Deklaratioun vum Premierminister an der Chamber: Bleift doheem!

"Bleift doheem!"

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut an der Chamber eng Deklaratioun iwwer d'Mesurë gemaach géi d'Regierung wéint COVID-19 décidéiert huet. Dono huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert eng Deklaratioun gemaach.

"Mir sinn an enger aussergewéinlecher Situatioun. An der Lutte géint de Coronavirus huet d’Regierung Mesurë missen huelen, wéi se eenzegaarteg sinn an der Geschicht vun eisem Land. Dat Wichtegst - an ech widderhuele mech - ass et, d'Verbreedung vun dem Virus ze bremsen an esou wäit et geet opzehalen. Mir bekämpfen dëse Virus virun allem déi vulnerabel Persounen schützen. Jiddereen vun eis huet elo eng grouss Verantwortung an zwar net just fir sech selwer. " sot de Premierminister wärend senger Interventioun an der Chamber.

Ier hie weider Detailer iwwert déi verschidde Mesurë gouf, huet de Premierminister e ganz kloere Message un déi ganz Bevëlkerung geriicht: "Bleift doheem! Dat ass dee wichtegste Prinzip an eisem Alldag. Et soll ee maximal doheem bleiwen. All direkte soziale Kontakt tëscht de Mënsche muss op en absolute Minimum reduzéiert ginn."

D'Regierung ënnersträicht esou déi absolut Noutwendegkeet fir déi Mesuren, déi geholl goufe fir d'Ausbreede vum Virus COVID-19 an der Bevëlkerung ze bremsen, ze respektéieren.

De Verkéier op den ëffentleche Stroossen ass op folgend Aktivitéite limitéiert:

  • Deplacementer bei Gesondheetsstrukturen, am Noutfall a fir Interventiounen déi net op méi spéit kënne verluecht ginn,
  • Akafe vu Liewensmëttel, Medikamenter a grondleeënde Produiten,
  • Deplacementer op d'Aarbechtsplaz, wann anere Mesurë wéi den Télétravail net méiglech sinn,
  • Hëllef a Fleeg fir eeler a bedierfteg Leit, Persoune mat engem Handicap oder besonnesch vulnerabel Leit,
  • am Fall vun héijer Gewalt oder an Noutfallsituatiounen.

Et kann een awer an d'frësch Loft goen, ënnert der strikter Bedéngung, datt ee sozial Kontakter vermeit, an datt een déi néideg Virsiichtsmoossname respektéiert. Schlussendlech gouf och nach decidéiert, datt all d'Spillplaze bis op Weideres zou bleiwen.

Deklaratioun vum Ausnamezoustand

No enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum ausseruerdentleche Regierungsrot haut de Moien (17.03.2020), hunn de Premierminister an d'Vizepremierministere sech mat der Presidentekonferenz vun der Chamber an dem Bureau vum Staatsrot ausgetosch. No enker Récksprooch mat allen institutionelle Partner, a mam Accord vum Grand-Duc, gouf decidéiert den Ausnamezoustand ze preparéieren, esou wéi en am Artikel 32(4) vun der Constitutioun virgesinn ass.

De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet esou seng Intentioun annoncéiert, den Ausnamezoustand um nationaler Territoire ze deklaréieren. E Projet fir e groussherzoglecht Reglement, dat den Ausnamezoustand deklaréiert an dréngend Mesurë virgesäit, gëtt den 18. Mäerz dem Regierungsrot virgeluecht.

D'Deklaratioun vum Ausnamezoustand ass eng aussergewéinlech Decisioun déi als Zil huet, fir der Regierung d'Méiglechkeet ze ginn dréngend Mesuren ze huelen, déi néideg si fir dës Kris an de Grëff ze kréien. Esou gëtt e kloere reglementareschen a legale Kader geschafen, am Aklang mat der Lëtzebuerger Constitutioun: d'Aktiounsfeld wat duerch deen Artikel ofgedeckt ass, beschränkt sech op Mesuren, déi iwwer déi normal legislativ Prozedur net mat Zäit kënne geholl ginn. D'Chamber kann zu all Moment den Ausnamezoustand suspendéieren oder ophiewen: d'parlamentaresch Kontroll bleift esou komplett erhalen.

Interne Krisestab beim Gesondheetsministère, Maison-médicalen an Teleconsultatiounen

Wärend hirer Deklaratioun an der Chamber sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, datt de Gesondheetsministère op déi nächst Stuf vu senge Preparatiouns- a Planifikatiounsaarbechten iwwergaangen ass, fir esou besser d'Evolutioun vun der Kris an déi néideg Mesuren z'antizipéieren. En interne Krisestab beim Gesondheetsministère gouf opgestallt.

Den Accent läit op dem stännege Recensement vun de Besoine vun de Spideeler wat Personal a Material betrëfft. D'Kapazitéite vun de Spideeler ginn eropgeschrauft. Ausserdeem goufen eng ganz Rei Commandë fir medezineschen Equipement a Schutzmaterial gemaach. Esou wéi déi Commanden erakommen, kann d'Verdeelungsstrategie opgesat ginn. D'Ministesch huet der Bevëlkerung an den Experten aus dem Secteur verséchert: "All déi concernéiert Experten aus dem Gesondheetssecteur kréien adequat Schutzmaterial."

D'Ministesch huet doriwwer eraus annoncéiert, datt vu muer 10 Auer un, dräi Maison-médicale Patiente mat Infektioune vun den Otemweeër kënnen empfänken. Et ass hiert Zil, déi eenzel Fluxen ze verdeelen an den Tri an den Diagnostique vun de Patienten ze verbesseren. Am Moment gëtt och gekuckt, wéi eng Optiounen et an der Regioun Osten gëtt.

Zum Schluss huet d'Paulette Lenert rappeléiert, datt d'medezinesch Teleconsultatioun fäerdeg ageriicht ass. Dat bedeit net, datt d'Cabinete vun den Dokteren elo zou sinn, ma datt se anescht funktionéieren, fir d'Gesondheet vun de Patiente besser ze schützen.

Nei Mesuren déi vum Regierungsrot vum 17. Mäerz decidéiert goufen.

 "D'Regierung léisst keen alleng. Mir maachen alles wat méiglech ass fir den Impakt opzefänken an dës Kris och um wirtschaftleche Plang ze iwwerstoen. Den Impakt vum COVID-19 op eis Mäert ass grouss – ma de Schutz vun der Gesondheet an dem Liewen priméiert iwwert d'Wirtschaftsinteressen", esou de Premierminister an der Chamber.

Esou huet d'Regierung eng Rei Mesuren en Place gesat fir de finanziellen a wirtschaftlechen Impakt op Betriber an Acteure vun eiser Ekonomie ofzefiederen.

Betriber an Indépendanten, déi mat Liquiditéitsproblemer konfrontéiert ginn, kënnen eng Demande maache fir hir trimestriell Avancë fir déi 2 éischt Trimesteren 2020 annuléiert ze kréien. Si kënnen och froe fir en Délai vu véier Méint ze kréie fir d'Bezuele vu Steieren, déi nom 29. Februar 2020 fälleg ginn. Doriwwer eraus bezilt den Enregistrement dës Woch all Solde créditeur ënner 10.000 Euro zeréck. Weider Informatioune iwwer dës Mesurë wäerte vum Finanzministère matgedeelt ginn.

Am Regierungsrot gouf och eng Ännerung beim Gesetz iwwer Beruffskënschtler an zäiteweis optriedend Kënschtler festgehalen. Weider Informatioune goufe vum Kulturministère matgedeelt (op Franséisch).

D'Regierung huet decidéiert fir deenen Entreprisen, déi am Zesummenhang mat der Pandemie vum Coronavirus COVID-19 vu finanzielle Konsequenze betraff sinn, ënnert d'Äerm ze gräifen, andeems de Gesetzesprojet och op Groussbetriber a liberal Beruffer erweidert gëtt. Weider Informatioune goufe vum Wirtschaftsministère matgedeelt.

Den Austausch tëscht dem Minister fir Mëttelstand, dem Grousshandel a Lëtzshop gëtt weider gefouert, fir datt nach virum Enn vun der Woch e Liwwersystem fir vulnerabel Persoune kann opgebaut ginn. Weider Informatioune wäerten dee Moment matgedeelt ginn.

Déi generell wirtschaftlech Aktivitéite wäerten net ënnerbrach ginn, well et essentiell ass, datt eis Versuergungsketten oprechterhale bleift. Et goufe awer decidéiert, datt Chantiere sollen zougemaach ginn. Handwierksbetriber kënne weider schaffen, ënner der Bedéngung, datt se keng Ëffentlechkeet empfänken, an datt se net op Chantiere fueren.

Communiqué vum Staatsministère

 

Aktualiséiert