Luc Frieden, Discours à l'occasion de la présentation du projet de budget de l'État pour l'exercice 2011, Chambre des députés

Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,
Dir Dammen an Dir Häre Ministeren,
Dir Dammen an Dir Hären,

Dëse Budget fir d’Joer 2011 deposéiert d’Regierung an engem Moment wou et der Weltwirtschaft besser geet, ma wou weider grouss Onsécherheeten an der Weltwirtschaft bleiwen.

Wann een esou duerch d’Welt kuckt, gesäit een, datt d’Weltwirtschaftswuesstem ongläich duerch d’Welt verdeelt gëtt. Et gesäit een, datt an Asien, virun allem a China an Indien, e ganz staarke Wirtschaftswuesstem ze verzeechnen ass, +8% oder +9%; et gesäit een, datt Südamerika e staarke Wirtschaftswuesstem ze verzeechnen huet, +4%. E bësse manner Wuesstem mierkt een an Amerika, do ginn et ganz vill Incertituden, an trotzdem gëtt et e Wirtschaftswuesstem. Den Internationale Währungsfong geet dovun aus, datt dee Wuesstem tëscht 2% an 2,5% läit.

An all déi Donnéeën, déi ronderëm d’Welt geschéien, hunn natierlech en Afloss op Europa. Mir liewen an enger Weltwirtschaft, enger globaliséierter Welt, a besonnesch och déi Betriber déi mat internationalem Handel, mat internationale Finanzen de doen hunn, deene kann et net egal si wat am Rescht vun der Welt geschitt.

An et ass innerhalb vun där Weltwirtschaft wou sech Europa beweegt a wou mir dëse Budget deposéieren.

Mir stelle fest, an Europa, dat hunn och déi rezent Gespréicher am europäesche Finanzministerconseil bewisen, datt Europa e ganz moderate Wuesstem fir de Moment kennt. Wusstem jo, ma e Wuesstem dee lues ass; e Wuesstem dee mat ganz villen Onsécherheeten, mat enger ganzer Rei vu Risiken nach ëmmer behaftet ass.

An et stellt een och fest, datt et innerhalb vun Europa ënnerschiddlech Positiounen ginn tëscht de Länner. Mir stelle fest, datt Däitschland e ganz staarke Wuesstem huet, besonnesch duerch den Export, datt awer aner Länner, besonnesch déi déi ganz héich Defiziter an der Eurozon hunn, datt déi e manner héije Wuesstem hunn.

Eng aner Constatatioun europawäit ass déi, datt de Chômage net zréckgeet. E grousse Problem fir Europa, dat en héijen Taux vu Chômage vu ronn 10% huet, deen net kuerzfristeg schéngt erofzegoen, och wann en, an dat ass vläicht dat eenzegt Positiivt dobäi, net schéngt weider ze klammen.

Fir d’Eurozon erwaarden d’Finanzminister vun der Europäescher Unioun, an och d’Kommissioun, op Grond vun deenen Donnéeën déi mir d’lescht Woch diskutéiert hunn, fir dëst Joer e Wuesstem vun 1,7% a fir d’nächst Joer vun 1,5%.

Do gesäit een, et ass e Wuesstem, et ass eng Croissance, mä se ass ganz kleng, wann een och bedenkt, datt mir am Joer 2009 e Réckgank, en zolitte Réckgank vum Wirtschaftswuesstem an der Europäescher Unioun, an der Eurozon haten, wat och zu Lëtzebuerg am Joer 2009 tëscht 3,5% a 4% zréckgaangen ass.

Fir Lëtzebuerg, wann een déi rezentsten Donnéeë vum Statec kuckt, erwaarde mir eis fir dëst Joer e Wirtschaftswuesstem tëscht 3% an 3,5%, wou een och erëm déi sektoriell Ënnerscheeder muss kucken. Et ass interessant ze gesinn, wann och mat engem groussen Ausrufungs- a Fragezeichen, datt de Finanzsecteur zum Beispill am 2. Trimester 2010 ëm 2,4% zréckgeet par rapport zum 1. Trimester 2010. Op e ganzt Joer gekuckt, ass allerdéngs och do e Wuesstem am 2. Trimester par rapport zum nämmlechten Trimester 2009 ze verzeechnen.

Wuesstem jo, och fir d’nächst Joer. De Statec geet dovun aus, datt mir d’nächst Joer e Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg vu ronn 3% hunn, an et ass och op där Hypothes wou mir de Budget fir d’Joer 2011 opgebaut hunn.

3% Wuesstem ass méi Wuesstem wéi dat vun eisen Nopeschlänner, mä wéi gesot, et muss een ëmmer bedenken, datt mir an deene leschte Joeren – 2008, 2009 – e réckleefegt Wuesstem haten, an datt mir also nach eppes och ze rattrapéieren hunn, datt een dat also ëmmer net nëmme par rapport zum Joer virdru muss kucken, mä par rapport zu enger gewëssener Period.

Wat d’Inflatioun ubelaangt, esou gi mir am Budget fir d’nächst Joer vun enger Inflatioun vun 1,9% aus, op Grond vun den Donnéeën déi de Statec berechent huet.Croissance also 3%, Inflatioun 1,9%.

De Chômage wäert no deenen neitste Berechnungen d’nächst Joer zu Lëtzebuerg sech ronderëm 6% stabiliséieren. Och do schéngt et ze si wéi an der gesamter Eurozon, datt de Chômage net zréckgeet, mä datt e relativ um nämmlechten Niveau bleift, trotz engem Wuesstem vum Emploi, wou mir dovun ausginn, datt deen d’nächst Joer ëm ronn 1% wäert klammen. Den Emploi wiisst, ass och an dësem Joer gewuess, an trotzdem ass de Chômage net gefall.

Alles dat sinn Donnéeën, mat deene mir eis selbstverständlech och mussen ofgi beim Budget, mä och ronderëm an deenen Diskussiounen, déi mir an dëse Wochen, an dëse Méint an och an dësem Parlament ronderëm de Budget wäerte féieren.

Dee Budget 2011, deen ech virun e puer Minutten hei deposéiert hunn, ass e Budget vum gemeinsamen Effort fir d’Zukunft vun dësem Land ze preparéieren. Et ass e Budget vun der Sortie aus der Kris, an der Sortie aus dem Budgetsdefizit.

D’Zil vun der Regierung bleift, datt mir mëttel- a laangfristeg gäre gesond Staatsfinanzen hätten, mëttel- a laangfristeg gären hätten, datt mir eng niddereg Schold hunn, well mir wëssen, datt héich Schold muss bezuelt gi mat deieren Zënsen, datt héich Schold bedeit, datt een dat och eng Kéier muss zréckbezuelen, wat en fin de compte méi Steiere bedeit zu engem gewëssene Moment, wat schlecht ass fir d’wirtschaftlech Entwécklung vum Land, wat schlecht ass fir d’Leit déi hei am Land schaffen a Steiere bezuelen.

Dofir bleiwe mir op deem Zil, an dëse Budget kënnt deem Zil méi no, dëse Budget ass deen éischte Schrëtt aus där Kris, an aus dem Budgetsdefizit eraus.

Dofir huet dëse Budget am Fong 4 Grondzich.

Éischtens hu mir eng staark Budgetsdisziplin. Seele virdru sinn d’Depensen esou wéineg nëmme geklommen, quasi net. Mir hunn also den Defizit reduzéiert, an d’Depensë klamme bal net. Dat ass déi Budgetsdisziplin déi mir brauche fir zu deem Zil ze komme wat mir eis fir 2014 och ginn hunn.

Zweetens ass et e Budget, deen, trotzdem datt mir et fäerdeg bruecht hunn, datt d’Depensë ganz wéineg nëmme klammen, eng staark sozial- a familljepolitesch Note huet. Ganz vill, e ganz groussen Deel vum Staatsbudget geet an déi do Beräicher.

Et ass drëttens e Budget deen, trotz enger Rei Ännerungen an der Steierlandschaft, eng attraktiv Steierpolitik fir d’lëtzebuerger Betriber, an d’Leit déi hei am Land wunnen, am Verglach mam Ausland, bäibehält.

Et ass véiertens e Budget, dee wéinst dem ganz fragilë wirtschaftlechen Ëmfeld, d’Investitiounen op engem ganz héijen Niveau hält. Mir wëllen d’Handwierk an de Bau ënnerstëtzen an hunn dofir grad bei der Investitiounspolitik nach eng Schëpp bäigeluecht.

Et ass also an deem do wirtschaftleche Kontext a mat deenen do Grondzich, wou mir de Budget fir 2011 preparéiert hunn. An ech géing gär haut, wou mir net an der Budgetsried sinn, mä an enger Mëschung vu Pressekonferenz a Budgetspresentatioun, mat Iech duerch e puer Grondchifferë vun deem Budget goen.

De Budget vum Joer 2011, wann ech deen no den europäesche Critèrë kucken, wou mir also all d’Einnamen an all d’Ausgabe kucken; wann ech also d’gesamt-ëffentlech Finanze vum Staat kucken, schléisst deen of mat engem Defizit vu -1,2%, oder, a Suen ausgedréckt, 520 Milliounen Euro.

Dat ass den Defizit vun de gesamt-ëffentleche Finanzen, mä fir d’Chamber a fir d’Land ass natierlech wichteg, datt een och kuckt, wéi gesäit de Budget vun dem Zentralstaat aus, dat ass de Staat, plus Ausgabe, déi mir iwwer d’Investitiounsfongen an iwwer verschidden ëffentlech Etablissementer tätegen. Do schléisst de Budget of mat engem Defizit vun 3,4%, oder a Suen ausgedréckt, vun 1,4 Milliarden Euro.

Wat gesäit een aus deene Chifferen? Gesamt-ëffentlech Finanzen -1,2%: mir sinn e gutt Stéck ënner deem, wat no den europäesche Critèren noutwenneg ass. 3% ass d’Limite.

Wa mir awer eis laangfristeg Contraintë kucken, hu mir net dat wat am Fong e Land an e Finanzminister sech wënschen. Well duerch déi Erausfuerderungen déi mir hu bei der laangfristeger Finanzéierung vun de Sozialversécherungen, misste mir am Fong iwwer déi Joeren en Iwwerschoss beim Budget hunn. An dat ass och eng vun den Ursaachen, fir wat mir eis mussen erëm zu engem equilibréierte Budget iwwer e puer Joer hi beweegen.

-1,2%, et ass also besser wéi déi Joere virdrun, et ass net esou gutt wéi dat wou mir eng Kéier mussen hikommen.

Beim Zentralstaat, wéi gesot, feelen 1,4 Milliarden. An och do ass et eng Amelioratioun par rapport zum leschte Joer. Wann Dir d’Evolutioun iwwer e puer Joer kuckt, da gesitt Dir, datt mir et fäerdegbruecht hunn, duerch e kollektiven Effort, en Effort vun deenen déi an der Regierung sinn, en Effort vun deenen déi eis am Parlament ënnerstëtzen, a vun deene ganz ville Lëtzebuerger déi mir an deene leschte Wochen a Méint gesot hunn, mir kënnen net durablement méi ausgi wéi mir erakréien; all deenen hiren Effort huet dozou bäigedroen, datt mir d’Rudder erëmgeworf kritt hunn, an datt mir den Defizit reduzéiert kritt hunn.

Vun 2,2,% dëst Joer kréie mir en ëm 1% reduzéiert op 1,2%. An och beim Zentralstaat gëtt e reduzéiert vu 4,1% op 3,4%.

En fait ass deen Effort, deen d’Leit hei am Land op d’Propositioun vun der Regierung matdroen, een dee vill méi staark nach ass. Well en fait, an dat ass e wichtege Punkt, deen an der ëffentlecher Debatt net dierf an deenen nächste Woche vergiess ginn, den Effort fir ze spueren, fir den Defizit ze reduzéieren, ass en Effort dee jo net par rapport zum leschte Joer muss alleng gekuckt ginn. Mä dee muss gekuckt ginn, wat wier geschitt, wa mir näischt geännert hätten; wann d’Depensë weider ugeklomme wieren? Da wier den Defizit am Joer 2011 beim Zentralstaat bei 5% gewiescht a bei den ëffentleche Finanze bei 3%.

Dat heescht, mir komme vun engem Defizit, wann d’Regierung näischt gemaach hätt, vun 3% op en Defizit vun 1,2%. An dat ass d’Resultat vun engem exzeptionellen Effort dee mir gemaach hunn, an dee mir fir richteg fannen, an deen och muss an deenen nächste Joere virugoen. Geet en nämlech net virun, da bleiwe mir an enger Defizitsituatioun aus där mir wëllen erauskommen.

A wann ee kuckt, déi Moossnamen déi mir proposéiert hunn, déi fir de Moment an der Diskussioun am Parlament an an der Ëffentlechkeet sinn, da gesäit een, datt mir och millimetergenee dat Zil erreecht hunn, wat d’Regierung sech fixéiert hat. Mir wëllen den Defizit reduzéieren duerch een Drëttel Steieraugmentatiounen an zwee Drëttel Depensëreduktiounen.

Mir hunn dat Zil erreecht, ronn 480 Milliounen manner Depensë par rapport zu deem wat geschitt wier, wa mir näischt gemaach hätten. A bei de Steieren ronn 230 Milliounen zousätzlech Einnamen duerch Steieren.

Deen Effort, Dir Dammen an Dir Hären, ass noutwenneg fir vum Defizit erofzekommen. Deen Effort bleift noutwenneg.

An ech sinn der Meenung, datt, wann een déi Previsiounë fir de Moment kuckt, quitte datt ech zouginn, datt d’Welt staark a schnell ännert an der Weltwirtschaft, datt dat en Effort ass, dee mir iwwer déi nächst 4 Joer musse weider maachen.

D’Iddi, datt ee kéint mat enger oder zwou Moossnamen de Gesamtproblem vum lëtzebuerger Staat léisen, an engem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld, ass falsch. Et muss een also op eng sozial gerecht, wirtschaftsfrëndlech Aart a Weis d’Zil vu gesonde Staatsfinanzen am Kapp behalen.

Ech weess, datt dat net einfach ass. Ech weess, datt dat Effortë vu jiddwerengem verlaangt. Mä mécht een et net, da veschiebt een nëmmen d’Problemer. D’Problemer awer sinn do, mir hu se, wéi gesot, am Budget 2011 op eng substantiell Aart a Weis an de Grëff kritt, mä deen Effort muss weider goen, fir laangfristeg Schold, fir iresch a griichesch Situatiounen och an der Zukunft an dësem Land z’evitéieren.

Wéi hu mir dat erreecht? Net nëmmen duerch deen Defizitreduzéierungsprogramm – an ech hunn dat Wuert iwwregens léiwer wéi Spuerprogramm, well wann ech spueren, da leeën ech en Deel vun de Sue vu menger Pai op d’Säit fir eppes duerno ze maachen. Hei geet et net drëm en Iwwerschoss op d’Säit ze leeën, hei geet et drëm deen Defizit dee mir hunn ze reduzéieren. An dat maache mir duerch dee Pak, dee mir der Chamber proposéiert hunn, deen dozou bréngt, datt mir en fait eisen Defizit ëm 700 Millioune reduzéiere par rapport zu deem wat geschitt wier, wann d’Regierung näischt proposéiert hätt.

En Effort, wéi gesot, wou mir drop zielen, datt en hei an dësem Haus och gedroe gëtt, an datt mir musse wëssen, datt en an der kuerzfristeger Perspektiv fir esou munch ee schwiereg ass, mä datt en an der laangfristeger Perspektiv vun dësem Land absolut noutwenneg ass, an datt déi, déi an e puer Joer an dësem Land liewen a Verantwortung droen, d’Friichte vun där Reformpolitik wäerten droen.

Mir hunn am Budget vum nächste Joer eng zollitt Brems agehäit bei den Depensen.

D’Depensë beim Zentralstaat, also beim Staat selwer, wuessen d’nächst Joer par rapport zum Budget vum leschte Joer nëmmen ëm 3,6%. Dat ass also manner wéi d’Entwécklung vum Bruttoinlandprodukt an d’Präisentwécklung. Dat géing eng Croissance vun den Depensë vun ongeféier 5% mat sech zéien. Si wuessen also nëmmen ëm 3,6%.

En fait wuesse se vill manner, well wann ech d’Depensë kucken, wéi se dëst Joer sech entwéckelen, an ech kucken dann déi reell Depensë vun dësem Joer, an dann de Budget vun 2011, da stellt ee fest, datt eis Depensen nëmmen ëm 1,9% d’nächst Joer wuessen.

Wann ech dann d’Inflatioun erausrechnen, gesäit een, datt d’Depensen d’nächst Joer nëmmen ëm 1% wuessen. Dat ass en historesch nidderege Prozentsaz vum Wuesse vun den Depensen. Dat ass en Effort, dee mir an der Regierung gemaach hunn a wou all d’Kollegen an der Regierung op eng impressionant Aart a Weis gehollef hunn. An dofir hu mir dat Resultat fäerdegbruecht.

D’Entwécklung vun den Depensë war nach ni esou am Grëff, wéi mir dat bei dësem Budget gemaach hunn, an dësem Budget hu misse maachen, soen ech, fir datt mir den Defizit konnte reduzéieren.

An an deem Kontext war et och besonnesch wichteg, d’Fonctionnementskäschte vum Staat ze reduzéieren. Och do duerch e kollektiven Effort vun alle Ministeren hu mir et fäerdegbruecht d’Fonctionnementskäschten, hors d’Paien, beim Staat ëm 3,7% ze reduzéieren.

Och dat geet natierlech net, ouni datt eng ganz Rei Saachen an de Ministèrë geännert ginn. Déi normal Fonctionnementskäschten, an dat ass nun eemol esou, kënnen d’nächst Joer net an der nämmlechter Croissance wéi déi Joere virdru wuessen, a jiddwereen huet do säi Bäitrag geleescht.

An trotz all deem, an och dat ass eppes, wat beim Budget an deene leschte Wochen a Méint oft vergiess ginn ass: Jo, mir reduzéieren den Defizit, Jo, mir gi manner aus, mä mir ginn nach ganz vill aus, an d’Politik ass do fir eng ganz Rei Aktivitéiten, eng ganz Rei Iwwerleeungen, eng ganz Rei Ziler z’erreechen.

A wann ee kuckt, wat mir am Staatsbudget vun 2011 maachen, da gesäit een, an dat mierke jo och d’Leit am Land, datt och wa kleng Saachen änneren, dann ass dat meeschtens fir eppes Grousses z’erreechen. An dofir gi mir och d’nächst Joer am Budget enorm vill a verschidde Beräicher aus.

Alleng fir Sozialleeschtunge gëtt de Staat d’nächst Joer 36% vun allen Ausgaben aus; 26,8% fir d’Pensiounen, d’Krankekees a Familljenzoulagen. Ronn 10% fir aner Sozialleeschtungen, virun allem de Chômage, deen eng zousätzlech zolitt Depense am Budget vun 2011 ass, well de Fonds pour l’emploi, duerch d’Kris bedéngt, zousätzlech Ausgaben huet.

Mä et gesäit een och, datt d’Investissementer vum Staat d’nächst Joer ganz zolitt sinn. 13% vun allen Ausgabe sinn Investitiounen. Dat hëlleft natierlech op eng exzeptionell grouss Aart a Weis dem Bau, dem Handwierk an dësem Land, wichteg Secteuren déi d’Regierung wëll ënnerstëtzen. 20% vun de Staatsausgabe ginn un d’Remunératiounen.

Dat sinn also déi dräi grouss Bléck, déi mir am Staatsbudget hunn. Sozialausgaben 36%, Investissementer 13% a ronn 20% Remunératiounë vun deene Leit, déi beim Staat, am breede Sënn vum Wuert, schaffen.

Datt d’Investitiounen esou héich sinn, verlaangt hei e Wuert Explikatioun.

Mir hu gesot, datt mir an deenen nächste Joere wëllen d’Depensen am Grëff behalen an den Defizit reduzéieren. Mir hunn am Joer 2009 an 2010 e Konjunkturprogramm lancéiert, dee virun allem bei klenge Bauten substantiell dem lëtzebuerger Handwierk gehollef huet, fir am Fong dat Lach, wat entstanen ass duerch déi méi kleng Nofro aus dem Privatsecteur ze remplacéieren, zäitweileg, duerch d’Nofro aus dem ëffentleche Secteur.

Dee Programm kann net éiweg weidergoen.

Mä zugläich wëlle mir awer, datt d’lëtzebuerger Entreprisen aus dem Bau an aus dem Handwierk ënnerstëtzt ginn, an dofir hu mir, dat wat mir d’Sortie de crise nenne manner brutal gemaach, wéi een dat hätt kënnen, um Moment wou d’Reprise do ass, maachen. Mä mir hu gesot, vu datt d’Reprise fragile ass, gi mir aus deem ganz héijen Niveau vun den Investitiounen eraus, mä mir fuere se eréischt graduell op e méi nidderegen Niveau zréck.

Wa mir alles gemaach hätten, wat am pluriannuellen Investitiounsprogramm, deen ech der Chamber d’lescht Joer presentéiert hunn, gemaach hätten, da géingen d’Investitiounen d’nächst Joer bei ronn 2,1 Milliarden Euro leien. Dat war ze vill, an dat hätt ze vill eng héich extern Finanzéierung verlaangt.

Dofir fuere mir zréck mat de gesamt-Investitiounsausgaben, esouwuel déi wou de Staat direkt baut, wéi déi wou en indirekt baut. De Staat baut indirekt zum Beispill am Beräich vun den Altersheimer, e baut indirekt am Beräich vun de Spideeler, e baut direkt am Beräich vun de Schoulen oder vun de Stroossen. Wann ech also direkt an indirekt Investitiounen zesummenhuelen, hätte mir no dem Investitiounsprogramm dee mir d’lescht Joer hei presentéiert hunn, d’nächst Joer 2,1 Milliarden ausginn.

Mir ginn elo 1,6 Milliarden aus. Mir ginn also 500 Millioune manner aus wéi initialement virgesi war, mä mir ginn nach ëmmer méi aus wéi 2009, a mir gi liicht manner aus wéi 2010. En fait gi mir d’nächst Joer 120 Millioune manner aus wéi dëst Joer, mä mir ginn nach 280 Millioune méi aus wéi 2009. An dat ass déi Sortie de crise, dat intelligent Spueren, wat mir wëllen am Investitiounsberäich maachen.

Eng staark, eng enorm staark Ënnerstëtzung fir d’Entreprisen hei am Land. Kee brauch also ze fäerten, datt e misst Leit ofbauen, well mir an den Investitiounen op en Niveau falen, deen ënner deem wier vun 2009. Mir sinn in etwa um Niveau tëscht 2009 an 2010.

Op deem Diagramm hei gesäit ee ganz gutt wou de Spuereffort läit. Op deem roude Stréch gesäit ee wat geschitt wier, wa mir den Investitiounsprogramm systematesch duerchgefouert hätten. Mir hunn dat net gemaach, mir bleiwen op engem ganz héijen Niveau, an en fait sinn deen héijen Niveau, dee mir op deem bloe Stréch feststellen, wou een och gesäit wéi d’Evolutioun vun Investitiounsausgaben an dësem Land war, da gesäit een, datt mir e puer Saachen erreechen

Éischtens hëllefe mir de Betriber hei am Land ganz vill, virun allem am Bau an am Handwierk. Zweetens maache mir enorm vill fir d’wirtschaftlech Entwécklung vun dësem Land a fir d’Liewensqualitéit an dësem Land. Well natierlech, wie seet Investitiounsbauten, déi gesäit ee jo och iergendwou, ob dat Schinne sinn, ob dat Stroosse sinn, ob dat Schoule sinn, ob dat Spideeler sinn, ob dat Altersheimer sinn. Alles dat wat am Land entstanen ass a wou ee gesäit, am Verglach mam Ausland, datt mir op engem ganz héije qualitativen Niveau sinn, datt mir dat och wëllen an deenen nächste Joeren, trotz Budgetsdefizitreduzéierungsprogramm, op eng raisonnabel Aart a Weis, op eng finanzéierbar Aart a Weis, duerchféieren.

Jo, mir reduzéieren Defizit. Jo, mir hunn d’Depensen am Grëff, méi am Grëff wéi d’wirtschaftlech Entwécklung engem dat am Fong géing erlaben, a mir maache ganz villes. Mir maache villes am Investitiounsberäich, mir maachen och villes an anere Beräicher.

Erlaabt mir just, Iech e puer Chifferen ze ginn, well de Budget besteet schlussendlech aus Milliarde vun Depensen, ronn 12 Milliarden Depensen. Ech well Iech soen zum Beispill, datt mir fir d’Familljepolitik 1,8 Milliarden Euro ausginn. All déi déi mengen, datt duerch déi eng oder aner kleng Ännerung d’Familljepolitik op eemol net méi do wier, dee bieden ech just de Chiffer ze kucke vun 1,8 Milliarden, alleng dovunner sinn 1 Milliard Kannergeld. 1 Milliard déi de Staat gëtt, fir datt et hei am Land de Familljen an de Kanner besser geet wéi op villen anere Plaze ronderëm eis.

D’Garde d’enfants, wat e substantielle Programm vun der Regierung ass, klëmmt dëst Joer op 158 Milliounen Euro. Dat ass eng Augmentatioun vun 30% wat d’Fonctionnements- an Investitiounshëllefe si fir de ganze Beräich vun der Kannerbetreiung ze verbesseren, wou eng Nofro besteet. Et gesäit een also, datt do ganz vill gemaach gëtt.

Dat selwecht gëllt fir de Beräich vun der Sozialversécherung. 2,2 Milliarde ginn an d’Sozialversécherungen, dovunner ronn d’Halschent an d’Pensiounskeesen, dat erkläert jo och zum Deel den Iwwerschoss vun der Sécurité sociale, dee mir jo am Ufank gesinn hunn. Wann een d’gesamt-ëffentlech Finanzen hëllt, muss ee jo kucken esouwuel en Zentralstaat, wéi d’Sozialversécherungen, wéi d’Gemengen. Et muss een also dat Ganzt kucken. An do gesäit een, datt also och do en zolitten Transfert geschitt, deen en fait de Leit hei am Land zegutt kënnt.

Och dat muss ee bedenken, och bei klengen Ännerungen déi d’Regierung proposéiert huet, an déi d’Regierung nach wie vor als noutwenneg ëmfënnt, fir datt mir de Budgetsdefizit reduzéiert kréien.

Nach eng Kéier, ass dat keen Zil aus reng comptabele Grënn, dat ass en Zil aus Grënn fir d’Staatsverschëldung esou kleng wéi méiglech ze halen.

De lëtzebuerger Staat gëtt d’nächst Joer ronn 920 Milliounen aus fir den ëffentlechen Transport, Bus an Tram.

D’nächst Joer wuessen d’Depensë am Ëmweltberäich op 202 Milliounen, dat si ronn 6% méi wéi dëst Joer.

Och d’Depensë fir den Enseignement klammen ëm 5% op 1,2 Milliarden.

Fir d’Justiz a Police, d’Sécherheetspolitik, gëtt d’Regierung d’nächst Joer 300 Milliounen aus.

D’Logementsdepensë klammen, well Logement eng wichteg Politik ass an dësem Land, ëm ronn 3,5% op 115 Milliounen.

D’Entwécklungshëllef bleiwt op deem 1% vum nationale Räichtum, vum Revenu national brut, dee mir eis als politescht Zil gin hunn, dat si ronn 300 Milliounen, 300 Millioune vun den 12,5 Milliarden déi mir am Budget hunn. Mir bleiwen also e Land wat Solidaritéit och no bausse weist, well ville Leit an der Welt geet et leider vill méi schlecht wéi eis hei am Land an dofir bleift dat och eng Politik déi och a schwieregen Zäiten d’Ënnerstëtzung vun der Regierung weider an deem Budget fënnt.

Dir gesitt also, alleng nëmme wann ech e puer Depensen eraus huelen, datt ee Budgetsreduzéierungsefforten ëmmer muss gesinn am Zesummenhang mat all deem wat am Staatsbudget gemaach gëtt. Déi Sue ginn un d’Leit hei am Land. Et sinn déi Sue vun deene mir eist Land weider entwéckelen, mä zum Deel muss een ëmmer erëm bedenken, musse mir dat finanzéiert kréien duerch déi Suen déi mir erakréien, duerch Steieren, mä och duerch déi Suen déi mir musse léine goen an duerch déi Suen déi mir op d’Säit geluecht hunn an deene gudde Joeren, oft am totalen Onverständnis vun deenen, déi d’Budgets- a Finanzpolitik an deene leschte Joere kommentéiert hunn.

Et war déi richteg Politik, an et muss och an der Zukunft erëm déi richteg Politik sinn, datt Iwwerschëss mussen op d’Säit geluecht ginn. Leider sinn am Moment keng do. Wann der erëm kommen – mir mussen Iwwerschëss wëllen erreechen, well ouni déi Finanzpolitik vun deene leschten 20 Joer kéinte mir och an dësem Moment déi sozial- an déi Investitiounspolitik net tätegen.

D’Steiere klammen am Budget vum nächste Joer. Si klammen zollitt par rapport zum Budget 2010, ma si klammen net esou vill, wéi datt mir domat kéinten de ganzen Defizit vun engem Joer kompenséieren.

Wann ech kucken, par rapport zu de Steiereinnamen, wéi mir se fir dëst Joer erwaarden, gi mir dovun aus, datt mir d’Kollektivitéitssteier – dat ass d’Steier déi zu Lëtzebuerg vun de Betriber bezuelt gëtt, an dovun zum gréissten Deel vum Finanzsecteur – in etwa stabel wäert bleiwe par rapport zu den Einname vun 2010. Mir setze se ëm ronn 2% manner héich an, wéi dat wat mir dëst Joer erwaarden. Mä dat ass awer vill méi héich wéi dat wat am Budget vum leschte Joer stoung. A Chifferen ausgedréckt: Am Budget vum leschte Joer stoungen 1,2 Milliarde fir d’Kierperschaftssteier, mir setzen am Budget fir 2011 1 Milliard 450 Milliounen an. Dat wäert och ongeféier dee Montant sinn deen dëst Joer wäert era kommen.

Ech soe bewosst, datt do de Gros aus dem Finanzsecteur kënnt, well dat e Secteur ass deen natierlech vun internationalen Entwécklungen ofhänkt, an dofir ass den Effet vun der Kris schwiereg anzeschätzen. Mä mir gesinn op Grand vun de Solden an den Avancen déi zu där Steier féieren, datt do eng relativ Stabilitéit dran ass. Mä ech erënneren awer och drun, datt mir a fréiere Joeren, grad bei där do Steier, eng staark Progressioun haten. Mir sinn also frou, datt déi Steier net erof geet, mä déi Steier klëmmt och net méi wéi dat an de pre-Krisejoeren de Fall war.

D’Gehältersteier hu mir ëm 6% méi héich agesat par rapport zu den Erwaardunge vun dësem Joer. D’Gehältersteier, menge mir, kéint sech d’nächst Joer op ongeféier 2,4 Milliarden Euro belafen. Agerechent ass do d’Croissance vum Emploi, d’Croissance vun der Masse salariale an d’Ännerung vu verschiddene Steieren déi mir am Steierpak fir de Budgetsdefizitreduzéierungsprogramm der Chamber virgeluecht hunn, déi awer zu Buch schléit mat enger relativ klenger Somme par rapport zum Gesamtmontant, well och do eis Suerg ëmmer war a bleift, datt d’Steiere fir d’Betriber a fir d’Leit zu Lëtzebuerg ëmmer solle besser sinn, dat heescht, méi niddereg si wéi an den Nopeschlänner, mat deene mir an enger wirtschaftlecher Konkurrenz stinn.

Dat hu mir och erreecht. A kengem vun de Länner ronderëm sinn d’Steieren op engem méi nidderegen Niveau wéi zu Lëtzebuerg.

D’TVA – och eng Steier déi a Krisenzäite schwiereg anzeschätzen ass, well se staarken Fluctuatiounen ausgesat ass – do gi mir trotzdem dovun aus, duerch dat Wuesstem vun 3% wat de Statec eis fir d’nächst Joer viraus seet, datt déi Steier d’nächst Joer och wäert klammen. Mir hunn also fir d’nächst Joer 2,1 Milliarden Netto-TVA virgesinn. Mir erwaarden eis fir dëst Joer ronn 1,9 Milliarden Einname bei der TVA.

Do ass een Deel national Consommatioun, ma och een Deel, natierlech, internationalen Handel, ech denke besonnesch och un de Commerce électronique, deen net vum lëtzebuerger Handel ausgeet. Am Zesummespill dovu menge mir, datt een déi Steier ka méi héich asetzen.

Schwiereg bleift och d’Aschätzung vun der Taxe d’abonnement, dat ass déi Taxe déi d’Investmentfonge bezuelen, déi mam Boursëgeschäft an de Schwankunge vun deem selwechten zesummen hänkt. Déi Steier setze mir op 630 Milliounen am Budget vum nächste Joer fest. D’lescht Joer stounge 550 Milliounen am Budget.

Dir gesitt also, aus deene 4 Steierkategorien déi ech Iech gesot hunn, datt mir all d’Steiere méi héich asetze wéi am Budget vum leschte Joer, datt mir also op eng virsiichteg, ma awer optimistesch Note d’Recetten am Budget vum nächste Joer asetzen. Vläicht méi optimistesch wéi mir dat beim Budget vum leschte Joer gemaach hunn, mat all deene Fragezeichen, déi selbstverständlech an dëser schwiereger Zäit bei der wirtschaftlecher Entwécklung vun eisem Land a vum Welthandel ze gesinn sinn.

Déi Steiereinnamen, déi also am klassesche Staatsbudget ëm ronn 13% méi héich si wéi am Budget vum leschte Joer, ginn net duer fir de Gesamtdefizit op Null ze bréngen.

Dofir muss de Staat och am nächste Joer op aner Mëttele wéi d’Steiereinname vum nämmlechte Joer zréckgräifen. Engersäits sinn dat d’Reserven déi mir gemaach hunn, dat heescht d’Fongen, wou verschiddener nach Avoiren hunn. Déi Avoirë gebrauche mir fir d’Investitiounen ze finanzéieren. D’Reservë vum Staat, déi net alleguerte liquide sinn, hu mir nach an enger Rei vu Fongen. Dat wäerte mir gesi wa mir an der Finanzkommissioun vun der Chamber duerch déi eenzel Fonge ginn. De Staat huet nach ongeféier 1,5 Milliarden Avoiren an deenen eenzelne Fongen, déi awer affektéiert sinn un eng Rei Bauprojeten déi ënnerwee sinn.

Mir mussen donieft och weider Sue léine goen.

D’gesamt-ëffentlech Schold ass fir de Moment bei 7,6 Milliarden Euro. Dat ass d’Schold vum Staat, dat ass d’Schold vun de Gemengen an dat ass déi extra Schold déi mir opgeholl hate fir an d’Kapital vun enger systemescher Bank während der Kris eran ze klammen.

Déi 7,6 Milliarden, dat si ronn 19% vum Bruttoinlandprodukt. Vun deene 7,6 Milliarden, soen ech nach eng Kéier, kann een der 2 eraus rechnen, wat déi sinn déi mir gebraucht hu fir an d’Kapital vun enger Bank eran ze klammen, wou mir also en Aktiva an d’Plaz kritt hunn, an et kann een 1 Milliard eraus rechne fir d’Gemengen.

Et sinn also ronn 4,6 Milliarden Euro, wat d’Staatsschold selwer ausmécht, d’Schold also vum Zentralstaat, hors Operatioun vun der Stabilisatioun vun de Banken, an dat si 14,2%. Dat ass gutt am Verglach mam Ausland, dat ass schlecht am Verglach mat der Vergaangenheet vun eisem Land.

Et ass net d’Zil vun der Regierung, d’Staatsschold weider uklammen ze loossen.

Mir hunn eis en Zil ginn, datt mir iwwer déi nächst Joeren op kee Fall iwwer 30% Schold vum Bruttoinlandprodukt wëlle kommen, wat d’Halschent ass vun deem wat an der Europäescher Unioun erlaabt ass, well mir der Meenung sinn, datt an engem klenge Land eng héich Staatsverschëldung ganz schwiereg ass erëm an de Grëff ze kréien; datt eng héich Staatsverschëldung eis enorm vill Budgetsmëttelen ewech hëllt fir politesch Akzenter ze setzen, well héich Staatsschold heescht, datt ee muss Zënse bezuelen, an déi Zënse muss een aus dem Budget bezuelen, an domat kann een net méi Sozialpolitik maachen, domat kann een net méi Schoule bauen, domat kann een net méi ëffentlechen Transport finanzéieren.

Dofir kann et keen Zil vun enger Regierung sinn, an et ass sécher net d’Zil vun dëser Regierung, fir ëffentlech Schold ze maachen. Mir wëllen also deen Effort erof féieren.

Mir hunn dëst Joer Staatsschold opgeholl, 2 Milliarden, wéi Dir wësst. Eist Zil war, pro Joer net méi wéi 1 Milliard léinen ze goen. Mir hu vun där Staatsschold an dësem Joer duerch méi staark Recetten net esou vill gebraucht, wéi mir dat op engem gewëssene Moment gemengt haten. Mä mir haten ni gemengt, dëst Joer déi 2 Milliarden ze gebrauchen. Mir kënnen also e Stéck vun där Schold mat an d’nächst Joer eriwwer huelen. Dat ass gutt, dat ass noutwenneg, well et sinn nach ëmmer kolossal Sommen am Verglach mat der Vergaangenheet.

Mir froen d’Chamber an deem Budgetsgesetz, wat ech elo grad deposéiert hunn, fir eng Autorisatioun ze kréie fir, wann noutwenneg, 500 Milliounen Euro léinen ze goen, dovun 300 Millioune fir de klassesche Budget, 100 Millioune fir de Fonds du rail, an 100 Millioune fir de Fonds des routes, dat eis also géing, wa mir dat bräichten, erlaben d’Staatsschold bei ronn maximal 20% vum Bruttoinlandprodukt ze halen.

Mä eist Zil ass, wéi gesot, esou mann wéi méiglech Schold ze maachen. Mir froen also eng Autorisatioun déi mir och esou spéit wéi méiglech wäerte gebrauchen, fir och d’Zënslaascht méiglechst niddereg ze halen.

De Budget 2011 ass en Dokument wat mir jo haut net ganz kënnen diskutéieren. Et muss ee jo och an den nächste Woche mat den Deputéierten aus der Finanzkommissioun duerch den Detail vun deem Budget goen. Ma ech mengen, et ass wichteg, datt mir am Land iwwer dëse Budget diskutéieren.

Dëse Budget gehéiert net der Regierung, e gehéiert net der Chamber, e gehéiert net de Sozialpartner, e gehéiert de Leit hei am Land. Et sinn de Leit hei am Land, de Betriber hei am Land hir Steieren, déi mir iwwer de Budget u verschidde politesch Ziler affektéieren.

Dofir ass dee Budget vun 2011 am Fong e Budget deen, wann ech dat nach eng Kéier dierf zesummefaassend soen, duerch e puer Saachen opfält.

Éischtens hu mir eng staark Maîtrise vun den Depensen: +1,9%, Inflatioun eraus gerechent +1% par rapport zu deem wat mir fir dëst Joer erwaarden.

Zweetens ass et e Budget wou mir eng staark Reduktioun vun de Konsumausgabe beim Staat fäerdegbruecht hunn: -3,7%.

Et ass e Budget deen dee Wee aschléit dee mir annoncéiert hu fir den Defizit ze reduzéieren. Bei de gesamt-ëffentleche Finanze gi mir vun 2,2% Defizit op 1,2% Defizit erof a beim Zentralstaat vu -4,1% op -3,4%, mä et ass den Defizit vun der gesamt-ëffentlecher Hand, deen och am europäesche Kontext matenee verglach gëtt.

Et ass en Defizit an deem den esou genannte Spuerprogramm vun der Regierung säin Nidderschlag fënnt. Wann en deen net géing fannen, rappeléieren ech nach eng Kéier, hätte mir en Defizit vun 3% bei de gesamt-ëffentleche Finanzen, a 5% beim Zentralstaat.

Do gesäit een d’Noutwennegkeet fir dee Programm ze maachen, fir en duerchzezéien. Mä grad esou gesäit een un de Chifferë virdrun, datt dee Spuerprogramm, et sief dann d’Situation économique géing bombastesch an d’Lut goen, och an den nächste Joere muss eng Suite hu wann een net wëll an de Verschëldungsstaat kommen.

An et ass e Budget deen op eng ganz zollitt Aart a Weis d’Investissementer héich hält – 4% vum Bruttoinlandprodukt gi mir an d’Investitiounen – wat eng zollitt Stäip ass fir d’Betriber hei am Land; wat eng zollitt Stäip ass fir Aarbechtsplazen hei am Land ze schafen an ze halen, grad am Handwierk an am Bau, wat wichteg ass fir d’Entwécklung vun dësem Land.

Ech géing soen, mat dësem Budget hu mir d’Kéier kritt, mä mir sinn nach net am Hafen ukomm. D’Schëff ass op deem Wee wou et muss hifueren, wa mir aus de Welle wëllen eraus kommen, fir op eng roueg Aart a Weis den Anker an e puer Joere kënnen ze geheien.

Et ass e Budget deen eng Äntwert och gëtt op den Ufank vun der Nokris, et ass also eng Sortie de crise, kombinéiert mat enger Sortie aus dem Budgetsdefizit.

An dofir mengen ech, datt déi Solidaritéit an déi Zukunftsprojeten déi am Budget sinn – an déi ni dierfe vergiess gi wann een iwwer Moossname schwätzt déi ee mécht fir den Defizit ze reduzéieren – mat staarken Investitiounen, datt dat dat ass wat dëse Budget charakteriséiert, a fir dee mir wäerten hei an der Chamber an den nächste Méint Erklärunge ginn, fir dee mir och an der Chamber wäerte kämpfen, well mir mengen, datt et e Budget ass deen eis en fait op de Wee vu gesonde Staatsfinanze wäert bréngen.

An ech freeë mech elo schonn op déi Diskussiounen an der Finanzkommissioun vun dësem Parlament, déi mir de Mëtteg wäerten ufänken, an déi och an der Ëffentlechkeet musse gefouert ginn, well et ass e Budget dee villes fir d’Leit mécht, ma deen awer och eng Rei Saachen net méi ka maachen, well d’Zäite geännert hunn.

Merci.

Dernière mise à jour