Luc Frieden, Discours à l'occasion de la session extraordinaire de la Chambre des députés sur le projet de loi modifiant la loi relative à l'octroi de la garantie de l'État dans le cadre du FESF

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten.

Dat lescht Gespréich wat ech mam Kolleg Deputéierte Lucien Thiel geofuert hunn, war iwwer dëse Projet de loi. An dofir erlaabt mir him, deen och an dëser Legislaturperiod dee Rapporter war vu Projeten déi ech am Numm vun der Regierung abruecht hunn, deen am heefegste Rapporter vu menge Projets de loi war, och him eng Kéier kollektiv heifir nach eng Kéier Merci ze soen.

Merci natierlech och dem President vun der Finanzkommissioun a Rapporter, deen direkt agesprongen ass fir déi Aufgab z'iwwerhuelen, dee sech awer souwisou mat där Aufgab beschäftegt hätt, de Michel Wolter, well hien, wéi gesot, déi Kommissioun leet, déi dëse Projet schnell am Summer gekuckt huet.

An dofir och Merci dem ganze Parlament an de Membere vun der Finanzkommissioun, déi och iwwer déi Summerméint sech ëm dës Matière bekëmmert hunn. An et schéngt mir och en Zeeche vu Responsabilitéit vun dësem Haus ze sinn, datt, obschonn d'parlamentaresch Rentrée vun der Plenarsitzung ëmmer eréischt am Oktober ass, datt mir esou wéi déi aner Parlamenter an Europa kucken, datt d'Beschlëss vum Conseil européen vum 21. Juli bis Enn September ëmgesat ginn. Well nëmmen dann hu mir all déi Instrumenter en place fir kënnen dat beschtméiglecht ze maachen, fir d'Wirtschafts- a Währungsunioun an dëse schwieregen Zäite virunzebréngen.

Dëst ass kee flott Gesetz. Dëst ass net e Gesetz wat ee mat grousser Freed hei virbréngt, mä et ass e Gesetz wat noutwenneg ass. Et ass e Gesetz wat noutwenneg ass an engem méi breede Kontext, deen hei och de Mëtten, fannen ech, vu bal alle Fraktiounen op eng responsabel an zukunftsorientéiert Aart a Weis beliicht ginn ass.

Et geet schlussendlech hei ëm eng Wirtschafts- a Währungsunioun, déi mir alleguerte wollten, déi mir wollten, well mir e Bannemaart hunn an déi – an dat ass och de Mëtten hei vu verschiddene Riedner rappeléiert ginn – eisem Land enorm vill bruecht huet. Et huet eisem Land vill bruecht an der Stolindustrie, där hiren 100. Anniversaire zu Lëtzebuerg mir haut gefeiert hunn. Et huet eisem Land vill bruecht bei der Finanzplaz, déi wéi keng aner vun internationalen, also grenziwwerschreidenden Aktivitéite lieft.

An et ass do, als fundamentaalt Element vun engem Bannemaart, wou mir der Meenung waren, iwwer déi lescht Joeren, datt mir och eng gemeinsam Währung bräichten. An och déi gemeinsam Währung, mat alle Suergen déi mir an dësen Deeg doriwwer hunn, huet eis iwwer déi lescht 12 Joer – 10 Joer wou et se a Form vu Schäiner gëtt, 1999, wou se formell agefouert ginn ass – enorm Avantagë bruecht.

D'Devaluatiounen, déi enger Ekonomie ëmmer konkurrenziell Avantagen kënne schafen, ginn et net méi. Et gi keng Transaktiounskäschte méi. Et gi keng Ënnerscheeder méi vu Wiesselcoursen, déi vun haut op muer d'Präisser vu Produkter kënne fundamental änneren. An och d'Inflatioun war déi lescht 10 Joer an Europa, an der Eurozon historesch niddereg, wat en Avantage ass vun deem mir alleguerten, a virun allem déi Leit mat klenge Revenuen, enorm profitéiert hunn, well si net déi Suen déi si ugespuert hu vun der Inflatioun opgeknabbert kritt hunn.

Mä et ass richteg, datt net alles geklappt huet. An dat huet engersäits domat ze doen, datt mir eng Währungsunioun gemaach hunn, mä keng politesch Unioun a keng Wirtschaftsunioun, op d’mannst net mat all hiren Attributer, wéi dat an engem Land mat enger Währung mat sengen Instrumenter um politeschen a wirtschaftleche Plang soss besteet.

An dat Zweet dat ass, datt mir eis an enger Währungsunioun Regele ginn hunn, déi iwwer Joere vun enger ganzer Rei vu Membere vun där Währungsunioun net respektéiert gi sinn.

An et ass och net richteg ze soen, datt nëmmen duerch d'Agrëffer vun de Staaten an der Finanz- a Wirtschaftskris, 2008 bis 2010, d'Defiziter an d'Defizitgrenzen an d'Scholdegrenzen iwwerschratt gi sinn. Neen, eng ganz Rei Länner hunn och scho virun 2008 sech net un d'Critèrë vun der Wirtschafts- a Währungsunioun gehalen. Mä duerch déi noutwenneg Agrëffer bei der Rettung vun de Finanzinstituter, virun allem hire Clienten, a bei de Konjunkturprogrammer ass natierlech dee Scholdestand méi héich ginn. A wa mir haut an der Eurozon e Scholdestand hu vun eppes 88% vum Bruttoinlandprodukt, ass dat evident, datt dat enorm vill laangfristeg Problemer opwäerft, well en Defizit kann ee reduzéieren, wann en 1-2 Mol stattfënnt. Eng Schold déi op esou engem héijen Niveau ass, kann een nëmmen iwwer Joeren ofbauen, an et verlaangt, datt een zugläich Strukturreforme mécht, fir datt d'Wirtschaft an deene Länner ka wuessen.

An där Situatioun wou mir si gëtt et keng einfach an evident Léisung. An ech soen Iech, soss wär si och scho laang do. Et gëtt net eng Léisung wou ee seet, mir maachen dat do an dann ass et dat. An dofir fannen och déi sëlleche Sitzunge vun de Stats- a Regierungschefen engersäits, vun de Finanzministeren anerersäits statt.

An do ginn et och logescherweis Contradictiounen. Well déi eng an déi aner, géing ech bal soen, Recht hunn. Jo, mir mussen den Defizit an d'Schold reduzéieren. Wa mir dat awer ze schnell oder an alle Länner d’nämmlecht maachen, kann dat och dozou féieren, datt mir deen noutwennege konjunkturellen Opschwong och bremsen. En Equiliber do ze fannen ass schwiereg.

Mä deene Länner ze soen, déi elo schonn eng ganz héich Schold a ganz héijen Defizit, Dir braucht net ze spueren, Dir musst Suen ausgi fir Är Ekonomie unzekuerbelen, deene muss een dann awer och soe wou si déi Sue sollen hierhuelen. Déi Sue sinn net do, also musse se vun iergendwou kommen. An dofir menge mir, datt mir mussen an deene Länner déi fundamental Feeler an hirer Wirtschafts- a Finanzpolitik déi lescht Joere gemaach hunn, datt déi musse wuel temporaire gehollef kréien, mä zugläich awer iwwer déi nächst puer Joer substantiell Reduktioune vun hirer Schold a vun hirem Defizit musse maachen. Maache si dat net, da musse mir alleguerte laang nach dofir bezuelen, ouni de fundamentale Problem vun deene Länner geléist ze hunn. Et kann een net iwwer laang Joeren ewech méi Suen ausgi wéi een der erakritt.

De Wee dohinner ass schwiereg. An ech hu gesot, et gëtt keng einfach Léisung. An et gëtt och net nëmmen eng Léisung déi reng finanztechnesch ass, ouni wëllen ofzestreiden, datt mir iwwer eng ganz Rei konnex Sujeten och mussen diskutéieren.

Mä d'Aféierung vun enger Finanztransaktiounssteier oder eng Limitatioun vu verschiddene Finanzprodukter – iwweregens ass an deem Beräich an deene leschte Joere ganz vill geschitt, ouni datt dat grouss Medientattentioun kritt huet, d'Finanzmaartreguléierung ass e gutt Stéck weiderkomm, och op Grond vun der Aarbecht déi d'Europäesch Kommissioun an de Conseil vun de Finanzministere gemaach hunn – léisen net déi fundamental Noutwennegkeet fir elo ze kucken an deene Länner wou de Problem am gréissten ass, wéi mir kënnen agräifen a wéi mir kënnen e Message vu Vertrauen un d'Marchéen, un d'Investisseuren – wat ganz oft normal Bierger och sinn, déi Staate Sue geléint hunn, a ganz vill Bierger, och an dësem Land, hu Staatsobligatioune kaaft – wéi mir kënne kucken, datt déi am Vertraue kënnen investéieren, an déi déi investéiert hunn, datt déi hir Suen zréckbezuelt kréien.

An deem Kontext ass engersäits dee Rettungsschierm ze gesinn, iwwer dee mir de Mëtten hei diskutéieren, wou mir d'Léin-Capacitéit vun deem Instrument vergréisseren, esou wéi de Rapporter Michel Wolter dat virdrun exposéiert huet an anerersäits d'Hëllefen u Griicheland.

Ech wëll hei nach eng Kéier rappeléieren, och dem ADR, deen zum Schluss gesot huet “Mir gi Griicheland keng Suen, dofir stëmme mir géint dëst Gesetz", in etwa dat hei ass näischt wat direkt mat Griicheland ze doen huet.

Mir stëmmen hei en fait en Instrument wat d'Chamber schonn eng Kéier approuvéiert huet, wat mir méi Kraaft ginn, fir och ze weisen, datt d'Politik méi staark ass wéi d'Finanzmäert, an datt, wann eppes geschitt, mir eng Zort europäesche Währungsfong hunn, deen d'Suen huet fir kënnen ze léinen, ënner strikte Konditiounen.

Fir datt e ka mat där voller Kraaft déi 440 Milliarde léinen, datt en zugläich och de Statut vun engem Triple-A huet, dat heescht, datt e kreditwierdeg ass, datt en zu engem nidderegen Taux geléint kritt, dofir musse mir déi Garantien déi mir ginn erhéijen.

An dofir wëll ech hei och nach eppes dobäifüge wat an der Debatt net de Mëtteg gesot ginn ass. Lëtzebuerg gëtt hei eng Garantie vun 2 Milliarden Euro. Dat ass eng Garantie, déi fir de Moment absolut net vun deem Fong, vun där Gesellschaft gebraucht gëtt. Déi Gesellschaft huet fir de Moment eréischt 48 Milliarden Euro versprach un Irland an u Portugal. D'lëtzebuerger Garantie, déi sech beleeft op eppes 0,25% vum Deel dee mir am Kapital vun der Europäescher Zentralbank hunn, beleeft sech also an deem do Kontext fir de Moment op theoretesch 125 Milliounen Euro. A vu datt vun deenen 48 Milliarde fir Irland a Portugal der eréischt 9 ausbezuelt gi sinn, ass eisen Deel un der Garantie fir de Moment 25 Milliounen Euro.

Och déi Garantie ass nach net gezu ginn. Déi Garantie hu mir ginn. Dofir, wann d'Fro zu Recht de Mëtten opgeworf ginn ass, wat hu mir dann hei ze bezuelen? Fir de Moment hu mir fir den EFSF nach näischt bezuelt. Eis reell Garantie, déi fir de Moment engagéiert ass, ass 125 Milliounen. Dovunner, wéi gesot, op den ausbezueltene Sue 25 Millioune Garantie. Mä de Gesamtvolumen, theoretesch, bis wou den EFSF ka goen, gëtt op Grond vun deenen Arrangementer déi haut hei zum Vote stinn op 2 Milliarde fixéiert.

An deem Kontext och eng Präzisioun betreffend Griicheland, well déi Fro och heiansdo gestallt gëtt. Bei Griicheland, well mir deemools nach net déi Struktur vun EFSF hei haten, hu mir gesot, do maachen all d'Länner bilateral Prêten. Bei de bilaterale Prêten am Kontext vun der Gesamtenveloppe vum griicheschen Hëllefspak, dee sech op 80 Milliarden Euro an Europa an 30 Milliarden IWF beleeft, ass de Lëtzebuerger Deel 206 Milliounen Euro. Vun deem Prêt hu mir bis elo 124 Milliounen Euro ausbezuelt an déi nächst Tranche ass fir den Oktober virgesinn. An et ass un enger Décisioun vun de Finanzministeren, op Grond vun engem Rapport deen d'Europäesch Zentralbank, den IWF an d'Kommissioun maachen, fir ze kucken ob d’Conditiounen erfëllt sinn, ob déi nächst Tranche bezuelt gëtt oder net.

Kee kann haut soen ob d'Griichen et packen. Mä ech soen, wa mir net probéieren ze hëllefen, datt si et packen, an dat ass firwat mir et maachen, ass de Risiko vum Chaos a vun der Ustiechung op aner Länner vill méi grouss.

An dofir, déi déi hei behaapten ech hätt gesot "Déi Sue gi mir, mir kréie se bezuelt a mir kréie se erëm"; esou en naiven Discours hunn ech ni gefouert. Mir soen, Jo, et si Problemer do, mir hänken all enorm zesummen an deem Europa, zu Recht well mir jo och dovu profitéieren, datt mir e grousse Bannemaart hunn, also musse mir och an dësem Moment Solidaritéit weisen, gebonnen u Conditiounen, an dann alles maache fir datt et geet. Wa mir direkt soen, et fonctionnéiert net, da brécht oder riskéiert esou vill zesummenzebriechen, an dofir wär dat keng responsabel Haltung. Dee gréisste Risiko, wann an engem Land eppes Substantielles geschitt, ass dee vun der Contagioun, vun der Ustiechung op aner Länner, an domat op Problemer déi ganz schwiereg an de Grëff ze kréie sinn.

Mir kënnen net all Problemer mateneen hei léisen. Mä de griichesche Problem musse mir bilateral, an zum Deel iwwer EFSF léisen. Duerno musse mir kucken deem EFSF, an no 2013 dem europäesche Stabilitéitsmechanissem, mat deem mir an d'Chamber och an den nächste Wochen a Méint kommen; dee permanenten Europäesche Währungsfong muss d'Instrumenter hu fir heiansdo Sue kënnen ze léinen.

Natierlech musse mir och weider un der Ëmsetzung vun de Beschlëss vum 21. Juli vun de Staats- a Regierungschefe schaffen. An dat maache mir. Wéi zum Beispill d'Participatioun vum Privatsecteur, d'Participatioun vun de Banken. Do hunn eng ganz Rei Sitzungen och ënner der Autoritéit vun dem Eurogruppechef, dem lëtzebuerger Statsminister, dem Här Juncker stattfonnt. Dat geet ganz gutt virun, an déi wäerte sech dorunner bedeelegen, grad esou wéi déi Diskussioune weiderginn iwwer méiglech Garantie-Arrangementer.

Mä dozou och just e Wuert. Et gëtt absolut keng Divergence de vue tëscht dem Eurogruppechef a mir iwwer méiglech Garantien un Drëttstaten. D'Conclusioune vum Conseil européen soen, do wou et appropriéiert ass kënne Garantiemechanismen agefouert ginn. Déi Diskussiounen déi an der Press duergestallt gi si wéi wa just Finnland do kéint Garantië kréien, droen net der Realitéit Rechnung.

Déi meescht Länner, wann net alleguerten, waren dogéint, datt ee Land géing eng Sonderbehandlung kréien. Mä wann am Kader vu verschiddenen Arrangementer, techneschen Arrangementer, ee Land wéi Finnland esou eppes kritt, da muss dat och aneren ugebuede ginn. Wéi dat genee ausgesäit kann ech haut nach net soen, well mir muer, respektiv den Owend a Polen fueren, de Statsminister an ech, well do ass eng Sitzung vun de Finanzminister vun der Eurozon, wou grad iwwer déi do Problematik diskutéiert gëtt. Et ka ganz gutt sinn, datt Finnland en Element vun Deelgarantie kritt. Dat gëtt dann och deenen aneren ugebueden. Et en contrepartie héchstwahrscheinlech kréie se da keng Rémunératioun oder aner Arrangementer net. Mä déi meescht Finanzministere sinn der Meenung, datt wann Arrangementer kommen, da mussen déi zur Dispositioun vun alle Länner stoen. Finnland huet dat gefrot, dofir stoung Finnland hei an der Fënster, mä et gi keng Sonderbehandlungen, well soss kann dee ganze Mechanissem à la longue net fonctionnéieren.

Mir mussen also dee Rettungsschierm hei hunn. Et ass net d'Léisung zu alle Problemer, et gëtt net eng Léisung, mä ech menge wa mir dat heiten net maachen, da riskéiere mir ganz villes dobäi.

Mir mussen esou Instrumenter wéi där Sociétéit EFSF, wéi dem europäesche Stabilitéitsmechanissem, d'Elementer gi fir kënne schnell anzegräifen. An dofir mussen d'Staten do dohannert stoen. An den Euro ass fir eis a bleift fir eis e wichtegt Instrument. Dofir awer och d'Noutwennegkeet, datt déi Diskussiounen tëscht dem Conseil, der Kommissioun am Europaparlament iwwer d'ekonomesch Gouvernance vun Europa schnell virukommen, datt de Stabilitéitspakt renforcéiert gëtt, virun allem a sengem präventiven Deel, a Lëtzebuerg huet do eng ganz konstruktiv Roll gespillt.

Aus dem Euro eraustrieden, och dat wëll ech nach eng Kéier soen, ass absolut keng Léisung fir e Land wat esou vill Handel mat anere Länner aus der Eurozon mécht. An ech wëll dobäi och soen, esouguer déi déi ausserhalb vun der Eurozon si gesinn haut wéi interdependent mir sinn. An d'Beispill vun der Schwäiz, déi mat engem enorme Problem kämpft fir der iwwerméisseger Stäerkt vum Schwäizer Frang entgéintzewierken, well dat dem Export schuet, beweist, datt och e Land ausserhalb vun der Eurozon mat de Länner vun der Eurozon, ob et dran ass oder net, enorm vill ze doen huet.

Fir eis ass den Euro e Stéck Europa, a vill vun de Problemer déi mir hunn, vill vun den Erausfuerderungen, och deene positiven, déi mir hunn, déi kann een nëmme léise wann een zesumme Saache mécht. Nationalstate si gutt a wichteg, mä si bréngen et net alleng fäerdeg, Problemer an d'Défie vun eiser Gesellschaft ze léisen. Net wann et ëm Krich a Fridde geet; net bei Energie- an Ëmweltfroen; net an der Kriminalitéitsbekämpfung; net an der Immigratioun an och net bei den Handels- a Wirtschaftsfroen. An dofir, mir als klengt Land, wat éiweg en Intérêt hat un Europa, an all deene Sujeten do, an och deenen neien déi dobäi komm sinn, huet en Intérêt do fir d'Zukunft vun deem Europa matzegestalten.

An dofir sinn ech am Fong, bei aller Suerg ëm dat wat an dësen Deeg geschitt – a mir sinn nach laang net aus de Schwieregkeeten eraus, och net wa mir dat Gesetz hei stëmmen – awer frou am Fong iwwer déi responsabel Haltung déi mir de Mëtten hei gesinn hunn an den Interventioune vun de Kollege vun der CSV, der LSAP, der DP a vun deene Gréngen.

Net well si de Mëtten de Projet vun der Regierung ënnerstëtzt hunn. Natierlech och dowéinst, mä well, wann net ëm den Intérêt vun eisem Land a vun Europa geet, datt mir da wësse wou eis Intérête sinn a wéi mir mussen zesummestoen.

An dofir wollt ech am Numm vun der Regierung Merci soen.

Dernière mise à jour