De Gilles Roth huet déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt

Den 22. Abrëll 2024 huet de Finanzminister Gilles Roth de Membere vun der Finanzkommissioun a vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt.

Um Enn vum éischten Trimester 2024 waren d'Recette vum Zentralstaat am Joresverglach ëm 524,6 Milliounen Euro (+9,4%) geklommen, wärend d'Depensen ëm 203,9 Milliounen Euro (+3,3%) zougeholl hunn.

Dëse positiven Schéier-Effet muss een awer kontextualiséieren, well d'Depensen am Kader vun engem provisoresche Budget tendenziell méi lues evoluéieren. De Budget vun de provisoreschen Zwieleftel ass momentan déi legal Basis fir d'Exekutioun vum Budget bis den definitive Budget fir 2024 a Kraaft trëtt. ​

De Finanzminister Gilles Roth erkläert: "Ech freeë mech iwwer déi allgemeng positiv Entwécklung vun de Recetten, déi eise Previsiounen entsprécht. Lo ass et wichteg d'Exekutioun vum Budget 2024 genau z'iwwerwaache fir ze verhënneren, datt den Defizit nach méi grouss gëtt. Dofir musse mir weiderhin all méiglech Efforte maachen."

Communiqué vum Finanzministère

Aktualiséiert