Yuriko Backes huet d'Finanzlag vum Staat op den 31. Dezember 2022 virgestallt

"Ech wäert geziilte Steiererliichterunge proposéieren, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen"

Den 30. Januar 2023 huet d'Finanzministesch Yuriko Backes bei enger gemeinsamer Sitzung vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetsexekutiounskommissioun vun der Chamber d'Finanzlag vum Staat op den 31. Dezember 2022 virgestallt. Déi finanziell Situatioun, déi Enn Dezember 2022 een Iwwerschoss opweist, sollt net mat der endgülteger Situatioun verwiesselt ginn, déi defizitär wäert sinn, well e puer gréisser Ausgaben nach am Budgetsjoer 2022 wärend der sougenannter komplementarer Period, déi bis den 30. Abrëll 2023 leeft, ausgefouert ginn.

©MFIN Yuriko Backes, Finanzministesch
Yuriko Backes, Finanzministesch

D'Yuriko Backes huet erkläert: "An Ofwaardung vun den Depense vun der komplementarer Period an trotz dem wirtschaftlechen a geopolitesche Géigewand, freeën ech mech iwwer dësen Tëschebilan vum 31. Dezember 2022, deen d'Widderstandsfäegkeet vun den ëffentleche Finanzen hei am Land beleet. Ech wäert geziilte Steiererliichterungen a Form vu Steierkreditter proposéieren, wa sech déi sech ofzeechnend Verbesserung géintiwwer fréieren Aschätzunge bestätegt. Dëst steet am Aklang mat der Verflichtung, déi ech scho bei der Virstellung vum Budget fir 2023 agaange sinn".

D'Recettë vum Zentralstaat leien um 31. Dezember 2022 bei am Ganzen 23,5 Milliarden Euro, wat enger Progressioun ëm 7,4% géintiwwer dem 31. Dezember 2021 entsprécht. Am Detail gekuckt, huet d'Steierverwaltung Recetten an Héicht vun 11,1 Milliarden Euro erhalen, wat 109,4% vum gestëmmte Budget entsprécht an eng Progressioun ëm 834 Milliounen Euro oder +8% am verglach zum 31. Dezember 2021 bedeit. Dës positiv Entwécklung ass besonnesch op d'Steier op Gehälter a Léin (RTS) zeréckzeféieren, deenen hir Recetten ëm 546 Milliounen Euro oder +11% geklomme sinn dank der favorabeler Situatioun um Niveau vum Aarbechtsmarché an den Indextranchen. Gläichzäiteg leien d'Akommesausfäll duerch d'Attributioun vum "Crédit d'impôt énergie" fir Stéit elo bei 267 Milliounen Euro.

D'Recettë vun der Douane (Administration des douanes et accises - ADA) leien um 31. Dezember 2022 bei 1,9 Milliarden Euro, wat 99,5% vum gestëmmte Budget entsprécht. Am Verglach zu 2021 sinn d'Recetten ëm 15 Milliounen Euro (+0,8%) geklommen. Déi direkt an indirekt Auswierkunge vun der Reduktioun vun den Accisen zu Lëtzebuerg an den ugrenzende Länner hunn dozou gefouert, datt de Verkaf vu Sprit e schwéiert Joer hat, allerdéngs mam positiven Effekt, datt de Lëtzebuerger CO2-Foussofdrock reduzéiert gouf. D'Steierrecettë leiden deementspriechend: D'Recetten op den Diesel fir de Stroosseverkéier fale vu 690 Milliounen Euro am Joer 2021 op 572 Milliounen Euro am Joer 2022, wat engem Réckgang vu 17,1% entsprécht.

Déi vum Enregistrement (Administration de l'enregistrement, des domaines et de la TVA - AED) erhuewe Recettë louchen um 31. Dezember 2022 bei am ganze 7,3 Milliarden Euro, wat enger Hausse vun +617 Milliounen Euro oder +9% entsprécht. Déi uewe genannten Entwécklung staamt bal komplett aus der TVA, där hir Recetten ëm 560 Milliounen Euro oder +12% klammen a fir déi déi héich Inflatioun een entscheedende Facteur ass. D'Recettë vun der Abonnementssteier bleiwen opgrond vun der Situatioun um Niveau vun de Finanzmäert däitlech hannert den Erwaardunge vum gestëmmte Budget zeréck. Dat selwecht gëllt fir d'Enregistrementsrechter mat Bléck op den Immobiliëmarché zu Lëtzebuerg.

Wat d'Ausgabe vun der Zentralverwaltung ugeet, sou leien déi um 31. Dezember 2022 bei 22,5 Milliarden Euro, wat enger Progressioun vu 6,9% géintiwwer 2021 entsprécht. D'Hausse vun de Recetten ass an éischter Linn op d'Ëmsetzung vun den Hëllefe fir Stéit an Entreprisen zeréckféieren (Energiedësch; Solidaritéitspak 1 an 2.0), fir déi bis 2022 Ronn 413 Milliounen Euro (inklusiv dem Steierkredit fir Energie) ausbezuelt goufen. Ausserdeem wierken sech d'Indextranchen an déi héich Inflatioun och op d'Ausgaben aus, virun allem op d'lafend Käschten an d'Gehälter, déi vum Staat musse bezuelt ginn. Dës béid Ausgabenkategorië sinn an den éischten 12 Méint vum Budgetsjoer 2022, dat eréischt den 30. Abrëll 2023 op een Enn geet, ëm 9% resp. 9,2% geklommen. Parallel dozou goufen déi ëffentlech Investitiounen op engem héijen Niveau gehalen a leie bei insgesamt 2,54 Milliarden Euro.

D'Recetten an d'Ausgaben zesumme gekuckt erginn op den 31. Dezember 2022 een Iwwerschoss fir den Zentralstaat an Héicht vun +1.010 Milliounen Euro. Wärend d'Recettë fir d'Budgetsjoer 2022 bal komplett encaisséiert goufen, ginn am zousätzlechen Zäitraum potentiell grouss Ausgabe vu bis zu 1,8 Milliarden Euro ausgefouert, wat am Endeffekt dozou féiere géif, datt d'Zentralverwaltung fir dat komplett Budgetsjoer een Defizit opweist.

Opgrond vun de jéngsten Entwécklungen, souwéi den aktualiséierten Informatiounen, déi vun de verschiddene Ministèren an Administratiounen zur Verfügung gestallt goufen, dierft den Endsaldo vun der Zentralverwaltung am Budgetsjoer 2022 tatsächlech een Defizit opweisen, sech awer géintiwwer den am Oktober 2022 virgeluechten Estimatiounen ëm mindestens 500 Milliounen Euro verbesseren. An de nächste Woche wäerten d'Analys an déi strukturell Auswierkungen (d.h. déi méiglech Auswierkunge vun dëser Verbesserung op déi kommend Budgetsjoren) weider ënnersicht ginn, besonnesch am Hibléck op d'Ausschaffe vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm, deen d'Finanzministesch Enn Abrëll presentéiere wäert.

Ofschléissend sief bemierkt, datt d'Staatsschold um 31. Dezember 2022 18,9 Milliarden Euro oder 24,0% vum PIB ausmaache wäert, wat och e bësse méi niddreg ass wéi d'Aschätzung vum PIB vu 24,6%, déi bei der Presentatioun vum Budget fir 2023 zeréckbehale gouf.

D'Yuriko Backes erkläert: "Mat Bléck op déi geopolitesch Aussiichten a virun allem op de fir 2023 erwaarte wirtschaftlechen Abroch trieden ech weiderhi fir eng verantwortungsvoll a wäitsichteg Budgetspolitik an, déi déi mëttelfristeg Viabilitéit vun eisen ëffentleche Finanzen net a Fro stellt. An dësem Sënn wäert ech d'Entwécklung vun den ëffentleche Finanze weiderhi genau suivéieren, fir e Spillraum fir geziilte Steiererliichterungen ze bestëmmen, woubäi déi am Budget 2023 festgeluechten Trajectoire agehale muss ginn. Ech wënsche mir, datt dëse Spillraum voll genotzt gëtt fir d'Kafkraaft vun de Stéit an dëse schwieregen Zäiten ze stäerken an zwar réckwierkend ab Ufank 2023".

Communiqué vum Finanzministère

Aktualiséiert