Luc Frieden, Discours à l'occasion du débat de consultation sur les orientations de la politique budgétaire

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären.

Den neien däitsche Bundespresident huet am Däitsche Bundestag a senger Untriedsried d’Fro gestallt: “Wéi soll dat Land ausgesinn, vun deem eis Kanner eng Kéier soen, dat ass eist Land?�?

An dat ass, mengen ech, och déi Fro déi mir eis musse stellen am méi begrenzte Beräich vun den ëffentleche Finanzen, wëssend awer, datt d’ëffentlech Finanzen, d’Einnamen, d’Ausgaben, d’Grondlag si vu ganz ville Politikberäicher, vun der Gestaltung vun eisem Land haut an an der Zukunft.

Déi Debatt déi mir de Mëtteg hei an deem Kontext féieren ass eng nei Debatt. Et ass fir d’éischte Kéier, datt mir am Virfeld vun dem Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm, dee mir all Joer op Bréissel schécken, an deem mir soe wéi eis Staatsfinanze sollen an deenen nächste Joeren evoluéieren, an d’Chamber komme fir mat alle Fraktiounen, an domat am Fong mat alle Bierger am Land, ze diskutéieren, wéi si d’Zukunft vun eisem Land a punkto Staatsfinanze gesinn, a wéi mir op dee Wee wëllen hikommen.

Dës Debatt ass eng Consultatiounsdebatt. Dat ass eng Debatt wou solle vill Iddien zesummekommen, deene mir wëlle Rechnung droen wa mir de Stabilitéitsprogramm schreiwen, mä och wa mir am zweeten Deel vum Joer de Budget an deem gewinntene Kalenner maachen.

Mä dee Wee dee mir mussen zeechnen, muss zilführend sinn. An zilführend ass, datt mir an Zukunft och zu Lëtzebuerg gesond Staatsfinanze mussen, sollen hunn; datt mir an Zukunft och zu Lëtzebuerg keng héich Schold hunn, an datt mir och an Zukunft zu Lëtzebuerg eng gutt Cohésion sociale an en Ëmfeld behalen, wou Aarbechtsplaze kënnen erhalen a geschaf ginn.

D’Situatioun vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen ass net gutt. Si ass besser wéi an enger ganzer Rei vu Länner vun Europa, mä si ass net gutt am Verglach mat der Vergaangenheet. An dat huet domat ze dinn, datt iwwer déi lescht puer Joeren d’Relatioun tëscht den Ausgaben an den Einname vum Stat net méi matenee geotemt huet, datt dat Lach tëscht den Ausgaben an den Einname méi grouss ginn ass.

Mir hunn an den Joeren, 2009, 2010 an 2011 esouwuel bei de gesamtëffentleche Finanze wéi beim Stat selwer en Defizit gehat.

Ech kann haut hei der Chamber matdeele wéi de Kont vum Joer 2011 ausgesäit. D’Joer 2011 schléisst of bei de gesamtëffentleche Finanze mat engem Defizit vun 0,6%, dat sinn 250 Milliounen Euro. Mä um Niveau vum Zentralstat, vum Stat selwer, hu mir en Defizit vun 2,5%, oder 1 Milliard an 43 Milliounen Euro.

Op 1 Joer gekuckt ass dat sécherlech keng Katastrof. Op e puer Joer gekuckt, mengen ech, muss et eis Suerge maachen.

Mir hunn an de Joeren 2009, 2010 an 2011, dat sinn also definitiv Chifferen, beim Zentralstat all Kéiers en Defizit vu ronn 1 Milliard Euro gehat. An et ass fir deen Defizit ze decken, wou de Stat muss Sue léine goen.

Datt den Defizit bei de gesamtëffentleche Finanze méi kleng ass, huet mam Iwwerschoss vun der Sécurité sociale, virun allem der Pensiounskeess ze doen, mä mat deem Iwwerschoss kënne mir net Stroosse bauen, kënne mir keng Schoule bauen a kënne mir keng Paie bezuelen. Also musse mir eis mat deem sech ufänkende strukturellen Defizit beim Zentralstat an deenen nächste Joere méi gezilt, a vun elo u méi zilstrebeg auserneesetzen.

Wien en Defizit mécht muss dee finanzéieren. A wann een dee wëll finanzéieren, da ginn et nëmmen zwee Weeër.

Dat eent dat ass, et muss ee massiv Schold maachen. Déi Schold déi ass kuerzfristeg bal net ze bemierken, mä déi laangfristeg eng richteg Belaaschtung ass fir d’Bevëlkerung, well wann d’Schold muss zréckbezuelt ginn, muss een dee Moment d’Steiere ganz vill héijen.

Dobäi kënnt, datt wann een eng niddereg Schold huet, da kritt ee mat engem gudden Zënsfouss geléint – dat ass fir de Moment de Fall zu Lëtzebuerg. Mir hu viru kuerzem, wéi d’Chamber weess, 1 Milliard geléint, mir kruten déi zu engem Taux vun 2,25% fir eng Lafdauer vun 10 Joer geléint.

Wa mir méi eng héich Schold maachen, wa mir iwwer Joeren eng héich Schold maachen, wann eise Scholdestand méi grouss gëtt, da geet och d’Zënslaascht erop. Net nëmmen an der Zomm vun den Zënsen déi mir musse bezuelen, mä och am Zënssaz. An dat sinn natierlech Suen déi mir net hunn, fir kënnen domat d’Leit ze bezuelen, Saachen ze bauen, Sozialtransferten ze maachen. Dofir ass déi Optioun vun der Méi-Schold fir d’Regierung keng Optioun.

Op jiddwerfalls muss de Scholdestand wäit ënner där Limite bleiwen, wéi et an Europa toleréiert ass – en Fait net toleréiert ass, mä wou deemools gesot ginn ass, wou ee sech muss hibewegen. Mir hu fir de Moment e Scholdestand vun ongeféier 20% vum Bruttoinlandprodukt. An ech sinn der Meenung, datt mir et net sollen zouloossen, datt dee wäit doriwwer erausgeet.

Wann een déi Optioun vu vill neier Schold ausschléisst, da gëtt et nëmmen eng aner Optioun, an dat ass den Defizit ze reduzéieren duerch en Ofsenke vun den Dépensen, oder en Eropsetze vun de Steieren, oder eng Mixtur vu Béidem.

D’Regierung ass gewëllt den Defizit iwwer déi nächst puer Joere substantiell ze reduzéieren.

Wa mir de Chiffere vum Comité de prévisions, deen d’Zesummesetzung ass vun all Verwaltung vum Stat déi Finanzdonnéeën huet, géingen integral Rechnung droen, da misste mir an deenen nächste Joere pro Joer ongeféier 1,5 Milliarden Euro deen Defizit reduzéieren.

Nun ass et schwiereg, an enger esou wirtschaftlech onsécherer Zäit millimetergenee Previsiounen, oder wëssenschaftlech Hypothesen iwwer 3 Joer millimetergenee ze maachen. D’Regierung mengt dofir, datt mir op d’mannst am Joer 2013 den Defizit ëm 500 Millioune misste reduzéieren, an och am Joer 2014 nach eng Kéier ëm 500 Milliounen Euro den Defizit reduzéieren. A virun allem musse mir, dovunner sinn ech fest iwwerzeegt, an dat beweisen d’Beispiller am Ausland, wa mir wëllen durabel, strukturell eis ëffentlech Finanze verbesseren, da musse mir dat maachen andeem mir d’Ausgaben am Grëff behalen.

Jo, mir brauchen eng nei Dépensëkultur. Dat heescht, mir ginn net méi keng Suen aus, mä mir mussen d’Suen anescht ausginn. An anescht ausginn heescht, datt mir net einfach kënne Joer fir Joer mat engem Wuesstemssaz vun den Dépensen, déi einfach weider an d’Lut schnelle loossen.

Eis Dépensë sinn net all Joer ganz schnell geklommen. Mä mir hunn iwwer déi lescht Joeren eng Rei Weiderschreiwungen, jo, Automatisme gehat, déi zu staarkem Uklamme vun den Dépensë geféiert hunn. Ech plädéieren also ganz kloer als Finanzminister fir en Ëmdenke bei den Dépensen. Anescht ausginn, vläicht méi, jo, no der Efficacitéit vu verschiddenen Dépensen nach eng Kéier kucken; kucken och no e puer Joer, ob dat wat gutt gemengt ageféiert ginn ass, wierklech säin Zil erreecht huet, oder ob een net am Kontext vun anere Politiken, déi och ageféiert gi sinn, muss dat Ganzt nach eng Kéier iwwerkucken.

Ech hätt gär, datt wa mir déi Dépensen nach eng Kéier iwwerkucken, wa mir ëmdenke bei den Dépensen, datt mir dat no virun allem dräi Critèrë maachen.

Dat éischt ass e Critère vun der sozialer Gerechtegkeet. Et ass evident, datt an engem Land, wou d’Situatioune vun de Mënschen ënnerschiddlech sinn, ee muss kucken, datt déi déi et am meeschte brauchen, am meeschten op d’Solidaritéit ugewise sinn, datt déi och vun där Solidaritéit kënne profitéieren. Mä net alles wat mir maachen ass fir jiddwereen, an an allen Ëmstänn ëmmer, an zu jiddwer Zäit d’selwecht noutwenneg.

Mir brauchen, och wa mir ëmdenken, eng intergenerationell Solidaritéit. Dat heescht, datt wa mir kucke wou mir kënne verschidden Dépensen anescht strukturéieren, a wa mir wëllen, an dat ass mäi Wëllen, datt jiddwereen am Land säi Bäitrag zu dësem schwierege Wee vun der Gesondung vun eise Staatsfinanze leescht, datt mir dann all d’Alterskategorien, oder all déi eenzel Gruppe vu Leit déi et an enger Pyramid vum Alter an enger Gesellschaft gëtt, datt mir déi mat un deen Effort ubannen. Déi, déi nach net schaffen, déi déi um schaffe sinn an déi déi an der Pensioun sinn. An dofir musse mir och an deenen eenzelnen Dépensen, wa mir se iwwerkucken, och déi integenerationell Solidaritéit mat berücksichtegen.

An drëttens, ech hunn et scho gesot, d’Efficacitéit vun der Dépensen, kucken ob dat wat mir wollten, zu engem gewëssene Moment, säin Zil erreecht huet, oder ob een et net anescht kann, op eng méi finanzgënschteg Aart a Weis nach eng Kéier erreechen.

Dozou soll och d’Budgetsreform féieren, déi ech hoffe bis Enn vum Joer kënnen an de grousse Linnen der Chamber virzestellen, wou ech wëll och méi Evaluatioun vun den Dépensen im Nachhinein kënne maachen, respektiv wou déi eenzel Departementer och méi Flexibilitéit, an domat verbonnen och méi Responsabilitéit, an der Ausgabekultur kréien, wéi dat bis elo de Fall war.

Mir mussen also bei den Dépensen usetzen. A bei den Dépensen huet de Stat am Fong 4 grouss Dépensëbléck. An ech mengen, datt mir wierklech a jiddwerengem vun deene 4 Bléck mussen eis Dépensen iwwerdenken, a kierzen.

Ee Block sinn d’Investitiounen. Do musse mir d’Prioritéit leeën op déi Investitiounen, déi der wirtschaftlecher Entwécklung vun eisem Land am meeschten nëtzlech sinn. Mir kënnen net alles baue wat mir vläicht wollten. An dofir musse mir do pro Joer och Aspuerunge maachen.

Den zweete Block ass dee vun de Sozialtransferten. Dat ass en Terme dee ganz villes beinhaltet. Dat geet vu Familljenzoulagen iwwer Chômage, iwwer RMG, iwwer Moosnamen am Wunnengsbau, an esou weider. Iwwer all déi Moossname musse mir och kucke fir se no de Critèrë vun der sozialer Gerechtegkeet, der intergenerationeller Solidaritéit, an der Efficacitéit nach eng Kéier ze iwwerkucken. D’Zomm déi mir dofir ausginn ass grouss. Et ass bäi wäitem dee gréissten Deel vun de Statsausgaben, wann ee se no grousse Kategorie kuckt. An dofir musse mir och do zu enger manner grousser Dépense kommen, an och zu engem manner Uwuessen op jäerlecher Basis vun der Dépense kommen.

Eng drëtt Kategorie sinn d’Rémunératiounen beim Stat. Och déi sinn déi lescht Joeren ëmmer erëm duerch eng Rei vu Mechanisme geklommen. Mir musse kucken, datt se net ze schnell uwuessen.

A véiertens, d’Fonctionnementskäschte vum Stat. Do muss all Minister, all Ministère Joer fir Joer an engem intensive Screening, deen een nach ka verbesseren, kucke bei all eenzelner Dépense, wat ee kann net méi ausginn, an awer selbstverständlech kënnen déi Aarbecht, déi de Service publique, wat de Stat ass, muss maachen op eng adäquat Aart a Weis maachen.

Niewent den Dépensë ginn et Recetten. Mä ech soen nach eng Kéier, den Akzent muss op der Reduktioun vun den Dépensë leien. An ech wier och frou, wann d’Chamber an deem Consultatiounsdébat och géing soen, ob si der Meenung ass, datt a jiddwerengem vun deene 4 Bléck soll gespuert ginn, an ob se och eis Meenung deelt, datt den Haaptakzent muss op der Limitatioun, oder der Reduktioun vun den Dépensë leien, oder ob se der Meenung ass, datt méi en Akzent muss geluecht ginn op der Augmentatioun vun de Steieren.

Ech als Finanzminister sinn en Fait der Meenung, datt den Haaptakzent muss op den Dépensë leien, well d’Erfahrung am Ausland weist, datt wann een iwwer eng länger Zäit d’Steieren héicht, datt dat normalerweis direkt erëm an d’Dépensë leeft, an datt een den Ënnerscheed, d’Relatioun tëscht Dépensen a Recetten, déi mir jo versiche méi kleng ze kréien, datt dat meeschtens nëmme kuerzfristeg dozou féiert, längerfristeg awer net.

An och dofir ass d’Noutwennegkeet an eisen Ae méi op der Dépensësäit ze maachen, wéi op der Recettësäit.

Op der Recettësäit kënnt eng aner Contrainte dobäi. Mir musse kucken, datt mir esouwuel bei de Privatpersounen, wéi bei de Betriber eng Steierlandschaft virfannen, déi eis wettbewerbsfäeg par rapport zum Ausland behält.

Mir sinn eng ganz oppen Ekonomie. Vill vun deene Leit déi hei an d’Land schaffe kommen, vill vun deene Betriber déi hei op Lëtzebuerg kommen, déi sinn net onbedéngt mat Lëtzebuerg bestuet a mussen net hei bleiwen. Mir mussen also kucken, datt eis Steierlandschaft e bësse méi attraktiv ass wéi an den Nopeschlänner, fir datt mir d’Délocalisatioun vun Aarbechtsplazen an d’Ausland évitéieren.

A bei de Privatpersoune kënnt dobäi, ech mengen dat ass och kloer, et wier jiddwerengem säi Wonsch och, mengen ech, datt natierlech deen dee schaffe geet och e Maximum wëll netto mat Heem huelen. Jiddweree muss e Bäitrag zur Kollektivitéit leeschten. Et kann een ëmmer driwwer diskutéiere wéi héich dee Bäitrag muss sinn, mä eng Steierlaascht muss fair sinn, muss raisonnabel sinn, an ech mengen, muss novollzéibar fir de Bierger sinn.

An dofir ass eng gewësse Leeschtungsfrëndlechkeet, eng Ënnerstëtzung vun der Aarbecht, och an der Steierpolitik noutwenneg.

D’Fro stellt sech och an deem Kontext, ob et méi richteg ass, ob een eppes bei der indirekter Besteierung mécht, oder op der direkter Steiersäit, wann een hei un déi eng oder déi aner Steierschrauf muss dréine goen, oder bei deenen zwou. D’Regierung huet sech an dësem Moment dorop nach net definitiv festgeluecht, well mir mengen, datt mir elo emol fir d’éischt musse kucken, wéi vill mir kënnen un deem Defizit reduzéieren iwwer eng Rei Ännerungen op der Dépensësäit. Mä et ass evident, datt am Endeffekt och eng Rei Steiere mussen am indirekten an am direkte Steierberäich ugepasst ginn.

Deen Exercice dee mir virun eis hu fir déi nächst 3 Joeren ass keen einfachen Exercice. Keen einfache fir d’Regierung, keen einfache fir d’Chamber a keen einfache fir d’Leit dobaussen.

Wësst Dir, och fir e Finanzminister wier et vill méi einfach de Leit kënnen ze soen, dir kritt méi bei de Sozialtransferten, mir baue méi, a mir kënnen eng ganz Rei vu Fonctionnementskäschten an der Zukunft och weider an d’Lut lafe loossen. Dat ass méi einfach fir jiddwereen. Et mécht een och sécherlech méi beléift, well de Contraire soen ass mënschlech schwiereg, ass an der Saach net evident, an et weess een, datt villes vun deem un dat mir eis gewinnt hu muss geännert ginn.

Dat betrëfft awer am Fong nëmmen dat Kuerzfristegt.

Wann een awer laangfristeg wëll, datt an dësem Land mir e System kënne bäibehalen, wou mir gesond Staatsfinanzen hunn déi d’Grondlag si vun der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung; wa mir wëllen, datt mëttelfristeg Lëtzebuerg e Land bleift wou mir kënnen eis Sozialausgabe finanzéieren, ouni mussen dofir Sue léinen ze goen; wa mir kënnen Investitiounen tätegen, ouni mussen déi nächst Generatioun durablement ze belaaschten duerch héich Steieren, well se musse Schold zréckbezuelen, da mengen ech, gëtt deen Exercice dee mir musse maachen, vläicht e bësse méi einfach.

En Fait ass d’Situatioun eescht. Mir haten ni virdrun, während esou vill Joeren, beim Stat en Defizit vun där do Héicht.

Ech maachen dofir en Appel u jiddwereen deen dës Debatt suivéiert, haut an an deenen nächste Wochen – an déi Debatt geet déi nächst 2 Joer weider, et sief dann et géif en enorme Boom an der Ekonomie kommen, deen een awer an der Weltwirtschaft, an der europäescher Wirtschaft fir de Moment net gesäit – da mengen ech, musse mir eis alleguer an engem solidareschen Effort zesummendoen, an da mengen ech och, datt mir et packen.

Domat fält Lëtzebuerg net zesummen. Mä wa mir näischt maachen, da riskéieren déi nächst 10 Joer fir eist Land ganz schwiereg ze ginn.

Mir sinn haut an der Verantwortung. An dofir musse mir elo mat där neier Dépensëkultur ufänken. Dofir musse mir elo fir de Budget 2013 an 2014 ëmdenken. An engem solidareschen Effort wäerte mir dat och packen.

An dofir begréissen ech, datt mir de Mëtteg hei kënnen an der Chamber eng breet Debatt doriwwer hunn.

An ech kann Iech soen, datt all déi Iddien, déi hei de Mëtteg bruecht ginn, datt déi an d’Aarbechte vun der Regierung, an der Ausaarbechtung vum Stabilitéitsprogramm bis Enn Abrëll wäerten afléissen.

Merci.

Dernière mise à jour