-
Steiertransparenz
Beim Europäesche Rot am Juni 2000 erreechen d'Memberstaaten de Konsens, dass den Austausch vun Informatiounen tëschent de Steierverwaltungen dat héchst Zil vun der Europäescher Unioun muss sinn. D'Finanzkris vun 2008 stäerkt d'Beweegung fir méi Steiertransparenz. Dësen Dossier stellt d'Efforte vir, déi Lëtzebuerg gemaach huet, fir säin Netz u Steierkonventiounen un den internationale Standard unzepassen.