Luc Frieden au sujet de l'actionnariat de Cargolux

Umoderatioun: No engem Beitrag de Moien hei um 100,7 iwwert den Décisiounsprozess beim Verkaf vu Cargolux Undeeler u Qatar-Airways wëllen d’Deputéiert Kloerheet. Der DP no gëtt et méi Froen ewéi Äntwerten. Gutt informéiert Sourcen soten eis, et wier de Finanzminister gewiescht, dee fir Qatar-Airways tranchéiert huet, net den zoustännegen Infrastrukturminister an och net Cargolux selwer. Déi deemoleg Aktionäre waren, gutt informéierten Sourcen no, Ufank 2011 op der Sich no engem neien Aktionär, wéi se aus dem Finanzministère gewuer goufen, datt de Choix op d’Fluggesellschaft aus dem Golfstaat gefall wier. De Luc Frieden war kuerz virun där Annonce mat enger Delegatioun op Doha gereest. De Finanzminister seet am 100,7 Interview, scho viru senger Rees op Doha wieren et Kontakter tëscht Qatar-Airways a Cargolux ginn. De Luc Frieden:

Luc Frieden: An am Kader vu menger Visite am Qatar, sinn ech vun der Regierung och gefrot ginn ze kucken, ob een deen Deal nach net kënnt concretiséieren. An et ass mir während där Rees gelongen mat dem Premierminister vu Qatar an no Récksprooch mam Lëtzebuerger Staatsminister, mam zoustännegen Transportminister, déi Aktien déi mir kritt haten, vun der failliter Swissair, fir déi un een neie finanzielle Partner ze verkafen, nämlech Qatar-Airways. D'Iddi fir mam Qatar zesummen ze schaffen am Beräich vun der Aviatioun koum vun dem Secteur selwer, vun der Cargolux selwer. Déi koum net vu mir. Mä et ass richteg, datt ech et fäerdeg bruecht hunn, deen Deal op der Plaz ze négociéieren, deen Deal ofzeschléissen, grad esou wéi aner Dealer, wou mir gesot hunn, mir musse mat der Welt, do wou Sue sinn, do wou staarkt Kapital ass, musse mir versichen och déi Deeler an d'lëtzebuerger Économie eranzekréien. Et war also eng méi breet Strategie, déi, ech mengen, och nach ëmmer richteg ass. Mir kënnen eis net nëmmen nach op Nopeschlänner baséieren, wa mir wëllen hei zu Lëtzebuerg wuessen.

Jean-Claude Franck: Mir krute gesot d’Aktionären, de Verwaltungsrot an och de Management wären awer iwwerrascht gewiescht, deemools, wéi Dir hinnen du gesot hätt et géif Qatar-Airways ginn, well si eigentlech nach net mat hiren Iwwerleeunge fäerdeg waren an och aner Kontakter haten, aner Gespréicher, also net elo Négociatiounen, mä Gespréicher mat anere potentielle Kandidaten?

Luc Frieden: Dat weess ech net. Ech sinn net Member vum Verwaltungsrot. Mä d'Fro war, déi Aktien déi de Staat iwwerholl hat, déi en an enger Portageoperatioun hat, fir déi un een aneren ze verkafen. An dat war op Grond vun deene Gespréicher déi am Virfeld stattfonnt hunn, war dat dee Wee deen d'Regierung festgehalen huet.

Jean-Claude Franck: Also och gemeinsam Regierungsdécisioun dann?

Luc Frieden: Et ass selbstverständlech, datt de Finanzminister net einfach eng Gesellschaft verkafe geet, ëmsou méi wou et eng Gesellschaft ass, wou ech net direkt zoustänneg sinn, mä de Finanzminister geréiert d'Participatioune vum Staat an et ass evident, datt während där Verhandlung ech mam Staatsminister a mam Transportminister doriwwer geschwat hunn.

Jean-Claude Franck: An dunn, no Ärer Rees op Doha, dunn hutt Dir dat dann och matgedeelt an och der Gesellschaft, also der Cargolux, datt Dir déi Gespréicher konnt finaliséieren. Dunn eréischt hu si sech dunn ofschléissend och missen du mat Qatar-Airways zesummesetzen oder?

Luc Frieden: Also ech kann Iech dat am Detail net méi esou beschreiwen. Mä et ass selbstverständlech, datt wann eng Regierung eng Décisioun hëlt, datt déi da vun deene wou een Aktionär ass muss ëmgesat ginn.

Jean-Claude Franck: Dunn ass jo am Mäerz, ass dunn den MOU ënnerschriwwe ginn, an dunn am Juni, den Aktionärspakt. Esou datt dat jo dunn eigentlech zimlech séier gaangen ass dann.

Luc Frieden: Jo ech menge wa bis een Accord fonnt gëtt iwwert d'Vente vun Aktien, da mussen duerno déi noutwenneg juristesch Schrëtt ënnerholl ginn. Mä wéi gesot, nach eng Kéier, d'Initiative déi och aus virechte Gespréicher ervirgaangen ass, aus der Cargolux grad esou wéi och mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, deen och Kontakter do opgebaut hat, datt dat alles dozou geféiert huet, datt mir deen Deal fäerdeg bruecht hunn.

Ofmoderatioun: Den Accord mam Qatar fir d'Transaktioun mat der Cargolux wier net liéiert gewiescht mat de Pläng vum Golfstaat fir op der Lëtzebuerger Finanzplaz aktiv ze ginn, seet de Luc Frieden weider. Dat wat hien am Februar 2011 zu Doha ofgemaach hätt wier keng Package-Léisung gewiescht.

D'Acteure vum Findel kommen de Mëtten iwwerdeems hannert zouenen Dieren zesummen, fir iwwert d'Zukunft vum Aviatiounssecteur ze schwätzen. D'Ministere Claude Wiseler an Etienne Schneider empfänken d'Gewerkschaften, esou wéi och Vertrieder vu Cargolux, Luxair a Lux-Airport. Den 13. November ass och eng Manif vun OGBL an LCGB virun der Chamber fir d'Zukunft vun der Cargolux.

Dernière mise à jour