren, mir wëllen och aktiv a monter eeler Leit, an een excellente Gesondheetssystem fir jiddereen.

22,5 Millioune gi fir een neit Gebai fir d'Ligue HMC zu Capellen investéiert, 42 Millioune fir en neie Centre intégré zu Rëmeleng an eng Maison de soins zu Déifferdeng.

Fir eis Spideeler dann hu mer iwwert déi nächst 4 Joer 253 Millioune virgesinn.

Mir schafen nei Perspektive fir eisen Aarbechtsmaart an nei Chancë fir déi Leit, déi keng Aarbecht hunn.

Soe mer d'Saache ganz kloer : de Chômage zu Lëtzebuerg ass ze héich. E läit elo iwwer 7%. Bei deene Jonken duebel sou héich. Fir all eenzelne Chômeur a seng Famill ass dat eng Tragedie. Ma och fir de Staatsbudget ass dat ee Problem. Alleng dem Fonds de l’emploi musse mir 2015, 743 Milliounen zur Verfügung stellen.

D'Regierung huet dofir eng ganz Rei Mesure proposéiert, fir déi betraffe Leit rëm an d'Aarbecht ze kréien. Mesuren, vun deenen et sech gewisen huet, dass se net dee gewënschten Effekt hunn, ginn ofgeschaf oder reforméiert. Ech denken do virun allem un d'préretraite solidarité an un d'aides au réemploi. Dat erlaabt eis, ronn 20 Milliounen d'Joer anzespueren; Suen, déi mer op aner Plaze méi sënnvoll asetze kënnen.

An dësem Zesummenhang däerf een awer net vergiessen, dass mir zu Lëtzebuerg all Joer vill nei Aarbechtsplaze schafen. Den Emploi hei am Land ass an deenen 2 éischten Trimestere vun dësem Joer ëm méi wéi 2,3% an Luucht gaangen. Dat sinn iwwer 8000 Aarbechtsplaze méi wéi am Verglach mat der selwechter Period vum Joer virdrun. 46% dovunner goufe vu Frontaliere besat.

Wat heescht dat ? Dat heescht, dass d'Profiler vun deene Leit hei am Land, déi eng Aarbecht sichen, oft net mat deem iwwertenee stëmmen, wat um Marché gesicht gëtt. Dat heescht, dass eis Schoulen net jiddereen optimal op d'Beruffsliewe virbereeden.

Mir wäerten dofir bis 2018 massiv an eise Schoulsystem investéieren, ugefaang bei deene Jéngsten. De Budget vum Ministère de l'éducation nationale wäert vun 2015 bis 2018 10,6% wuessen. Vun 2015 bis 2018 sinn 498 Milliounen ageplangt fir nei Lycéeën ze bauen an bestehend Gebaier ze renovéieren. Als ganz rezent Beispill kann ech hei d'Ackerbau-Schoul zu Gilsdref an de Klierfer Lycée nennen.

D'Uni kritt 2015 iwwer 148 Milliounen zur Verfügung gestallt, dat ass eng Progressioun vun 12,57% par rapport zu dësem Joer. Do muss ee jo dann nach déi 140 Milliounen dobäi rechnen, déi mer 2014-2016 mussen noschéissen, well eng Uni keen eidelt Gebai ass, mee och Equipementer a Miwwele brauch.

Am Kader vum Programm « Europe 2020 », huet Lëtzebuerg sech engagéiert bis a 6 Joer seng Investissementer an d'Recherche op 2,3 bis 2,6% vum PIB ze erhéijen, wouvunner een Drëttel vun der ëffentlecher Hand gedroe gëtt. De Budget vum Fonds National de la Recherche geet ëm 8 Milliounen, also 15,4% erop.

Erënnere mer eis zéng Joer zréck. Haut setze vill Kollege mat engem iPad hei. Virun zéng Joer wosst nach kee wat dat sollt sinn. Ech hunn dëse Budget op engem USB Stick ofgeliwwert. D'Zäiten änneren sech. Nëmmen ze probéieren den Zuch net ze verpasse geet haut net méi duer. All déi aner Länner ronderëm eis probéieren dat och. Wat mir maache mussen, ass elo schonns d'Weiche richteg stellen, fir sécher ze sinn, dass eisen Zuch a Richtung Zukunft fiert, an net an der Vergaangenheet hänke bleift.

Dofir schaffe mer intensiv un der Diversifikatioun vun eiser Economie. Dofir baue mer elo schonns op d'Industrie vu Muer, zum Beispill am Beräich vun der Fintec, wou et drëm geet déi klassesch Finanz, an där Lëtzebuerg jo ganz staark ass, mat den neien Technologië verschmëlzen ze loossen. Wie mengt, dass déi Kanner, déi haut mam Smartphone opwuesse muer nach d'selwecht an eng Bankagence gi wéi hir Elteren, ass um Holzwee. A wie mengt, mir kéinten de Räichtum vum Land och an Zukunft nach alleng op dat klassescht Bankgeschäft opbauen, an an dësem Beräich nach massiv nei Aarbechtsplaze schafen, huet d'Zeeche vun der Zäit net erkannt.

An d'Fuerschung investéieren, an den Developpement vun neien Technologien investéieren, dat ass keen Zweck u sech. Hei geet et drëm nei Standbeen fir eis Wirtschaft, an domadder nei Aarbechtsplazen, opzebauen. An dofir gëtt och an dësem Beräich, ënnert dem Stréch, net gespuert.

Mir schafen och nei Perspektive fir all déi, déi all Dag am Beruffsverkéier stiechen

Iwwert déi nächst Joren investéiere mer weider an den Ausbau an d'Astandsetzung vun eisem Stroossennetz. 795 Millioune sinn dofir bis 2018 am Budget fir de Fonds des routes virgesinn.

Mir investéieren och weider an den Ausbau vum Schinneverkéier. 2015 ginn 32,5 Millioune investéiert fir den neie Viaduc an den Nordaccès vun der Stater Gare, 28,8 Millioune fir de Projet Eurocaprail, an deem senge Kader mer d'Linn vun der Stad op Klengbetten nei elektrifizéieren, an 24,1 Millioune fir d'Linn Hamm-Sandweiler zweespuereg auszebauen. 44,6 Milliounen si virgesi fir déi Multimodal Platform zu Beetebuerg, an 16 Millioune fir den neien Arrêt ënnert der Rouder Bréck, ee Projet, dee bis 2017 soll ofgeschloss sinn, mat Zäit fir den Uschloss un den Tram. Fir genee deen Tram, also d'Linn tëscht der Gare an der Luxexpo, an d'Infrastrukturen déi dozou gehéieren, souwéi fir den Akaf vun de Ramen sinn am ganzen 230,52 Millioune virgesinn, de Rescht, also 115,26 Millioune, bezillt d'Gemeng.

Dat sinn iwwregens net déi eenzeg grouss Infrastrukturen, an déi de Staat iwwer déi nächst Joren investéiert. Iwwer 400 Millioune gi bis 2018 an déi weider Entwécklung vu Belval gestach, an do och an den Uschloss mat Frankräich. 21 Milliounen investéiere mer an den neien Nationale Foussballstadion, an 55 Milliounen an déi nei Kläranlag zu Gréiwemaacher, fir nëmmen des Beispiller ze nennen.

Mir schafen och nei Perspektive fir all déi, déi op der Sich no enger Wunneng sinn.

"D'staatlech Bäihëllefen hunn dozou bäigedroen, datt d'Wunnen zu Lëtzebuerg méi deier ginn ass." Dat ass keng Ausso vu mir, dat sot de Luc Frieden, den 25. Mee 2012 op RTL.

D'Regierung schaaft, dann elo endlech, déi Hëllefen of, déi kee Sënn méi maachen. Dozou gehéiert den Taux vun 3% bei der TVA um logement locatif. Den aktuelle System vum generaliséierten taux super-réduit am Logement huet kee positiven Effekt op d’Präisser gehat, mee de Staat säit 2002 iwwer 2,1 Milliarden Euro kascht. Am Sënn vun der sozialer Selektivitéit féiere mir fir d'Zukunft dann och ee Plafong fir d'Peien an, mat deenen ee vun der d'bonification d'intérêts profitéiere kann. Dat ass eng Hëllef fir déi Leit, déi sech hire Prêt nëmme schwéier leeschte kënnen. Leit, deenen et finanziell gutt geet, sinn also net dorobber ugewisen.

Virum allem awer ass mäi Message, wat de Logement betrëfft deen hei : d'Regierung investéiert. An zwar massiv. 2015 geet de Budget vum Ministère du Logement vis à vis vun dësem Joer ëm ronn 11% erop. De Staat wäert bis 2018 iwwer 200 Millioun Euro ausginn un individuellen Hëllefen, aides en capital et aides en intérêts, déi am Ganzen iwwer 29.000 Leit zegutt kommen. Doniewt investéiere bis 2018 iwwer 275 Milliounen Euro an de Plan pluriannuel pour la construction d'ensembles subventionnés. An en plus gin 600 Milliounen fir nei Logementer investéiert, wat 24.000 Leit wäert zegutt kommen, iwwert déi nächst 10 Joer. Dat sinn iwwer 200 Millioun méi, wéi dat vun eise Virgänger virgesi war. Ronn 65% vun dëse Logementer wäerte Sozialwunnechte sinn, déi an d'Locatioun ginn. Och Studentewunnengen si virgesinn.

Mam Zukunftspak moderniséiere mer de Staat, a maachen e méi effizient.

Et ass erstaunlech ze gesinn, dass et zu Lëtzebuerg ëmmer nach eng ganz Rei Regele gëtt, déi aus der Zäit vun der Postkutsch stamen. Do gëtt zum Beispill verlaangt, dass Leit ageschriwwe Bréiwer zougestallt ginn, wou et haut vill méi sënnvoll ass, mat Email ze schaffen. Mech als Finanzminister freet et natierlech, dass eng Email bei wäitem méi bëlleg ass wéi ee Bréif. Dat ass eng einfach an intelligent Manéier fir Aspuerungen ze maachen; an dësem Fall bal eng véirels Millioun pro Joer.

En anert Beispill fir des nei Approche ass de Budget vun dësem Joer. Fréier ass de Finanzminister mat engem Weenche voller Pobeier an d'Chamber komm, fir säin Text ze deposéieren. De Budget, dat waren 3 Volumen, déck wéi een Telefonsbuch. Am 21te Jorhonnert kritt een all des Informatiounen och op en einfachen USB Stick gepaakt. Dat ass net nëmme besser fir d'Emwelt – ëmmerhi spuere mer kéipweis Pobeier – mee mir spueren och nach Suen, déi soss an den Drock vun honnerten Exemplairen investéiert goufen.

Dir gesitt, mir hu méi wéi ee Wee fonnt, fir Suen ze spueren, ouni och nëmmen engem wéi ze doen.

De Staat moderniséieren, dat heescht och al Privilegien ofschafen.

Alleng duerch d'Ofschafe vum Trimestre de Faveur an duerch d'Aféiere vun enger Proratisatioun vum Congé vun deene Staatsbeamten, déi a Pensioun ginn, kënne mer all Joer ronn 6 Milliounen aspueren. Verschidde Staatsbeamte kréie gratis Parkplazen zur Verfügung gestallt. Mir hätte gär, dass si dofir lo ee klenge Loyer bezuelen. Domatter kommen nach eng Kéier 2 Millioun d'Joer an Keess.  Wourëmmer et hei awer wierklech geet, ass Fairness, vis à vis vun all deene Leit, déi schonn haut fir hir Parkplaz bezuelen.

De Staat méi efficace maachen, méi responsabel emgoën mat de Steiergelder, dat heescht och dofir suergen, dass de Staat nei Kritären usetzt, wann e baut. Mir brauche keng nei Palaisen, mir brauche funktionell Gebaier, déi uerdentlech duerchduecht sinn, an déi sou geplangt sinn, dass se net méi deier ginn, wéi dat wat virgesi war. Mat de Mesuren déi mer an deem Sënn op de Wee bruecht hunn, kënne mer ronn 17 Milliounen d'Joer aspueren.

Ganz vill Aspuerunge kënne mer och um Niveau vun der Sécurité Sociale maachen, wou mer schonn 2015 52,4 Mio manner ausginn, wéi dat ouni d'Mesure vum Zukunfspak de Fall gewiescht wär. Bis 2018 geet dee Montant da bis op 111,2 Milliounen erop. Och do huele mer kengem eppes ewech. Mir moderniséieren de Fonctionnement vun der Gesondheetskeess, mir organiséieren d’Spideeler méi efficace, andeems mer zum Beispill verschidde Servicer mutualiséieren – an mir huele Mesuren, fir d‘Progressioun vu verschiddenen Tariffer ze limitéieren.

Wann ee bei sech selwer spuert, heescht dat awer net, dass ee muss egoistesch ginn.

Lëtzebuerg hält dorunner fest, 1% vum RNB, also vum Revenu national brut, an d'Cooperatioun ze stiechen. Well eisen RNB dëst Joer nei gerechent gouf, an domadder erofgeet, hätt dat eng substantiell Reduktioun bedeit. Dat wollte mer net maachen, well mer awer vis à vis vun eise Partnerlänner Engagementer geholl hunn, op déi si zielen. Dat si gutt ugeluechte Suen, am Sënn vun der Solidaritéit mat deenen, deenen et net sou gutt geet.

An där geféierlecher Welt an där mer liewen, geet et awer net alleng méi duer, Suen ze verdeelen. Eis Partner an der EU an an der NATO froen eis, och ganz konkret op militäreschem Gebidd eise Bäitrag ze leeschten. Während eis Noperen allen dräi tëscht engem an zwee Prozent vum PIB an hir Arméi investéieren, läit dee Chiffer bei eis ënnert engem hallwe Prozent. Mir sinn dat Nato-Land, wat proportionell am wéinegsten an d'Militär investéiert. Do si mer net konform mat eisen Engagementer. Mir wäerten eisen Effort op deem Gebitt also progressiv vun 0,4% op 0,6% vum PIB eropsetzen. Dobäi passe mer drop op, dass méiglechst vill vun dëse Suen eiser nationaler Economie zegutt kënnt.

Här President, Dir Dammen an Hären,

Deen heite Budget ass ee Budget vun de Strukturreformen, awer och vun den Investitiounen an d'Zukunft.

2015 leien eis direkt an indirekt Investitioune bei 1.768 Milliounen, dat sinn 3,56% vum PIB. Dat ass e gutt Stéck méi héich wéi d'Jore virdrun. Vun 2013 op 2014 louch d'Progressioun scho bei 9%. Vun 2014 op 2015 wäerte mer 16% erreechen. Mir sinn op deem Punkt domatter absolut konform mat alle Recommandatioune vum IWF a vun der EU.

Mir investéiere verhältnisméisseg méi, wéi eis Nopeschlänner. Däitschland zum Beispill investéiert nach net mol d'Halschent.

Des Investissementer an d'Zukunft, maachen nei Perspektiven op fir eis alleguerten. Dofir soll sech och jiddereen un den Efforte bedeelegen, déi néideg sinn, fir dëst ze realiséieren. D'Bierger, sou gutt wéi d'Betriber, d'Gemengen, an de Staat selwer.

D'Betriber droen hiren Deel bäi, zum Beispill well si méi selektiv Subventioune vum Wirtschaftsministère kréien, a sech musse méi staark un de Käschte vun der Formatioun bedeelegen. Mir sinn och der Meenung, dass den zousätzlechen Effort fir den Defizit vun der Mutualité des Entreprises ze decken, nët méi alleng ka vum Staat gedroe ginn.

Ech wëll iech och 3 Beispiller ginn, wéi d'Gemenge mat agebonne ginn:

-1- d’Participatioun vum Staat am Finanzement vun de Majorations biennales gëtt ofgeschaf, wat schon 2015 een Impakt vu ronn 15 Milliounen d’Joer huet.

-2- 10% vun der Augmentatioun vun de verschiddenen Tauxe vun der TVA hätte solle bei d'Gemenge fléissen. Mir huelen déi Suen do, fir ee Fong ze speisen, deen Zesummeschaffen vun Protection Civile a Pompjeeën, an enger fusionéierter Struktur, wäert finanzéieren. Op déi Art a Weis récupéréieren d’Gemengen iwweregens méi wéi 50% vun deem, wat hinnen elo virenthale gëtt, well an Zukunft de Finanzement vun allen Hëllefsdéngschter zu 50% vum Staat an zu 50% vun de Gemenge finanzéiert gëtt. Haut bezuelen d’Gemengen ronn 58% vun de Käschten, an de Staat 42%. Eng fusionéiert Struktur, een méi professionell ausgeriichten, a qualitativ héijen Service, kascht Suen. Mir schafen elo d’Viraussetzungen, fir dësen, fir d’Leit hei am Land sou wichtegen Projet och realiséieren ze kënnen.

-3- den ICC gëtt plafonnéiert, eng Mesure, déi dem Staat 8 Milliounen d'Joer bréngt.

Wou bréngt dat alles eis hinn, wa mer lo mol déi grouss Zuele kucken ?

Dir wësst, dass d'Staatsfinanzen am Jargon vu Bréissel aus 3 Volete bestinn : der Administration centrale, ëm déi et an dësem Budget geet, d'Sécurité Sociale, an d'Gemengefinanzen.

Ech wëll mech an enger éischter Phase mol op d'Analyse vun der Administration centrale konzentréieren.

Schwätze mer fir éischt vun eise Recetten. Dir kënnt iech déi um Slide 1 ukucken. 2015 wäerten eis Recetten op den direkte Steieren ëm 7,5% op 6,7 Milliarden eropgoen. Deen Trend gëtt haaptsächlech gedriwwe vun der Lounsteier, vun där mer méi erakréien, well weider nei Aarbechtsplazen entstinn, an d'Peien och rëm lues unzéien.

Bei den indirekte Steiere musse mer ee Réckgang vun 5,4% verbuchen, dee virun allem op d'Baisse vun eise Recetten op der TVA zréckzeféieren ass. Déi geet ënnert dem Stréch 11,2% erof. D'Ewechfale vun der TVA électronique räisst hei ganz kloer ee Lach. An dat géif ouni den Zukunftspak an den nächste Joren nach méi grouss ginn. 

Ënnert dem Stréch ginn eis Recetten ëm 1,4% erop, nom Gesetz iwwer d’lëtzebuerger Comptabilitéit vun 1999, an 2,9% no europäesche Regelen. Dat ass vill manner, wéi den Trend vun deene leschte Joren.

Eis Dépensen dogéint wuessen ee gutt Stéck méi staark. Grat well et der Regierung wichteg war, net op der falscher Plaz ze spueren, an d'Land optimal op d'Zukunft virzebereeden, wuessen eis Depensen 2015 ëm 4,0 %. Dat ass manner, wéi d'Moyenne vun de läschte Joren. Mir leien hei en ligne mat 2014, wou mer deen neien Trend ageleet hunn.

Wat d'Investissementer betrëfft, déi hate mer vun 2013 op 2014 schonn ëm 9% eropgesat. Vun 2014 op 2015 wuessen se nach vill méi staark, ëm 16%, a leien dann bei 1,769 Milliarden ! An deen Trend wäert bis 2018 sou weidergoen.

Ech wëll och déi ganz staark sozial Komponent vun eisem Budget eraussträichen, souwuel global gesinn, wéi um Niveau vun der Administration centrale. Dir gesitt dat um Slide 2.

Sozialausgaben a Sozialtransferten maachen ee ganz groussen Deel aus. An si wuesse wäit méi séier wéi d'Moyenne vun den Dépensen.

Wann een d'Recetten an d'Dépensen niewtenee kuckt (Slide 3), da gesäit een, dass kuerzfristeg d'Schéier tëscht deem wat mer rakréien, an deem wat mer ausgi rëm ausernee geet. Méi laangfristeg gesinn, si mer awer um richtege Wee. Bis 2018 kréie mer déi Schéier rëm zesummen.

Mat eisem Zukunftspak hu mer et fäerdeg bruecht, den Defizit vun der Administration centrale, vun 1.567 Milliounen, wou mer 2015 geland wäre, wa mer näischt gemaach hätten, op 816,6 Milliounen erofzebréngen.

Ech signaléieren, dass den Defizit beim Zentralstaat nom Gesetz iwwer d’lëtzebuerger Comptabilitéit vun 1999 op 511 Millioune läit. Des Ziffer ass e bëssen méi favorabel wéi den Defizit vun 816 Mio laut Maastricht, mee gläichzäiteg och manner aussagekräfteg.

Wat een muss zréckbehalen, ass, dass mir no europäeschen Normen den Defizit quasi halbéiert hunn. Dir gesitt dat um Slide 4. Dat ass net näischt. An dat ass keen Täschespiller-Trick. Dank de Mesure vum Zukunftspak wärte mer eis Recetten an eis Dépensen bis 2018 erëm sou gutt wéi am Equiliber hunn.

Ech weisen iech um nächste Slide (Slide 5), wéi mer dat fäerdeg bréngen :

Sou wéi dat am Koalitiounsvertrag steet, hate mer eis virgeholl eisen Objectif de Moyen Terme 2018 ze erreechen. A mir haten ausgerechent, dass dofir een Effort vun 1040 Milliounen néideg ass.

Deen éischten Tableau, dee weist dat, wat mer geplangt haten, a wat mer als Objektiv schonn am Abrëll op Bréissel geschéckt haten. Um 2ten Tableau gesitt der, dass mer dat 2018 och bal genee erreeche wäerte mat eisem Zukunftspak. Deen Tableau weist och, dass dat keng kuerzfristeg Mesure sinn, mee dass se strukturell sinn, an all Joer gräifen.

Wat een dozou och soe muss, ass, dass mer à la base vu ganz konservativen Estimatiounen ausgaange sinn. Verschidde Mesurë vum Zukunftspak sinn nach net komplett chiffréiert, sou dass mer elo scho wëssen, dass mer mat weidere positiven Effekter rechne kënnen.

Wann ech lo eis ëffentlech Finanzen an hirem Ensembel kucken, also d'Sécurité sociale an d'Gemengefinanze mat erarechnen, also dat, wat mer d'Administration publique nennen, da gesäit een, - an dir gesitt dat um Slide 6-,  dass mer do elo schon 2015 net wäit vum Equiliber leien.

Dat ass gutt. Mee et däerf een net vergiessen, dass den Defizit vun der Administration Centrale an där Rechnung vum Iwwerschoss vun der Sécurité Sociale opgefaange gëtt. Interessanterweis gëtt et deen Iwwerschoss awer just dofir, well mir d'Sécurité Sociale aus dem Staatsbudget mat 2,9 Milliarde bezouschossen, dovun alleng d’Pensiounskeess mat 1,5 Milliarden. De Staat reecht d'Suen dofir quasi vu enger Täsch an déi aner. Dat huet och säi Grond : mir wëssen, dass d'Situation vun der Sécurité sociale, à moyen et long term, fragile ass.

Dofir hu mer am Zukunftspak jo och Mesuren um Niveau vun der Sécurité Sociale virgesinn, an déi weisen hiren Effekt, wéi mer virdru gesinn hunn.

Loost mech nach ee Wuert zur Entwécklung vun eise Scholde soen. Duerch déi Mesuren, déi mer schonn am Budget 2014 geholl haten, hu mir dëst Joer keen neien traditionellen Emprunt gebraucht. Jo, mir hunn ee Sukuk lancéiert, een Emprunt no Islameschem Recht, iwwer 200 Milliounen. Mee do goung et drëm d'Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen als Platform fir Islamesch Finanz an Europa, an domadder ware mer ganz erfollegräich. Dat schreift sech an, an d'Strategie vun der Diversifikatioun vun eiser Finanzplaz. Wat lo eis Dette betrëfft, dir gesitt um Slide 7, dass mer déi effektiv stabiliséiert kréien, an dass se par rapport zum PIB iwwert déi nächst Jore souguer rofgoe wäert. Ech ënnersträichen och, dass mer schonn Resultater vun eiser Politik gesinn, well 2015 hu mir schonn eng Réductioun vun der Schold vun ronn 900 Milliounen fäerdegbruecht par rapport zu de Previsiounen à politique inchangée.

Ech mengen, et ass kloer, et geet hei net ëm kuerzfristeg Effekter. D'Regierung setzt op Wäitsiicht.

An den nächste véier Joer léise mer de Problem, dee sech haut stellt duerch d'Ewechfale vun der TVA um Commerce électronique. Mee mir wëllen och sécherstellen, dass d'Land ni méi an sou eng onkomfortabel Situatioun erakënnt.

Dofir schafe mer och ee Fonds Souverain. Vereinfacht ausgedréckt kéint ee soen : ee Spuerbuch fir déi, déi no eis kommen.

Wat ass nämlech déi läscht Joerzéngte geschitt ? Do goufe Revenue geholl, vun deene gewosst war, dass mer se nëmme fir e puer Joer hätten, an déi goufe verplangt, wéi wann een all Joer drop ziele kéint. Dat beschte Beispill ass d'TVA um commerce électronique. Säit 2006 ass bekannt, dass Lëtzebuerg vun 2015 un progressiv op des Revenue verzichte misst. A wat ass geschitt ? Näischt! Oder huele mer den Tanktourismus. De gesonde Mënscheverstand geet duer fir ze wëssen, dass mer do net éiweg wäerten dovunner liewe kënnen.

Dofir hätt ech gär, dass mer déi Suen net elo net weider mat béiden Hänn ausginn, an eise Kanner soen, si kéinte jo da kucken, wéi se dono eens ginn.

Genee dofir schaaft d'Regierung de „Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg“. All Joer wäerte mer do wéinstens 50 Milliounen dra fléisse loossen, wat en Deel ass vun deene Revenuen, déi de Staat um commerce électronique an op den Tankstellen eranhëllt. Iwwer déi nächst 20 Joer kënne mer esou op d'mannst eng Milliard Euro uspueren, a well mer dat Geld zweschenzäitlech intelligent investéieren, wäert déi Zomm nach vill méi héich ginn.

Wa mer Spillraum hunn, kënne mer och méi an aner Ressourcen an de Fonds souverain fléisse loossen, am Intérêt vun eise Kanner. Déi Milliard ass nëmmen eng ënnescht Limite, an ech géif mer wënschen, dass déi Zomm am Endeffekt vill méi héich läit. Déi 50 Milliounen d'Joer, dat ass mol ee gudden Ufank. Et wär natierlech méi einfach déi Suen och elo scho rëm ze huelen, an auszeginn, an net ze op d'Säit ze leeën. Mee mat där Astellung komme mer ni aus eiser aktueller Logik eraus, fir vun der Hand am Mond ze liewen.

Vum Joer 2035 un, oder wann de Fong bis iwwert eng Milliard schwéier ass, däerf d'Halschent vum Rendement, deen de Fong all Joer mécht, fir de Staatsbudget gebraucht ginn, wann déi Regierung dat dann decidéiert.

Sou schafe mer fir déi Generatiounen no eis eng zouverlässeg nei Ressource, vun där si da Joer ëm Joer profitéiere kënnen.

Här President, dir Dammen an Hären,

Ech hunn acceptéiert Finanzminister ze ginn, well mir d'Zukunft vum Land um Häerz läit. Well ech an dëser Funktioun Méiglechkeete gesinn, Lëtzebuerg virun ze bréngen.

Et stëmmt, dass ech am Bezuch op den Neie Budget mol de Verglach mat der Kopernikanescher Revolutioun gemaach hat. An ech weess, dass domadder héich Erwaardunge verbonne sinn. Ech wëll iech awer soen, dass de Kopernikus seng Revolutioun net an engem Dag gemaach huet. En huet en fait Jorzéngte gebraucht, fir seng Ideeën ze publizéieren. An och Lëtzebuerg ka säi System net vun engem Dag op deen aneren ëmstellen. Mee mir schaffen drun.

De Budget 2015 ass ee weidere Schrëtt a Richtung vun engem Budget vun der Neier Generatioun. Eist Ziel ass et, bis 2018 ee Budget ze hunn, deen no Objektiver opgestallt ass. Aner Länner hunn bal 10 Joer u sou Ëmstellunge geschafft. Mir maachen dat méi séier.

A mir hunn dëst Joer, um Wee dohin, scho vill erreecht :

Eischtens. Mir hunn eng nei Methode agefouert, fir de Budget opzestellen. Ech hunn iech déi virdrun erklärt. A mir wäerten dat och déi nächst Jore genee sou maachen. Déi 19 Aarbechtsgruppe wäerten dofir och weider bestoe bleiwen. Sou kënne mer sécherstellen, dass déi Zieler, déi mer eis gesat hunn, och erreecht ginn.

Zweetens. De Budget ass vun dësem Joer un pluriannuel. Bis elo war de Budget begleed vun engem pluriannuellen Deel, deen Indikatiounen iwwert de Programm vun den Investissementer iwwer déi nächst Joer ginn huet. Vun dësem Joer un ass, nieft dem normale Gesetzprojet fir de Budget vun 2015, och een zousätzleche Gesetzprojet iwwer d’Programmation financière fir d’Joren 2014 bis 2018 ausgeschafft gin. Dat Gesetz beschreift eisen OMT (den Objectif budgétaire à moyen terme), dee fir Lëtzebuerg e Solde structurel vun +0,5% virgesäit. An dësem Gesetz gëtt och festgehal, wéi eis Recetten an Dépensen bis 2018 wäerten evoluéieren, bei der Administration publique, bei de Gemengen a bei der Sécurité sociale; mat méi Detailer bei der Administration publique.

An der Annexe gëtt dann de ganze Budget pluriannuell vun 2014 bis 2018 publizéiert, zesumme mat enger ganzer Rei Detailer an techneschen Erklärungen.

D'Opstellung vum Budget pluriannuel ass no der selwechter Prozedur gemaach gi wéi fir de Budget 2015, an e gouf och genee sou vun der Regierung ugeholl. D'Zuelen, déi mer festgehalen hunn, droe schonns all deene Moossnamen aus dem Zukunftspak Rechnung, fir déi dat méiglech war.

Drëttens. Mir hunn de Budget a senger Struktur vereinfacht. Mir hunn ronn 400 Artikele gestrach. Verschiddener soen, dat wär ze vill. Ech soen iech, dat ass nach net genuch.

Firwat ? Zwee Grënn.

Eischtens : Doduercher, dass mer verschidden Artikelen zesumme leeën, erlabe mer den eenzelne Ministèrë méi en efficacen a responsablen Ëmgang mat hirem Budget.

Zweetens, an och dat muss ganz kloer gesot ginn: Hei geet et net drëm, de Leit Saachen ze verstoppen. Et geet villméi drëm, dass ee vu lauter Beem iwwerhaapt mol de Bësch rëm gesäit. Eise Budget hat virdrun eppes manner wéi 4500 Artikelen, elo sinn et der nach ëmmer ronn 4000.

A Schweden zum Beispill hu se der just 500. Dat ass jo awer ee gutt gefouert Land, wou d'Transparenz groussgeschriwwe gëtt.

Och bei eis geet des Vereinfachung vun der Struktur net op d'Käschte vun der Transparenz: all Informatioun ass ëmmer nach ze fannen. Näischt gëtt verstoppt.

Här President, dir Dammen an dir Hären,

De Staatsbudget war nach ni sou transparent an sou einfach zougänglech, wéi dat dëst Joer de Fall ass.

Well mer gären hätten, dass d'Leit kënne matschwätzen, an sech net mussen op sougenannten Experte verloosse, hunn ech dofir gesuergt, dass all Informatiounen iwwert de Budget, an iwwert den Zukunftspak, einfach zougänglech sinn. Mir hunn dofir eng eegen Internet-Säit online gesat, budget.public.lu, wou ee sech de Budget am Detail ukucke kann. Mir hunn dat dëst Joer fir d'éischt gemaach, a wäerten dat an den nächste Jore weider ausbauen. Dat ass ee konkret Beispill, wéi des Regierung hir Verspriechen hält, am Sënn vu méi Transparenz, a méi Demokratie.

Wat ass d'Conclusioun déi een um Schluss vu sou enger Presentatioun kann zéien ?

Dat hei ass ee responsabele Budget. A véier Joer hu mir eis Staatsfinanzen erëm am Equiliber. An engems suerge mir duerch d'Moderniséierung vum Staat an duerch héich Investitioune fir méi Wuesstem, a garantéieren esou eng generéis Sozialpolitik.

Sou schafe mer nei Perspektive fir Lëtzebuerg, an nei Chance fir eis Kanner.

Ech soen iech merci.

Dernière mise à jour