Luc Frieden, Discours à l'occasion du dépôt du projet de budget 2013

Mir si jo hei net an enger normaler Chambersitzung, mä an enger, éischter an enger Zort Pressekonferenz, an ech géing dofir Iech haut just gären déi grouss Linne presentéiere vun deem Budget, deen d’Regierung ugeholl huet, de Budget fir d’Joer 2013.

Dee Budget ass virun allem den Ausdrock vun enger ganz schwiereger ekonomescher Situatioun heiheem, an an Europa.

Et geet ekonomesch gesi méi schlecht wéi mir dat beim leschte Budget nach gemengt haten. An d’Regierung huet an där Situatioun, an deem Kontext probéiert verschidden Dépensen net ze hannerfroen, an net an dësem Moment ze bremsen, datt se net der Ekonomie an dësem Moment géing schueden.

Dee Budget vum Joer 2013 schléisst of bei de gesamtëffentleche Finanzen, also Staat, Gemengen, a Sécurité sociale mat engem Defizit vun 1,5% vum PIB. A Suen ausgedréckt sinn dat ronn 680 Milliounen Euro.

A beim Zentralstaat, dat ass de Staatsbudget plus d’Dépensë vun enger Rei Fongen, schléisst de Budget of mat engem Defizit vun 2,8% vum PIB, ronn 1,3 Milliarden Euro. Deen Zentralstaat, dee fir deen d’Chamber an éischter Linn d’Responsabilitéit huet, huet also Dépensë vu 14,2 Milliarden, a Recette vun 12,9 Milliarden, doraus entsteet also deen Defizit vun deem ech elo grad geschwat hunn.

Wann ee sech déi Dépensen ukuckt vu 14,2 Milliarden, da gesäit een datt déi par rapport zum erwaartene Resultat vum Joer 2012 em 1,8% klammen, an d’Recette par rapport zum erwaartene Resultat vun dësem Joer wäerten em eppes liicht ënnert 5% klammen.

Par rapport zum Budget, wéi mir en d’lescht Joer hei presentéiert hunn, klammen d’Recetten nëmmen em 2,6%, an d’Dépensen em 3,5%.

Ech hu gesot, datt et e Budget ass dee mir ugeholl hunn an enger ganz schwiereger ekonomescher Situatioun. A wann een d’Chiffere kuckt vum Bruttoinlandprodukt, da gesäit een datt dat effektiv de Fall ass.

Dëst Joer, d’Joer 2012 an deem mir elo liewen, wiisst d’Ekonomie net. De Statec mengt plus 0,1%, dat ass also kee Wuesstem. An der Eurozon gëtt dëst Joer mat engem negative Wuesstem vu -0,6% gerechent.

A fir 2013, dat sinn d’Chiffere vum Statec, déi d’Regierung hei iwwerholl huet, wiisst de PIB em 1,7%, an an der Eurozon em 1%. Och dat ass e Wuesstem wat vill manner héich ass, wéi dat, wat mir an der Vergaangenheet kannt hunn.

-Bei der Inflatioun gi mir dovun aus datt d’Inflatioun em ronn 2% wäert am nächste Joer klammen.

-De Chômage wäert weider op engem héijen Niveau tëscht 6,5% a 7% sech situéieren.

-An d’Aarbechtsplazen, nei Aarbechtsplaze wäerten d’nächst Joer dem Statec no nëmmen em +0,9% wuessen. Zum Rappel, dëst Joer si mir vun 1,8% ausgaangen, an 2011 hate mir nach e Wuesstem vun den Aarbechtsplaze vun 2,8%. Also och e wiesentlecht méi luest Uwuesse vun den Aarbechtsplazen an eisem Land.

An dat huet natierlech eng Inzidenz op d’Staatsfinanzen, dat huet eng Inzidenz op d’Staatsfinanzen an dësem Joer, an am Joer duerno.

An dësem Joer 2012, et ass nach net eriwwer, mä mir sinn awer elo bal am leschten Drëttel ukomm vun deem Joer, stellen ech fest datt d’Recette vum Staat méi lues gi wéi mir dat am Budget d’lescht Joer hei an der Chamber gemengt haten. Fir de Moment menge mir, datt mir bis d’Enn vum Joer ronn 270 Millioune manner erakréien, wéi mir dat am Budget annoncéiert haten. An d’Dépensë wäerten em ronn 230 Millioune méi héich leië beim Zentralstaat, wéi mir dat d’lescht Joer gemengt haten.

Bei de Recette gesäit een natierlech déi ekonomesch Situatioun, bei verschiddene méi séier wéi bei aneren, mä et ass fir de Moment scho kloer ersiichtbar, datt zum Beispill d’Gehältersteier wäert dëst Joer em eppes 200-250 Millioune manner erabréngen, zum Deel, oder zu engem groussen Deel, well eng ganz Rei vu Rémunérations variables am Finanzsecteur, mä och an anere Secteuren net dëst Joer bezuelt gi sinn. Mir kréien also manner eran bei der Gehältersteier wéi dat erwaart gi war.

Och d’Taxe d’abonnement, déi vun der Fongenindustrie bezuelt gëtt, wäert viraussiichtlech em 30 Milliounen Euro manner héich leien, wéi mir dat erwaart haten.

A bei der Kierperschaftssteier, déi natierlech ëmmer mat engem gewëssene Retard bezuelt gëtt, an ausgerechent gëtt, gesi mir och elo, datt wa mir och den Niveau vläicht erreechen, dee mir am Budget stoen hate fir dëst Joer, datt déi Kierperschaftssteier net méi wiisst, respektiv erofgeet. Fir d’nächst Joer setze mir déi zum Beispill fest op 1 Milliard 510 Milliounen. An ech erënneren drun datt mir virun zwee Joer nach 1 Milliard 573 Milliounen haten. Dat heescht, contrairement zu Joere virdrun, wou d’Steieren erop gaange sinn, bleiwen esou Steiere konstant, respektiv falen.

An déi negativ Entwécklung fir 2012 huet selbstverständlech och en Afloss op d’Joer 2013. D’Recette par rapport zum Budget vun 2012 klamme manner séier wéi d’Dépensen, mä wa mir awer kucke wéi mir de Budget exekutéieren, da gesäit een, datt mir am Budget 2013 eng ganz Rei Moossname geholl hu fir d’Croissance vun den Dépensen ofzebremsen.

Mir hunn am Budget 2013 Moossname geholl fir den erwaartenen Defizit vun dësem Joer, an ech mengen, op Grond vun deene Chifferen, déi mir fir de Moment hunn, wäert den Defizit vun de gesamtëffentleche Finanzen dëst Joer bei eppes 2% vum PIB leien. 2% vum PIB ass méi wéi mir gemengt haten. Mä par rapport zu deem erwaartenen Defizit vun 2012 wäerte mir duerch eng Rei vu Moossnamen deen Defizit d’nächst Joer op dee virdrun ugekënnegten Defizit vun 1,5% senken, dat heescht eng Verbesserung, oder eng Réductioun vum Defizit vun 0,5% par rapport zum erwaartene Resultat vun dësem Joer.

Ofbremse wéi gesot vu verschiddenen Dépensen, déi net der Ekonomie schueden. Nei Einnamen, an dee Budget ass opgestallt ginn am Respekt vun der neier europäescher Norm vu Wuesse vun den Dépensen, déi bei eppes 3,5% läit, déi mir bei dem Wuesse vun den Dépensen hei aus deene Chifferen ersiichtlech respektéiert hunn.

De Spuereffort, d’Ofbremse vun den Dépensë beleeft sech op eppes bal 2% vum PIB. Dat heescht mat anere Wierder, ouni déi Moossname wier eisen Defizit em bal 2% méi héich.

De Gros vun deene Moossnamen hu mir bei dem Stabilitéitsprogramm Uganks dës Joers annoncéiert. Déi Moossnamen awer déi spille jo eréischt am Budget 2013, an dofir géing ech se hei och gären nach eng Kéier, zesumme mat enger Rei aneren, annoncéieren, oder rappeléieren.

Mir hu virun allem versicht bei de Fonctionnementskäschten an den Subventiounen den Haaptakzent vum Spueren ze leeën. Wann een also och kuckt wéi d’Consommation intermédiaire, d’klassesch Fonctionnementskäschte vum Staat d’nächst Joer par rapport zum erwaartene Resultat vun dësem Joer évoluéieren, da gesäit een datt déi Dépensë falen em 0,8%, trotz Präisentwécklung. Dat heescht, mir ginn d’nächst Joer manner aus fir d’Fonctionnementskäschte vum Staat, obschonn datt an deenen och eng Rei Dépensë sinn, déi automatesch wuessen, zum Beispill d’Loyeren déi de Staat bezilt, Informatiksausgaben déi mir net wollte kierzen, mä aner Dépensen hunn dofir méi misste gekierzt ginn.

All Kredit ass iwwerpréift ginn, de Ministèren hir Enveloppe fir Fonctionnementskäschte sinn net an d’Luucht gaangen.

Doranner sinn och eng ganz Rei kleng Moossnamen. Ech ginn der just nëmmen eng Rei opzielen, fir datt dir gesitt, datt am Zesummespill dovunner mir dat Resultat bei de Fonctionnementskäschten, an de Subventiounen erreecht hunn. Hei eng Rei Beispiller:

-D’Indemnitéite bei staatlechen Examens- an anere Kommissioune ginn em 25% erof, Aspuerung: zwou Milliounen.

-Zuch- a Bustickete gi gehéicht, +6 Milliounen. Et muss ee wëssen, datt déi den Taux de couverture, dat heescht, wat erakënnt bei de Recette beim ëffentlechen Transport, nëmmen nach 5% ass vun de Fonctionnementskäschten. Dat huet och domat ze doen, datt d’Angebot permanent wiisst. Mir wëllen also deen Taux de couverture e bëssen erëm héijen.

Fir den Équiliber tëscht Bus an Zuch ze halen, wäerten och d’Parkingstarifer fir Leit déi beim Staat schaffen, déi eng Parkplaz do hunn op 60 Euro gehéicht ginn, dat ass e Plus vun zwou Milliounen Einnamen, och well d’Käschten déi de Staat domat huet, wiesentlech méi héich leien.

D’Autosprimen, mat Ausnam vun der Prime bei den Elektroautoen, gëtt ofgeschaaft. Dat ass eng Erspuernis vun 12 Milliounen.

De Joeresbonus deen ee kritt huet vu 50 Euro beim Dieselfilter, wann een en Dieselmotor kaaft huet, gëtt ofgeschaaft, och well dee Filter haut a villen Autoe Standard ass. Domat spuere mir 5 Milliounen.

Bei de Chèques service ginn déi dräi éischt Gratisstonne fir Leit mat héijem Akommes, dat heescht méi wéi 3,5 Mol de Mindestloun, ofgeschaaft, och am Sënn vun der sozialer Selektivitéit. Domat spuere mir dräi Milliounen.

D’Mammerent soll per Gesetz adaptéiert ginn, a soll am Prinzip just fir déi Mamme gëllen, déi keng eege Rent hunn. Domat spuere mir eng 7 Milliounen Euro.

Am Fond pour l’emploi ginn eng Rei kleng Adaptatiounen ausgeschafft, ënnert anerem bei der Aide au réemploi.

Et gëtt den 1. Januar 2013 keen Ajustement vun de Pensiounen. Domat spueren d’ëffentlech Finanzen 75 Milliounen Euro.

An d’Indextranche 2013 gëtt fréistens, wéi annoncéiert, am Oktober ausbezuelt.

Mëttelfristeg, dat kann net direkt en Effet op de Budget 2013 hunn, mä dat huet een Effet op d’Budgeten duerno, hu mir proposéiert datt d’staatlech Subventioune vun alle Ministèren un d’Gemenge fir nei Projeten un d’Regele vum Inneministère ugepasst ginn. Dat heescht, datt déi Subventiounen en Fonctioun vun der Finanzkapazitéit vun de Gemengen ausbezuelt ginn.

Bei de Steiere wiisst, wéi annoncéiert, d’Solidaritéitssteier op den 1. Januar 2013 em 2% fir d’Betriber an d’Privatleit. Fir d’Betriber vu 5% op 7%, fir d’Privatleit vu 4% op 6%, an déi déi vill verdéngen op 8%.

Bei den Abattementen, den esougenannten Dépenses fiscales, proposéiert d’Regierung d’Konsumscholdzënsen nei ze plafonéieren, déi sinn haut plafonéiert bei 672 Euro pro Steierzueler, dat setze mir erof op 336 Euro, also d’Halschent, och fir d’Iwwerverschëldung ze évitéieren. Dat bréngt zousätzlech Einname vu 7 Milliounen Euro.

An der Kilometerpauschal wëlle mir déi éischt 4 Eenheeten, déi am Tarif sinn, dat sinn 396 Euro fir de Steierzueler, déi wëlle mir ofschafen, d’Kilometerpauschal bleift, mä déi 4 éischt Eenheete ginn ofgeschaaft. Dat bréngt dem Staat 35 Milliounen Euro.

D’Accisen op Diesel an Tubak ginn ugehéicht, zum Deel ass dat scho geschitt, well mir dat am Laf vun dësem Joer gemaach haten. Et bleift bei deenen ugekënnegten Haussen, dat si 35 Milliounen Euro.

An et kënnt zu enger Mindestbesteierung vun de Betriber, déi déi haut keng Steiere bezuelen duerch eng Rei Ofschreifméiglechkeeten. Déi Mindeststeier läit tëschent 500 Euro bei ganz klenge Betriber, a geet bis zu 10.000 Euro bei Betriber, déi eng Bilanzzom vun iwwer 10 Milliounen Euro hunn.

Mir iwwerkucken och bei de Betriber verschidde Strukturen bei der Gesellschaftsbesteierung, fir d’Besteierungsbasis ze verbreederen. Dat ass am Fachjargon notamment d’Mantelkäufe, wou e Betrib ka sech eng Gesellschaft mat Pertë kafen, fir säi Bénéfice imposable ze reduzéieren. Dat kann een net direkt am Budget 2013 chiffréieren, mä dat huet selbstverständlech e positiven Impakt op d’Recetten an deenen nächste Joeren.

Wat déi Steiermoossnamen ubelaangt, wäert d’Regierung an deenen nächste 14 Deeg, esou wéi mir dat och d’lescht Kéier gemaach hunn, e separate Projet de loi déposéieren, well elo eng ganz Rei Steiergesetzer mussen ofgeännert ginn. Dat ass also net am Gesetz wat ech haut déposéiert hunn, mä dat kënnt an deenen nächste 14 Deeg an d’Chamber.

Wann Dir Iech dann all déi Moossnamen do ukuckt, da stellt Dir Iech, an och mir eis d’Fro, firwat dann awer eng Rei déck Dépensë par rapport zum Budget 2012, wuessen? Si wuesse virun allem well eist Land wiisst. Erlaabt mir just e puer, eng hallef Dosen, eng 10 Beispiller ze ginn, wou ech de Budget 2013 par rapport zu deem vum leschte Joer vergläichen.

  • D’Dépensë vum Fond pour l’emploi klammen em 92 Milliounen Euro vun engem Joer zum aneren. A wann ech zeréckkucken op 2008 iwweregens, gesinn ech datt déi d’nächst Joer 300 Millioune méi héich loungen, wéi um Ufank vun der Kris.
  • D’Fraisë fir d’Kannerbetreiung klammen am Budget d’nächst Joer em 66 Milliounen.
  • D’Rémunératiounë vun de Leit déi beim Staat schaffen, klammen duerch Avancementer, Promotiounen, an aner Upassungen em 64 Milliounen.
  • D’Dépensë vum Klimafong klammen em 38 Milliounen.
  • D’Dépensë vun der Universitéit klammen em 40 Milliounen.
  • D’Dépensë vum ëffentlechen Transport klammen em 15 Milliounen.
  • D’Fleegeversécherung, d’Dépensë klammen em 47 Milliounen Euro.
  • D’Entwécklungshëllef klëmmt em 13 Milliounen, bleift op 1% vum RNB.
  • A schliisslech, mä net onwichteg, d’Zënslaascht vum Staat, well e Suen huet misse léine goen, klëmmt d’nächst Joer em 22 Millioune par rapport zu deem wat mir d’lescht Joer am Budget haten.

Dat sinn also alles Dépensen déi wuessen, wéinst dem Wuesse vun eisem Land, der Zuel vun de Bénéficiairen, dem Weiderschreiwe vun enger ganzer Rei vu Politiken.

Deem géintiwwer hu mir eng ëmgedréinte Situatioun bei de Steieren. Ech hu virdru scho gesot, datt d’Steieren natierlech d’Situatioun vun der Ekonomie reflektéieren, an dofir hu mir och dräi Kategorie vu Steiere manner héich agesat, wéi am Budget 2012, op d’mannst wann ech dräi soen, da sinn dat dräi vun deene grousse Kategorien.

D’Kierperschaftssteier, déi also d’Betriber, virun allem d’Banken zu Lëtzebuerg bezuelen, zu eppes 75% ass dat de Finanzsecteur. Déi hate mir d’lescht Joer op eng Milliard 550 festgesat, am nächste Budget setze mir déi 3% méi niddereg fest, op eng Milliard 510 Milliounen.

D’Gehälersteier setze mir em 2% manner héich a wéi am Budgetsprojet vum leschte Joer, op zwou Milliarde 595 Milliounen, an d’Taxe d’abonnement op de Fongen op 600 Milliounen, dat si 5% manner wéi dat Joer virdrun.

Niewent dëse Facteuren op der Dépensesäit, an de Steieren, wollt d’Regierung awer och am Budget 2013 d’Ekonomie an d’Familljen an engem schwéieren ekonomesche Kontext ënnerstëtzen. Dofir hu mir eng Rei Moossname geholl, déi en Équiliber sichen, tëschent der Ekonomie ënnerstëtzen, an dem Ofbremse vun den Dépensen.

D’Investitiounsausgaben ass esou eng Kategorie. D’Investitiounsausgaben am Budget 2013 belafe sech direkt an indirekt, also dat wat de Staat selwer baut, an dat wat duerch Drëtter gebaut ginn, belafe sech op 1,7 Milliarden Euro. Dat ass 7,7% manner wéi dat Joer virdrun. Mä 1,7 Milliarden dat ass esou vill wéi mir 2010 ausginn hunn, an et ass méi wéi mir 2011 ausginn hunn. Dat heescht, den Invest bleift trotz enger Rei vu Projeten, déi zeréckgesat gi sinn, oder déi net gemaach ginn, hu mir d’Investitiounen op engem ganz héijen Niveau gehalen, well 1,7 Milliarden dat sinn och 3,8% vum PIB, mä wéi gesot, et si 7,5% manner wéi dat wat mir am Joer 2012 wäerten ausgi fir Investitiounen.

D’Fuerschung bleift op engem héijen Niveau, déi ëffentlech Fuerschung, en Deel vun der Fuerschung an dem PIB wäert sech bei 0,6% situéieren, ronn 270 Milliounen Euro.

D’Subventiounen un d’Betriber vum Wirtschaftsministère, a vum Ministère vum Mëttelstand belafe sech op 88 Milliounen Euro, dat ass e Plus vun 1,5%.

Am Kontext vun de Familljen, well ech hu geschwat vun de Betriber, am Kontext vun de Familljen do kommen ech nach eng Kéier zeréck op d’Kannerbetreiung. Déi klëmmt, hunn ech gesot, em 66 Milliounen, dat ass eng Augmentatioun par rapport zum Budget vum leschte Joer, vun 30%. Dat si Fonctionnementskäschten, an Infrastrukturkäschten, well d’Plazenzuel, an d’Kannerzuel erop geet, a beleeft sech domat op ronn 290 Milliounen Euro.

Am Budget sinn och Akzenter gesat gi fir deene Kanner ze hëllefen, déi a schwierege Situatioune sinn. Déi Kreditter fir Enfants en détresse am Kader vum Gesetz iwwer Aides à l’enfance klammen em eppes 12 Milliounen Euro.

Am Budget sinn och Kreditter virgesi fir am Kontext vun der Ënnerstëtzung vun dem Staat fir d’Zännspangen, hu mir e Kredit vun zwou Millioune virgesinn, fir datt do e gemeinsame Programm mat der Krankekeess kann opgebaut ginn, fir do de Leit ënnert d’Äerm ze gräifen.

D’Fleegeversécherung hat ech scho virdru bei der Lëscht vun den Dépensen genannt. D’Fleegeversécherung geet substantiell erop, well mir virun zwee Joer dee System opgehalen hunn, wou mir déi plafonéiert haten op 140 Milliounen, d’Fleegeversécherung, do bedeelegt sech de Staat erëm mat 40% un den Ausgaben, a beleeft sech domat op 222 Milliounen Euro, dat waren d’lescht Joer 175 Milliounen.

De Staat wäert och weider sengen Obligatiounen nokommen am Kontext vun der Sécherheet, an dem Rechtsstaat. Dofir klammen och d’Dépensë fir Justiz a Polizei em 4% par rapport zum Budget, a belafe sech op 330 Milliounen Euro.

Dat alles, Dir Dammen an Dir Hären, nach vill aner Chifferen déi an deem Budget sinn, mä traditiounsgeméiss weess ech datt no engen 20 Minutten ee muss ophale mat villen Zifferen nennen. All déi Zifferen do féieren zu deem Resultat, wat ech virdru beschriwwen hunn. Beim Zentralstaat 14,2 Milliarden Dépensen, 12,9 Milliarde Recetten, ënnert dem Stréch beim Zentralstaat en Defizit vun 1,3 Milliarden, a bei de gesamtëffentleche Finanzen en Defizit vu 680 Milliounen.

Deen Defizit vum Zentralstaat, dee muss ee finanzéiert kréien, an dofir freet d’Regierung d’Chamber em d’Autorisatioun fir eng nei Schold opzehuelen. Mir froen d’Autorisatioun fir eng nei Nettoverschëldung vun 2,5 Milliarden Euro ze maachen. Mir froen awer eng gesamt Autorisatioun vu 4,5 Milliarden Euro. Ech erklären dat.

Zwou Milliarde brauche mir fir de Refinanzement, dat heescht, d’Weiderschreiwe vun der Schold, déi mir gemaach hunn, wéi mir an d’Kapital vun enger lëtzebuerger systemescher Bank 2008 erageklomme sinn. Dat ass keng nei Schold, dat ass déi al Schold, déi ausleeft, déi muss refinanzéiert ginn.

2,5 Milliarde kënnt also netto Neiverschëldung, dovunner brauche mir fir den Defizit ze decken 1,5 Milliarden, virun allem fir eis Investitiounen ze bezuelen, an eng Milliard wëlle mir hu fir déi eenzel europäesch an international Instrumenter géint d’Eurokris kënnen ze stäipen, FMI, ESM, an esou weider. An eng Reserve wa mir musse während dem Joer aner finanziell Investitiounen tätegen, wann d’Situatioun dat verlaangt. Mir wäerten d’Chamber regelméisseg informéiere während dem Joer, wéi mir mat där Autorisatioun, déi mir froen, ëmginn.

Eis Schold beleeft sech fir de Moment bei der Administration publique op 9,3 Milliarden Euro. Wann ech eng netto Neiverschëldung dobäi huele vun 2, 2,5 Milliard, da komme mir op eng Schold fir d’nächst Joer vu ronn 25% vum Bruttoinlandprodukt.

Dat ass, Herr President, de Budget deen d’Regierung der Chamber fir 2013 virleet. An d’Regierung wënscht sech konstruktiv Debatten an deenen nächste Wochen ronderëm dëse Budget, an déi gi jo schonn de Mëtteg un, well déi éischt Sitzung vun der Finanzkommissioun, Herr President, hutt Dir fir de Mëtteg aberuff, an d’Regierung wäert sech un där Debatt selbstverständlech bedeelegen. Merci villmools!

Dernière mise à jour